Duerch Fale léieren d’Kanner goen seet ee Sprachwuert . Dat passt och op Gemengepolitiker déi an hir Roll mussen erawuessen, ouni dass een alen Hues se virdrun ugeléiert huet. Et däerf awer net op Kanner passen , déi duerch faul Spiller bis op de Buedem falen op Spillplazen, déi ni kontrolléiert oder ënnerhale goufen.

An genee dofir huet de Schäfferot reagéiert no engem Akzident, déi bestehend Spiller kontrolléiere gelooss a se dunn ofgerappt.. Am Budget 2013 ass e Posten vun 300 000€ agesat, fir an all Duerf eng grouss Spillplaz nei ze amenagéieren. Zousätzlech soll eng bei de Precoce kommen zu Uespelt. All aner Plazen an de Lotissementer sinn als ‚Aire de Rencontre‘ virgesinn fir déi Leit wou do wunnen. Si kréien en Dësch mat Bänken wou d’Leit sech kënnen treffen fir ze poteren oder hir Fräizäit zesummen ze verbréngen.
Wat d’Spillplazen ugeet huet de Schäfferot seng Prozedure richteg agehalen mat Ausschreiwungen, Avisen, asw. Dat dauert laang am Ländchen an hei huet et ee ganzt Joer Zäit kascht. Hätte si sech net un d‘Gesetzer gehalen, wier d‘Gemeng am Fehler gewiescht an hätt och keng Subsiden kënnen ufroen.
Elo kréien d‘ Kanner awer endlech hir Klotergerüster, Klunschen asw. opgeriicht an all Duerf huet eng nei, zentral a virun allem sécher Spillplaz. Fir all Duerf huet de Schäfferot 2 Spiller virgesinn fir Primärschoulkanner an 1 Spill fir déi méi kleng.
De Spillhaff zu Uespelt beim Precoce kritt ee ’sol coulé‘, dee soubal d’Wieder et erlaabt, ka gegoss ginn. Dat ass ee gutt Stéck méi deier wéi Rindenmulch als Fallschutz, mee et ass besser fir déi ganz Kleng. Den Aménagement vun deene 4 Plazen gëtt vu Luxcontrol begleet an och herno vun hinnen ofgeholl a kontrolléiert.
De Schäfferot wäert och ee Reglement ausschaffen fir d’ Benotze vun de Spillplazen.