E puer Impressiounen vum Racletteiessen vum 15. November 2015

Strubbelvoll war d’Al Gemeng zu Fréiseng de leschte 15. November fir eist Racletteiessen. Bal 1oo Leit haten sech ugemellt a si goufen net enttäuscht. Bei Raclette à gogo an engem sëffege Pättchen vun eiser Musel konnte se sech et gutt goe loossen. A fir déi Leit, déi kee Kéis iessen, war mat Ham, Fritten an Zalot och beschtens gesuergt. Wien duerno nach ëmmer net genuch hat, dee konnt sech op eisem Dessertbuffet nach e Stéck Taart oder Kuch schmaache loossen.

Hei fann der e puer Andréck vun dem flotten Dag: