Fir eng ambitiéis Ëmweltpolitik an eiser Gemeng

Claude_ArendCSV ënnerstëtzt eng ambitiéis Ëmweltpolitik an der Gemeng Fréiseng. Zesumme mat eisem Koalitiounspartner suergen eisen Ëmweltschäffen Aloyse Schiltz an eise Conseiller Claude Arend, als President vun der Ëmweltkommissioun, dofir, dat d’Ëmweltpolitik och bei eis an der Gemeng kee Stéifkannt ass.

Ëmweltpolitik gëtt et net vir näischt, an trotzdem huet d’CSV ganz kloer d’Ambitioun, dat de Budget fir d’nächst Joer hei Akzenter setzt. Schliisslech gouf am September 2013 am Gemengerot beschloss, dem Klimapakt bäi ze trieden. Sou gi mer vum Staat, deen et den Ament net esou gutt mat de Gemenge mengt, belount wa mer verschidde Critèrë respektéieren an Zieler erreechen. Dës finanziell Belounung soll och moralesch encouragéieren, weider an deem Sënn Politik ze maachen.

Den Ament definéiert sech en Deel vun der ëmweltpolitescher Aktivitéit an eisem Klimateam, an deem politesch Vertrieder mat engagéierte Bierger zesummen un engem “Leitfaden” schaffen, dee mer eis am Kader vum Klimapakt musse ginn.

CSV hofft dat dëse “Leitfaden” am nächste Gemengerot ka virgestallt ginn. CSV erwaart sech vum Schäfferot eng ambitiéis Positioun; sou soll nieft konkreten Aktiounen och eng Reduktioun vun 30% vum CO2 Ausstouss an der ganzer Gemeng ugestrieft ginn (net eleng vun der Administratioun). Mir sinn eis bewosst, dat et sech hei em een ambitionéiert Uleies handelt a vill Sensibilisatioun néideg ass. Mee fir CSV ass, speziell an dësem kruziale Punkt, en striefsamt Engagement eng Noutwennegkeet.

D’Gemeng soll awer mam gudde Beispill vir goen. Dofir gëtt geplangt, an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, eng energetesch Analyse vun de Gemengegebaier opzestellen. Dësweideren soll ee Solarkadaster, deen d’Gemeng fir seng Bierger finanzéiert, de weidere privaten Ausbau vun der Solarthermie ënnerstëtzt ginn.

Schliisslech wäert d’CSV de Schäfferot och aktiv encouragéieren, deenen ëmweltbewosste Bierger ee klenge finanziellen Ureiz ze bidden. Fir sou ee Reglement aus ze schaffen, soll d’Ëmweltkommissioun aktiv mat agebonne ginn. Déi ugestrieften Initiativë missten do a Richtung vun Energiespuere goen. Méiglech wier et zum Beispill, all deene Bierger déi sech no Berodung duerch eisen « myenergy » Infopoint, fir den Austausch vun hiren “Heizungspompelen” entscheeden, ee Subside ze ginn.

Bis 2020 soll an der Gemeng also de CO2 Ausstouss ëm mindestens 30% reduzéiert ginn. CSV-Vertrieder am Gemengerot wäerten an den nächste Joeren dëst sécherlech ganz ambitiéis Ziel net aus den Ae verléieren.

Claude Arend
CSV-Conseiller