Um Bau vum neien Cycle 1 gëtt et wuel Verspéidungen. D‘ Modulplakken kënnen réischt am Januar geliwwert ginn, wann d’Wieder dat erméiglecht. Bei engem ganz kale Januar, sou wéi e jo virausgesot gëtt, zitt dat ganzt sech wuel bis Ënn Abrëll, sou dass d‘Plënneren éischter an der Summervakanz stattfënnt, als ewéi an der Fuesvakanz, wéi dat jo eigentlech geplangt war.