Méi sozial Hëllef an der Gemeng Fréiseng

An der Sitzung vum 24. November huet dee neie Gemengerot ee Reglement ugeholl fir d’sozial Hëllef ze verbesseren an ze vereinfachen. Dëst Reglement ersetzt déi al Akellerungsprime, déi d‘ Leit bis zu engem Akommes vu ronn 1100€ pro Mount a pro Stot ze gutt haten.

 

 

Mat deem neie Reglement huet jiddereen, dee vum Fonds National de Solidarité gehollef kritt, och eng Ënnerstëtzung vun der Gemeng ze gutt. Ee Stot mat engem Brutto-Akommes vun ronn 1700€ pro Persoun fällt deemno ënnert dës Regelung.

Den ‚S‘ am Numm vun den neie Koalitiounspartner verflicht, an esou muss elo d’Ausgab fir sozial Hëllef wéi se am lëschte Gemengebudget virgesinn war, verfënneffacht ginn.

Ech ass erniichterend ze gesinn, wéi vill Leit aus der Gemeng sou Hëllefe brauchen, fir iwwert d’Ronnen ze kommen. Och dat soll een sech emol duerch de Kapp goe loossen, zemools elo  kuerz virun de Feierdeeg.

Déi nei Prime, déi d’CSV-LSAP Koalitioun elo proposéiert huet, gëtt pro Stot bezuelt a besteet aus enger Prime fixe tëschent 300 an 500 Euro pro Joer, an engem ‚Forfait taxes‘ tëschent 100 an 300 Euro pro Stot pro Joer. De ‚Forfait Taxe‘ ass eng ajoute, wou kann d’office vun der Gemeng agehale ginn, wann keng Gemengentaxen bezuelt gi sinn.

D‘ Reglement ass an der Sitzung vum 24.November eestëmmeg ugeholl ginn, a gëtt deem erno schonns op d’Joer 2011 applizéiert.