Michèle Hansen-Houllard ersetzt Malou Aulner am Gemengerot

De Comité vun der CSV Sektioun Gemeng Fréiseng war a senger leschter Sëtzung zesumme komm fir sech fir hir nei Roll an der Oppositioun opzestellen. An dem Kader huet d’ Madame Marie-Louise Aulner, Éischtgewielte bei de leschte Gemengewalen, matgedeelt, dass se aus gesondheetleche Grënn méi kuerz trëtt an op hiert Mandat verzicht. D’ Madame Michèle Hansen-Houllard vun Helleng, Véiertgewielten op der Lëscht vun der CSV, réckelt an hirer Plaz no. D’ Madame Aulner bleift weiderhi Member vum Comité vun der CSV Sektioun Gemeng Fréiseng.

De Comité vun der CSV Sektioun Gemeng Fréiseng seet der Madame Aulner Merci fir hiren Engagement während deene leschten 18 Joer fir d’ Gemeng Fréiseng.