XORRO….

xorroDe XORRO mengt :

  • Et ass awer schéin wann een nogelauschtert kritt: An der neier Schoulorganisatioun steet wéi den Oflaf soll vir sech goen, wann Elteren hir Kanner mam Auto an d’Schoul bréngen an de Kiss&Go gëtt erklärt. Deemno hunn dann elo och déi de Konzept vum Kiss&Go akzeptéiert, wou sech am Ufank dergéint gestäipt hunn. Et ass gutt wann ee bereet ass bäizeléieren. Elo bleift ze hoffen, dass sech un déi nei Regele gehale gëtt!

 

 

  • Ech fannen et gutt, dass d‘Kanner aus dem cycle1 elo begleet ginn fir erop an d’Schoul. Ech hoffen dat huet net nëmme mam Chantier ze dinn, a bleift och dono bestoen. D’Mamme mussen dann net méi selwer mat erop goen, a wëssen trotzdem, dass op hir Kleng opgepasst gëtt.
  • Ech wees net wat op de Spillplaze lass ass, mä do sinn ee ganze Koup Spiller ganz schnell ofgerappt ginn, wou futti a faul waren. Et ass sécherlech besser et ass näischt do, wéi eppes wou d’Kanner sech kënne blesséieren. Ech hoffen awer, dass et elo net 10 Joer dauert, ier nees eppes dohinner stoe kënnt.
  • Et ass gutt, dass d’Strécher um Schoulwee nei gezeechent gi sinn, wou se schlecht waren. Et bleift awer nach ee Stéck vum Schoulwee an d’Rei ze setzen zu Fréiseng. Hoffentlech gëtt dat nett vergiess.
  • Et wier eng gutt Saach, wann de neie Schäfferot mol géing ee Rapport d’activités ofliwweren um Aenn vum Joer. Et wier dach sécher och flott fir all Wielerinnen a Wieler ze wëssen, wat alles esou an engem Joer an der Gemeng geschitt ass.

De XORRO freet:

  • Den neie Schäfferot huet elo zu Fréiseng zousätzlech Stroossen an de Parking Résidentiel eran geholl. Wien kontrolléiert dann elo déi Stroossen? Gëtt  elo ee Pechert agestallt? Wier et net sënnvoll de Parking Résidentiel a ganz Fréiseng anzeféieren?
  • Wéini geschitt eppes mam Jugendchalet am mam Scoutshome? Déi gesi wirklech ruppeg aus an et reent och nach eran. Ech géing mech iwwert och iwwert e Rapport freeën vun den Entretiensaarbechten, déi bis elo gemaach goufen.

De XORRO ass beandrockt:

  • D’Barrière funktionéiert bei der Opfahrt fir bei de Waassertuerm! Säit Joeren installéiert, war se nach ni richteg a Betrib, awer elo huet déi nei Mannschaft anstatt e lauter deier Drücker einfach ee Schlass montéiert, wou jiddereen, deen ee Schlëssel huet fir a säi Gebai oder säi Klasseraum ze goen, och dermatt era kënnt. D’Pompjeeën an d’Buschaufferen hun een Drücker. Et war och ee Kabel defekt an deen ass ausgewiesselt ginn. Bravo!
  • Bei allem Reen a Wuesstem vun Onkraut a Gras, huet d’Gemeng et dach fäerdeg bruecht d’Gréngflächen zimlech  propper ze halen. Zousätzlech dozou hunn si eng ganz Rei vun Entretien’saarbechten gemaach, z.B. an der Maison Relais an och an der Schoul un ze sträichen. An de Vakanzen sinn  an engem Joer  7 Säll nei ugestrach ginn. Dat verdéngt ee grousse BRAVO vu mier!