Ass et 5 vir 12? Dat ass d´Fro, déi CSV Fréiseng hiren Invitéen an enger „Table Ronde“ Ufank Mäerz gestallt hat. A mir waren a sinn houfereg, dat eng ganz Rëtsch Perséinlechkeeten bereet waren, mat eis, awer haaptsächlech mat Iech déi der lauschteren koumt, ze diskutéieren. Dofir geet op dëser Plaatz nach e Mol e grousse Merci un d´Madame Marie Anne Rodesch-Hengesch, Präsidentin vum gemeinsamen Office Social vun de Gemenge Beetebuerg, Réiser an Fréiseng, d’Hären Daniel Schneider an Alex Sulkowski vun der Initiativ „Et ass 5 vir 12“, den Här Carlo Thelen, Chef-Economiste vun der Chambre de Commerce, den Här Deputéierten Gilles Roth an schliisslech un de Präsident vum OGBL, den Här Jean-Claude Reding.
Ass et dann elo 5 vir 12? Mir konnten e puer Äntwerten op déi Fro fannen. Eng Conclusioun op dëser Plaatz ze zéien ass allerdengs net einfach. Et schéngt net ze spéid d´Land prett ze maachen, sech den Defien vun den nächsten 20 Joer ze stellen. Et muss weider diskutéiert ginn, maiset mussen awer och Entscheedunge geholl ginn, Decisioune vun der Politik an Decisioune an den Käpp vun de Leit am Land. Eng Plattform fir ze diskutéieren ass ganz sécher d´Chamber. Eng aner ass 2030.lu (www.2030.lu) ënnert der Mathëllef vun der Chambre de Commerce. Dann hällt och „5 vir 12“ (www.5vir12.lu) net op, den Debat unzeféieren, a speziell mat der kommender Generatioun ze diskutéieren.
A schliisslech, mir kommen ëmmer méi no un d´Wahle vu 2014, gëtt den Debat hoffentlech och vun de Politiker a Kandidate bei den Chamberswahlen an d´Parteisektiounen gedroen. Eis Kolléijen vun der LSAP haten de Wirtschaftsminister Etienne Schneider virun e puer Wochen op Besuch. Natierlech huet den Minister mat iwwert déi zukünfteg Entwécklung vum Land diskutéiert. Den Här Schneider huet an engem spannenden an interessante Virtrag awer virun allem Weeër opgewisen, optimistesch no vir ze kucken a sech als Land senger villen Atouten am Kampf ëm déi auslännesch Investisseure bewosst ze ginn.
Mir haten also a relativ kuerzer Zäit zwou duerchaus interessant Manifestatiounen an der Gemeng, och politesch interessanter. Eis politesch Oppositioun huet sech awer op dësen Diskussiounsowender net blécke gelooss. An och hire „Chefpolitiker“ war net do, ass awer entschëllegt well hien sech jo dëser Deeg intensiv ëm seng net méi grad sou importent Partei këmmere muss. Eise Xorro hu mer och net erbléckst, mais mir sinn awer sécher dat hien sech inkognito ënnert d´Leit gemëscht hat.
A wéi steet et mat eiser Gemeng?
Eng Fro, op déi mer alleguerte keng Äntwert kruten – an zwar well mer se am Kader vun béiden Diskussiounen net gestallt hunn – wor, op et eventuell och schonn 5 fir 12 an eiser Gemeng ass? Et kinnt jo sinn, dat d’Equipe dorop eng positiv Äntwert kennt, an dofir net wollt kommen. Vläit wollte se net an esou een Debat eragezunn ginn. Et muss awer erlaabt sinn, des Fro um Niveau vun der Gemeng opzewerfen an ze diskutéieren.
Eng Gemeng ass a bleift e Betrib am Déngscht vun senge Matbierger. Net alles an der Gemeng ka Verwaltung sinn, villes muss Déngschtleeschtung sinn. Mais fir gudd ze déngen muss de Gemengepapp oder an eisem Fall d´Gemengemamm gudd Viraussetzunge schaafen. An dat gëtt et net fir näischt, dat kascht Geld. Geld wat net do ass a vun deem, wann all déi wou mengen dat et 5 vir 12 an den Staatsfinanzen wier, eventuell an Zukunft nach manner aus der Stad an d´Gemengen fléisst. An d’Fréisenger Gemeng ass praktesch ganz op de Floss aus der Stad a vum Staat ugewisen. Wann do mol d´konjunkturell Leitunge verstoppt sinn, mierken mir dat direkt.
Et ass also sécher net falsch ze behaapten, dat déi nei Majoritéit Enn 2011 eng „5 vir 12 Gemeng‘‘ iwwerholl huet. Et wor zwar Geld op de Konnten, mais dat wor schonns versprach. Versprach fir en iwwerdimensionéierten Sport- a Kulturzentrum, versprach fir e Musée zu Uespelt, versprach fir eng nei Gemeng zu Fréiseng, versprach fir eng Vergréisserung vun der Kläranlag, néideg fir eng gréisser Maison Relais, néideg fir den Ausbau vum eiser Kanalinfrastruktur.
Et ass also vill ze maachen. Just kennen mer net alles upaken, obwuel de Staat gewësse Projeten nach punktuell mat Subsiden ënnerstëtzt. Et ass einfach: d´Mënz feelt fir alles ze maachen! Dofir maach et puer Grënn ginn, vum Oppositiounsviirdenker senger „Schlofgemengepolitik“ an den 90er Joeren bis zu enger ze vill grousser Investitioun an d’Sportshal.
Ee Grond maach awer och an den Käpp vun den Oppositiounspolitiker ze fanne sinn. Nämlech dat lokaalt Denken. Do ass et dann net 5 vir, mais schonn däitlech 5 op 12! Wéi ass et méiglech, dat eis Oppositioun, déi par ailleurs engem Architekt schonn e verstoppten Optrag ginn hat, fir eng Extensioun vun dem Gemengegebai zu Fréiseng ze plangen, net wëllt aus enger Gemeng an engem Musée, eng Gemeng mat Musée maachen?
De leschte Gemengerot huet, ouni d´Stemme vun Equipe & Co., decidéiert, d´Schlass zu Uespelt als méigleche Site vun der Gemengeadministratioun virzegesinn. Dat geschitt och aus finanziellen Iwwerleeungen eraus: mir kënnen eis an der Gemeng kee Musée vun e puer Milliounen Euro leeschten. Vun den nohaltege Käschten vu sou engem Projet scho guer net ze schwätzen. Mir kënnen eis iwwregens an de nächste Joeren och keng nei Gemeng leeschten, weder zu Fréiseng nach zu Uespelt. Mais wéinstens kënne mer elo weider an d´Schlass investéieren, mat dem Wëssen dat mir ee Projet hunn. Wann et 5 vir 12 bleiwt, kënne mer de Projet sécher an der nächster Legislatur ugoen. Wann et sollt 5 op 12 ginn, hu mer aus 2 Investitiounen vun Equipe a Co. just eng gemaach, an domat à terme Geld gespuert, ouni den Veräiner vun Uespelt hiren „Centre sociétaire“ op d´Spill ze setzen. An da bleift vläit souguer nach eppes iwwreg fir dofir ze suergen, dat an eiser Maison Relais d´Kanner sech net mussen op enger Waardelëscht gedëllegen, bis fir sie Plaatz do ass. Well 5 fir 12 ass et net fir eis, mais fir eis Kanner.
Dës Decisioun bedeit also net, dat elo direkt eng nei Gemeng gebaut gëtt, obwuel dat eigentlech batter néideg ass. Wa mer vun eise Mataarbechter eng Déngschtleeschtung fir Bierger fuerderen, dann
musse mer och unerkennen, dat hir Aarbechtskonditiounen net di beschte sinn. Et feelt u villem, mais virun allem un Plaatz. Op déi Plaatz zu Fréiseng oder zu Uespelt geschaafe gëtt, ass der Majoritéit manner wichteg. Obwuel och mir an eisen Réien doriwwer diskutéiert hunn, an duerchaus keng Unanimitéit haten. Gemeng Fréiseng bleift Gemeng Fréiseng, mais d‘Gemeng kënnt awer héckstwahrscheinlech an e puer Joer op Uespelt. Wann et dann am Land net 5 op 12 ass! An d’Entscheedung doriwer fällt och an den Käpp vun den Léit. Bei der Majoritéit ass déi Erkenntnis schon ukomm. A bei der Oppositioun?
Claude AREND



