Fotoën vum Ausfluch op de Chrëschtmaart zu Riquewihr

Den 13. Dezember 2014 hat d’CSV GemengFréiseng en Ausfluch op de Chrëschtmaart op Riquewihr am Elsass invitéiert. Bei deelweis sonnegem an dréchene Wieder konnten déi Leit, déi mat waren, en agreablen Dag an dem wonnerschéine Wënzerduerf verbréngen.

Ofgeschloss gouf den Ausfluch mat engem Owesiessen am Restaurant T’Scheier zu Uespelt.

Hei e puer Impressioune vum Dag: