De 25. Februar hat eis Sektioun op hir uerdentlech Generalversammlung an d’Al Gemeng zu Fréiseng invitéiert.
Nieft dem ordinäre Programm goufen och déi verdéngschtvoll Membere fir 25, 30, 40 a 50 Joer Memberschaft an eiser Partei geéiert.
Des Weideren ass eisen zweete Schäffen Aloyse Schiltz op déi aktuell politesch Situatioun an eiser Gemeng agaangen.
Ofgeronnt gouf dat Ganzt duerch d’Usprooche vun eisen Éieregäscht, dem President vun der CSV Süden Felix Eischen an dem CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet.


















