Als Vertrieder vun deenen zwou grousse Volleksparteien ass et selbstverständlech, dass mir d’Wuel vum Vollek als eis iewescht Prioritéit unerkennen. Eist Zil ass et, fir eis Biergerinnen a Bierger, mat deene bescheidene Mëttel, déi mir zu eiser Verfügung hunn, dat meescht ze erreechen. D‘ Situatioun vun eiser Gemeng bedeit, dass mer vu vir eran dëse Programme ënnert de Virbehalt vun eise Finanzéierungsméiglechkeeten stellen, an deemno och vun der wirtschaftlecher an budgetärer Entwécklung vun eisem Land.
Dofir striewen mer un, an der nächster Mandatsperiod folgendes ze erreechen:
Demokratie, Informatioun an Transparenz:
Mir wëllen d’Aarbecht vun eise consultative Gemengekommissioune stäerken. Mir deelen d’Kommissiounen nei op a gi jidder Kommissioun hir kloer Attributiounen. Nieft Gemengerotsmemberen, sollen och Experten an Bierger aus der Gemeng an de Kommissioune matschaffen. Si sollen verstäerkt Iddien an Avisen ausschaffen.
Niewent de Gemengekommissiounen ginn Aarbechstgruppen geschafen, déi u spezifesch Projete gebonnen sinn (z.B. de neie PAG) an dem Schäfferot zur Säit stinn. D’Rapporten vun de Kommissiounen ginn als Kopie un all Gemengerotsmember.
Mir suerge fir méi Transparenz, andeem mir eis Kommunikatiounspolitik ausbauen a verstäerkt Informatiounen iwwert den Internet-Site vun der Gemeng publizéieren. Eist Info-Blat soll nei opgestallt ginn. Sms2citizen soll hëllefen, eis Bierger geziilt ze informéieren am Noutfall, z.B. wa bei hinnen ee Waasserproblem oder ee Chantier ass.
Déi intern Aarbecht am Gemengerot gëtt duerch de ‚règlement d’ordre intérieur‘ geregelt, dee mir iwwerschaffe wäerten.
Mënschen an eiser Gemeng:
– Kanner, Maison-Relais & Schoul:
D’ Zesummenaarbecht tëschent Schoul, Maison-Relais an Elteren soll weider verbessert ginn. Regelméisseg soll en oppenen Austausch stattfannen tëschent Gemeng, Schoul, Maison-Relais, Elteren,
Léierpersonal an Elterevereenegung.
Eis Kanner solle sech nees méi bewegen. Mir plangen ee PediBus anzeféieren, do wou et sënnvoll ass. Dës Kanner gi mat Begleetpersounen zou Fouss an d’Schoul. Zousätzlech zum Schoulsport plange mir eng LASEP Sektioun.
Dat neit Gebäi fir den Cycle1 gëtt an 2 Phasen gebaut, fir précoce a Spillschoul. Eng nei Sportshal gëtt virun allem gebaut fir de Schoulsport, mä och fir de Fräizäitsport. Och fir kulturell Veranstaltungen ass am aktuelle Plang Plaz virgesinn. Mir iwwerdenken awer nach eng Kéier d’Envergure an d’Finanzéierungsméiglechkeeten fir dat Gebai. Bei der Schoul gëtt eng nei Spillplaz ugeluegt fir déi kleng Kanner.
Eng Vernetzung vun eisen Dierfer mat Vëlos a Spadséierweeër soll och eise Schoulkanner ze gutt kommen.
Mir wëllen eng integrativ Schoulpolitik bedreiwen, an där all Kanner hir Plaz hunn a vun deem néidege qualifizéierte Personal encadréiert ginn.
Eis Schoulgebaier sollen optimal ausgenotzt ginn: Sou kënnen an de schoulfräie Stonnen Klassesäll, Informatiksäll oder en Muséksall och fir Erwuessenebildung, Musekschoul oder Nohëllefstonne genotzt ginn. Dat muss organiséiert ginn, dass de Schouloflaf kee Schued hëlt an d’ Sécherheet vun de Kanner an den Infrastrukture garantéiert sinn.
Mir wëllen, zesummen mam Léierpersonal, ee Kannergemengerot aféieren. Kanner aus dem cycle 4 sollen hir Vertrieder wielen, an da mam Gemengerot diskutéieren an hir Doléancen virbréngen an och verteidegen. Sou solle si den demokratesche Prozess schonns vu kleng un besser kënne léieren an och drun deelhuele kënnen.
D’Schoulinfrastrukturen (Gebaier & Material) musse bestänneg erneiert an um lëschte Stand vun der Technik gehale ginn.
– Jugend:
Mir ënnerstëtzen weiderhin eis Jugendclibb an d’Jugendaarbecht an de Veräiner.
Schüler a Studenten kréien hir Subsiden.
D‘ Gemeng stellt ee Sall zur Verfügung fir Nohëllefstonnen un ze bidden.
Eis Jugendlech ab 12 Joer brauchen op de schoulfräie Nomëtteger en Encadrement mat Aktivitéiten. An Zesummenaarbecht mat eise Jugendclibb an der Jugendkommissioun wëlle mer eis jonk Leit beroden a fir speziell Jugendproblemer sensibiliséieren.
De Nightrider Bus gëtt bäigehalen, an d’Wichtegkeet dovunner gëtt op Jonker ausgeriicht.
Mir plangen fir eis Jugend ee Late-Night Bus anzeféieren, fir si ouni Gefor op verschidde Manifestatiounen ze féieren.
Op regionaler Basis ënnerstëtze mir d’Organisatioun vun enger ‚Journée de recrutement‘, fir eis Jugendlech op den Aarbechstmoart vir ze bereeden.
– 3. Alter:
D’Seniore gi ënnerstëtzt an d’ Rentnerfeier gëtt bäibehalen.
Iwwert sozial Ariichtungen sollen eis eeler Leit d’Méiglechkeet kréien, kleng
Aarbechten ausféieren ze loossen.
Gemeng setzt sech an fir déi eeler Leit an déi wou manner mobil sinn.
Mir bidde wieder Formatiounen & Aktivitéiten un fir eis Senioren.
Mir setzen alles drun fir ee Projet CIPA/betreit Wunnen an eiser Gemeng ze realiséieren, alleng oder mat aneren.
– Integratioun:
Eis Auslännerkommissioun kritt zousätzlech Kompetenzen am Beräich
Integratioun a Jumelage:
Lëtzebuergeschcoursën gi weider gefouert.
Eis Gemengegebaier sollen all mam Rollstull ze erreeche sinn.
Eis Akellerungsprime gëtt iwwerschafft a méi sozial gerecht.
De Jumelage leeft iwwert dës Kommissioun an soll als Zil kréien, méi mat der Bevëlkerung zesummen statt ze fannen.
Mir denken drun, en Integratiounsfest ze organsiéieren, fir sou den Austausch vun de Kulturen an eiser Gemeng virun ze dreiwen.
Eise Wonsch ass et eng a.s.b.l.‚Fréiseng Hëlleft‘ ze grënnen, mat engem ONG Statut. D’Gemeng ënnerstëtzt Donën vun Veräiner oder privat Leit un dës Organisatioun, déi sech als Zil sëtzt, virun allem deene Leit ze hëllefen, déi hei am Land méi schlecht dru sinn, wéi mir selwer.
Mir sti fir eng Maison Médicale, eng Apdikt an eng Post an eiser Gemeng.
– Veräinsliewen:
Eis Veräiner solle valabel Infrastrukturen zur Verfügung hunn, fir hiren Aktivitéiten no ze goen.
Subsidiereglement gëtt iwwerschaftt, fir esou och den Aktivitéiten Rechnung ze droen.
D’Reglement fir d’Benotzen vun den ëffentleche Säll gëtt bäibehalen.
Bei gréissere Veranstaltungen hëlleft den techneschen Déngscht op Ufro beim Transport vu schwéierem Material, z.b. Podiumen & Bühn.
D’Veräiner kënnen op der Gemeng hir Kopie maachen, wa si hiren eegene Pabeier matbréngen.
All Veräin kritt en Uspriechpartner am Schäfferot.
– Patrimoine & Kultur:
Mir sëtzen eis an fir d‘Restauratioun vum Uespelter Schlass
Den Duerfkär soll opgewäert ginn duerch d‘Erhale vun der baulecher Substanz an et soll eng Duerfplaz geschafe ginn.
Mir si fir d’Erhale vum alen Hellenger Waassertuerm.
Mir wëllen d’Kulturangebot an der Gemeng verdéiwen.
Eis Weekräizer gi weider restauréiert an nees opgestallt.
Bauten & Infrastrukturen:
– Bautepolitik:
Eis Bautekommissioun gëtt nees op 6 Memberen erofgesat. Donieft schafe mer eng Aarbechtsgrupp, déi op de Projet ‚Neie PAG‘ ausgeriicht ass. Dëse Projet genéisst eng absolut Prioritéit.
Iwwert den neie PAG wëlle mer, duerch kloer Kritären beim Bauen, eis Politik sou ausriichten, dass de Wuesstem vun der Gemeng kontrolléiert gëtt, dass méi kleng Unitéite gebaut ginn an dass nei Projeten exklusiv no ökologeschen an energieeffizienten Kritären gebaut ginn. Den Duerfcharakter soll an eisen Dierfer erhale bleiwen.
Eventuell Vergréisserungen vum Bebauungsplang wäerte limitéiert sinn. Prioritéit huet d‘Schléissung vun de Baulücken.
Mir schafen e Reglement aus, dass kee privat kann un den ëffentlechen Infrastrukturen schaffen. All Aarbechten un den ëffentlechen Infrastrukturen sollen an Zukunft iwwert eng Ausschreiwung lafen a vun deem Entreprenuer ausgefouert ginn, deen déi Ausschreiwung gewënnt. All privat Uschlëss un déi ëffentlech Infrastrukturen lafen dann iwwert déi Ausschreiwung. D’Gemeng gëtt deemno den Optrag fir d’Aarbechten eraus, kontrolléiet d‘Aarbecht a stellt d‘Rechnung un de Privatmann aus. Dëst soll d’Qualitéit vun der Aarbecht ofsécheren an dem Privatmann ee beschtméigleche Preis fir eng Qualitéitsaarbecht garantéieren.
Eise Wonsch ass et, méi bezuelbare Wunnraum ze schafen, speziell fir eis jonk Leit aus eiser Gemeng.
Mir wäerten am neie PAG derfir suergen, dass Terraine ausgewise ginn fir eng Aktivitéitszone.
– Stroossen:
Mir si fir eng Berouegung vum Verkéier an eisen Duerchgangsstroossen.
Mir sichen no enger Léisung fir och an der Krokelshaffstrooss zu Uespelt Zone30 an ze féieren.
Mir wëllen Radarmoossgeräter am Agang vun eisen Uertschaften.
Mir sëtzen eis derfir dann, dass d’Saarautobunn endlech un dat bestoend Autobunnsnetz ugebonne gëtt.
D’Strooss ‚Op Laangert‘ zu Uespelt gëtt erneiert. Hei gëtt dann och den duale System agefouert an de Gaz gëtt geluecht.
Fir de Buerbierg zu Helleng muss ee Projet ausgeschafft ginn.
– Gasnetz:
Déi Stroossen, wou nach keen Uschloss hunn, gi graduell an eise finanzielle Méiglechkeeten
no, un de Gas ugeschloss.
– Kanalisatioun an Kläranlag:
Eist Kanalisatiounsnetz gëtt punktuell verbessert , do wou et néideg ass.
Zu Fréiseng an der Lëtzebuergerstrooss gëtt ee Rëckstaubecken gebaut. Hei sin awer e puer Problemer opgetaucht, déi et zu éischt ze léise gëllt.
Zu Uespelt beim Kierfecht gëtt ee Rëckstaubëcken gebaut.
Eis Kläranlag as ze kleng. Et leeft e Projet fir eng Vergréisserung. Mir si fir déi Vergréisserung a fir eng méiglechst effektiv Gestioun vun där ganzer Anlag. Hei si mir och bereet d’Virdeeler vun enger regionaler Zesummenaarbecht ze evaluéieren.
– Gemengegebäier a Servicer:
Zu Fréiseng wëlle mer ee Projet ausschaffen fir d’Gemengehaus ze vergréisseren. Souwäit eis Finanzen et erlaben, wier dëse Projet fir eis eng vun de Prioritéiten.
D’ Containerplaz muss vergréissert ginn an d’Leit sollen ee besseren Accès zu de Container kréien. Mir brauche méi flexibel Ëffungszäiten.
De Second-Hand-Container gëtt reaktivéiert.
Den techneschen Déngscht gëtt weiderhin mat modernem Material versuergt.
Zu Uespelt fehlt nach ëmmer en Ënnerstand um Kierfecht.
Verkéier a Mobilitéit
Mir mussen ufänken, eise Parking Résidentiel zu Fréiseng ze kontrolléieren.
Um ‚séchere Schoulwee‘ musse regelméisseg d’‚Camilleën‘ erneiert ginn an d’Zebrasträifen solle beliicht ginn, virun allem mol dee geféierlechen Iwwergang vun der Gëll an de Schoumansbongert iwwert Nationalstrooss.
Mir iwwerleeën eventuell Schülerlotsen anzeféieren.
Vëlosweeër sollen déi dräi Uertschaften vernetzen an un déi regional a national Netzer ubannen.
Am ëffentlechen Transport sti mir fir direkt Trajeten.
Mir wënschen eis een Zebrasträifen vis-à-vis vum Domaine Schoumansbongert.
- 1. Sécherheet
- Mir ënnerstëtzen eis Pompjeeën mat modernem Material.
- Déi gréisser Uschafungen sollen an engem Fënnefjoresplang stoen.
- Mir si fir d’Ofhalen vun 1. Hëllef-Coursen, der Coupe Scolaire a Sécherheetstrainingen fir eis Kanner.
- Mir wënschen een neutralen Sécherheetsdelegéierten fir d’Schoul an déi ëffentlech Gebaier.
- 2. Emwelt & Energiespueren
- Mir si fir Grénge Stroum.
- Mir stellen den éclairage public graduell op LED ëm.
- Mir analyséieren den Energieverbrauch bei Gemengegebaier an ëffentleche
Beliichtungen an schaafen ee Moossnamekatalog aus fir Stroum ze spueren.
- Mir si fir d’Benotzen vun ëffentleche Gebaier fir Fotovoltaik.
- D‘Botzaktioun gëtt bäibehalen. Och Hecken- a Bamplanzaktioune wäerte weiderhin stattfannen.
- D’Gemeng soll no ökologesche Kritären funktionéieren.
- Mir wëllen eng Verschéinerung duerch méi Blummen, ënnerstëtze Projeten, wéi ee Schoulgaart oder –Bongert a wëlle nëmme regional Produkter an eise Schoulkiche gebrauchen.
- Et ass wichteg no Weeër ze sichen, fir eis Fitnessparcoursen (Uespelt: Seitert/Helleng-Fréiseng:Crauthemerbësch) un ee Vëloswee/Spadséierwee unzebannen.
- 3. Finanzen
- D’Finanzen an der Gemeng Fréiseng si schlecht an deem Sënn, dass mer fir all gréisser Projet eng Virfinanzéierung maache mussen, mat alle Risiken wou dat mat sech bréngt. Mir mussen dofir eng Analyse maache vun der reeller Situatioun, dann d’Ausgaben rigoréis kontrolléieren an derfir suergen, dass méi Einnamen kommen.
- Mir mussen eng nohalteg Gestioun maachen an a verschiddene Beräicher käschtendeckend schaffen.
- Eventuell Mehreinnahmen ginn als Reserve ugeluecht.
- Mir mussen bei allen Ausgaben eng Käschten/Notzen- Analyse maachen. Dëst ass eng Aufgab fir eng nächst Finanzkommissioun. Hir Analyse soll an Zukunft bei der Opstellung vum Budget mat afléissen.
- Mir wëllen engem dérapage vun der Finanzsituatioun och duerch ee kontrolléierte Wuesstem vun der Gemeng entgéint wierken. Sou solle mer hoffentlech eis Infrastruktur-Besoinen kënnen besser ausrechnen an och an Grenzen halen.