Et ass an der Lescht ganz vill iwwert déi ‘plans sectoriels’ geschwat ginn. Ech géing mech als Nei-Fréisenger mol interesséieren, ob dann elo eng Gewerbezone an d’Gemeng kënnt, déi fir méi Akommes suergt?
MA: Am Koalitiounsprogramm vun der aktueller Majoritéit steet‚ mir wäerten am neie PAG derfir suergen, dass Terrain fir eng Aktivitéitszone ausgewise gëtt. Wat net gewosst war, ass, dass zu Uespelt 4,2ha als ‚zone d’industrie légère‘ ausgewise sinn, an dat géintiwwer der Garerplaz, am Duerf also, an op engem Terrain deen topographesch schwiereg ass. Mir mussen also versichen deen Terrain op eng aner Plaz an der Gemeng ze kréien, am beschten no bei der Autobunn, wat gutt ass an awer eis Bierger net stéiert. Et ass och virgesinn, dass de Staat guer keng Subventioune méi gëtt, fir d’Erschléisse vu renge Gemengen-Aktivitéitszonen. Besser also wier et, eng regional oder staatlech Zone op Gemengenterrain ze kréien. Da muss een awer och nach wëssen, dass Prozeduren am Land ganz laang sinn, dass een déi Terrain muss kréien an deemno vill investéieren, ier een vun Akommes ka schwätzen. Ech wëll domat just bieden, de Realitéiten Rechnung ze droen. Ausserdeem ass dat wat mir wëllen éischter eng Akitivéitszone, a keng Industriezone. Et soll virun allem och de lokalen a regionale Betriber eng Méiglechkeet ginn, sech ze vergréisseren, ouni fort ze plënneren. Sou kënne si och vläicht fir eis jonk Leit Aarbechtsplaze schafen.
Bleift Helleng weiderhin ee Stéifkannt am Transport?
MA: Also den Terme ‚Stéifkannt‘ ass vläicht e bësschen haart. Helleng ass ugebonnen u Beetebuerg mat senger Gare an u Fréiseng mat sengen direkte Verbindungen op d’Gare an de Kierchbierg. De Schülertransport op de Geesseknäppchen ass op direktem Wee assuréiert. Mir wëssen, dass Helleng säit Joeren eng direkt Buslinn an d’Staat revendiquéiert, eng Iddi déi schonns vun der viregter Majoritéit, souwéi vun CSV an LSAP avancéiert gi sinn. Dobäi hunn déi verschidden Akteuren suguer och verschidden Alternativen proposéiert fir esou eng Ubannung. Keng gouf zréckbehalen. Konter-Argumenter waren ëmmer dass net genuch Leit de Bus huelen. Et ass awer schwéier do dergéint un ze goen, wa mir wëssen, dass den Awunnerwuesstem zu Helleng säit Joeren stagnéiert, d’Populatioun ëmmer méi al gëtt an et grad fir déi Leit schwéier ass, ëmklammen ze mussen. Wichteg ass et deemno fir d’Majoritéit, Helleng wuessen ze loossen a parallel dozou fir eng anstänneg Ubannung ze suergen. De Schäfferot huet an der lëschter Sitzung dem Gemengerot eng Resolutioun ënnerbreet a sou plädéiert de Gemengerot elo eestëmmeg fir sou eng Direktverbindung.
Wéi steet et mam P&R zu Fréiseng?
MA: Am ‚Plan Sectoriel Transport‘, dem PST ass den P&R net emol ernimmt ginn, obschonns deen, eiser Meenung no, wichteg ass an onbedéngt misst vergréissert ginn. Dat hu mir an eisem Avis och un déi staatlech Autoritéiten sou weiderginn. A wa keng Plaz do ass fir e flächeméisseg ze vergréisseren, sou kann een dat jo nach an d’Héicht maachen. Hei kann een als Beispill den CFL-Parking op der Gare nennen; et ass vläicht net de schéinsten an deiersten, mee dofir ass en efficace an och nach ee vun deene séchersten an Europa.
Wéi gesäit d’Zukunft vun eiser Gemeng aus? D’Gemenge solle jo anscheinend a Kategorien opgedeelt ginn?
MA: Jo, den PS Logement gesäit vir, d’Gemengen a prioritär an a komplementär Gemengen anzedeelen. Mir sinn als komplementär Gemeng virgesinn a kënnen och domat liewen, wa mir d’Méiglechkeet kréien tëschent 10 an 20% neit Bauland ze erschléissen iwwert 12 Joer, anstatt e Maximum vun 10%. Mir wëllen nämlech den Duerfcharakter a verschidde Gebaier an Architekturtypen erhalen an dofir kënne mir net ze vill wuessen an den Duerfkären. Et ka net sinn, dass mir alles ofrappe mussen, fir Këschten opzeriichten. Wéi gesäit dat dann aus? Et kann ee sech jo zu Fréiseng e Beispill huelen. Ausserdem sinn déi Leit, wou en Haus bauen an engem neie Wunngebitt, oft vill méi interesséiert um Gemengeliewen deelzehuelen. Wa mir déi Flexibilitéit net kréien, da plädéieren mir op en Zwësche-Status, well mir awer keng pur Landgemeng méi sinn. Dofir si mir ze vill gewuess an de leschte Joeren. Eist Zil ass méi lues ze wuessen, awer net an 12 Joer abrupt mussen ze bremsen.
Dat ass elo schwéier ze verstoen. Wat heescht dat am eenzelen fir eis Dierfer?
MA: Fréiseng gëtt en EPU, d.h. den „Hauptentwicklungsort“ an däerf 50% vum Gesamtwuesstem kréien, fir Helleng an Uespelt bleiwen dann jeeweils 25%, woubäi keen Duerf an den nächsten 12 Joer méi wéi 10% vu senger aktueller Unzuel vu Logementer däerf bäikréien. Uespelt ass grouss genuch fir sech regelméisseg weider ze entwéckelen, mee Helleng däerf praktesch nëmmen 30 Wunnengen bäikréien an 12 Joer. Dat ass lächerlech. Bei där Regel gëtt eng kleng Uertschaft vu virëran total benodeelegt. Mir wäerten dofir alles dru setzen, fir Helleng e wéineg wuessen ze doen, ier d’Regel spillt, fir esou vläicht e puer Wunnenge méi eraus ze schloen.
Wéi steet et mam Verkéier an eisen Dierfer?
MA: Also dat ass en éiwege Problem. Lo gëtt endlech d’Autobunn fäerdeg gebaut an de Bypass Helleng. Dann hoffe mir mol, dass manner Leit duerch d’Dierfer fueren, fir de Stau mueres ze evitéieren. Mir wäerten d’Afahrt an Helleng dann och zréckbauen, mee och dat kënne mir wuel net esou, wéi mir vläicht géinge wëllen. Mir musse wëssen, dass d’N13 nach ëmmer d’Ausfallstreck wäert bleiwen, wann e Problem op der Autobunn ass. Mee et wäert manner oft de Fall sinn wéi bis elo, well een op enger Autobunn ka mat den 2×2 Spueren spillen an de Verkéier och alt mol iwwert nëmmen 1 Spuer ka fuere loossen.
A wat de Verkéier an der Nord-Süd-Achs ugeet, sou hëlleft nëmmen en Ausbau vum P&R fir deen ze bremsen.
Et ass eis och en absolut Uleies fir d’Vëlosweeër sou auszebauen, dass mir eis 3 Dierfer beschtméiglechst kënne matenee vernetzen an och un eis Nopeschgemengen uschléissen. Domat kéinte mir emol en Deel vun dem lokale Verkéier vun der Strooss op gëeegent Vëlospiste bréngen, sief et fir eis Kanner an d’Schoul ze kréien, sief et fir all aner Bierger, déi bestëmmt näischt dergéint hunn, hier Akeef bis an d’Nopeschduerf mat dem Vëlo kënnen ze erleedegen.
Wéini kënnt de Pedibus?
MA: Dëst Joer. Op jidder Fall kënnt emol eng éischt Linn.
Den Interview mat der Buergermeeschtesch gouf gefouert vum Sekretär adj.Claude COURTOIS