CSV Motioun fir d’Schafung vun enger Accueilstruktur fir de Précoce eestëmmeg vum Gemengerot ugeholl

Am Gemengerot vum 30. Mäerz 2022 hat d’CSV Fréiseng eng Motioun agereecht, fir an Zukunft eng Accueilstruktur fir d’Kanner am Précoce ze schafen. Bis elo gouf et keng esou Struktur, sou dass vill Elteren hir Kanner net konnten an de Précoce aschreiwen, eng Problematik déi och vun der Fréisenger Elterevereenegung APEF an engem Bréif un de Gemengerot op en neits thematiséiert gouf.

Och wann eng kuerzfristeg Léisung fir d’Rentrée 2022/2023 net méiglech wäert sinn, sou huet de Schäfferot ower seng Bereetschaft erkläert, fir am Budget 2023 déi néideg Moyene virzegesinn, fir eng komplett Betreiung moies virun der Schoul, an der Mëttesstonn an och am Nomëtteg no der Schoul fir all concernéiert Kanner an der Gemeng unzebidden, déi dann ab der Rentrée 2023/2024 soll funktionéieren.

Op dëser Basis gouf d’Motioun vun der CSV dunn eestëmmeg vum Gemengerot ugeholl.

Den Detail vun eiser Motioun fann der hei : CSV Motion conseil 30.03.2022

Motioun vun der CSV fir d’Ausschaffe vun engem Programm fir d’Erweiderung respektiv d’Erneierung vun de Gemeinschaftsplazen an eiser Gemeng vun der Är Equipe-DP Majoritéit refuséiert

Am Gemengerot vum 27. Oktober hat d’CSV eng Motioun eragereecht, fir d’Offer u Gemeinschaftsplazen an eiser Gemeng ze verbesseren. Dorënner falen ënner anerem och eis Spillplazen. Eis Propose war fir, zesumme mat den Awunner, eng Analyse vun de bestoende Plazen an de spezifesche Besoinen an de verschiddene Quartiere vun eisen Dierfer ze maachen an e Programm fir déi nächst Joren auszeschaffen, fir nei Plazen ze schafen a bestoender ze erweidere respektiv ze erneieren. Hei déi komplett Motioun fir nozeliesen: CSV Motion conseil 27.10.2021

No Diskussioun am Gemengerot gouf eis Motioun net ugeholl. D’Är Equipe-DP Majoritéit huet dogéint gestëmmt, nëmmen d’LSAP hat sech eis ugeschloss. De Schäfferot huet et als en “Double emploi” ugesinn, well de Programm d’actions local logement (PAL), den am Kader vum Pacte Logement 2.0 soll erstallt ginn, sech och mat der Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun den Awunner beschäftegt. Mär gesinn dat aneschters. D’Haaptprioritéit vum Pacte Logement 2.0 läit op der Schafung vun abordabelem Wunnraum. Den Objektiv vun der Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun den Awunner ëmfaast donieft vill méi wéi nëmme Gemeinschaftsplazen. Och Gemeinschaftsraim, Commerce, Service de proximité, Mobilitéit, asw. falen hei drënner, sou dass dëse Sujet hei nëmmen e klengen Deel vum gesamte PAL ass. D’Ausschaffe vun dem Programm. dee mer an eiser Motioun gefuerdert hunn, wier do eng perfekt Ergänzung gewiescht fir parallel zum PAL eng ganz Rei Projeten auszeschaffen, déi dann am Kader vum Pacte Logement 2.0 kéinte realiséiert ginn.

Georges Hoffmann ersetzt Claude Arend am Gemengerot

Nodeems de Claude Arend säi Mandat als Gemengerot opginn huet well hien aus der CSV ausgetrueden ass, huet d’CSV Sektioun Fréiseng de Georges Hoffmann vun Uespelt als Nächstgewieltene bestëmmt fir d’Mandat ze iwwerhuelen.

De Georges gouf dowéinst elo an der Sitzung vum 27. Januar 2021 als neie Gemengerot vereedegt.

De Comité vun der CSV Sektioun Fréiseng seet dem Claude Arend villmools Merci fir säin Engagement an de leschten 9 Joer a wënscht dem Georges Hoffmann alles Guddes.

 

Eise Buergermeeschter a säi bedenklecht Verständnis vun Demokratie

„… déi di de Budget ënnerstëtzt hunn, déi schaffen drun, an déi en net ënnerstëtzt hunn, mussen dann hei och net mat diskutéieren …“, sou de Buergermeeschter seng lakonesch Ausso am Gemengerot vum 6. Januar 2021 op eng Motioun vun der LSAP fir en Aarbechtsgrupp fir d’Erweiderung vun der Schoul a Maison Relais ze grënnen, an dem ënner anerem och all Fraktioun aus dem Gemengerot sollt vertruede sinn.

Dës politesch Iwwerzeegung, wéi de Buergermeeschter et och nach nennt, ass skandaléis a bedenklech zugläich, weist se dach wéi wéineg hien anscheinend vun Demokratie, Inclusioun a Meenungsfräiheet hält. Nëmmen déi, déi senger Meenung sinn, dierfen och matschwätzen. Riichteraus sarkastesch erschéngt dobäi dann seng um Ufank vun der Sitzung ausgedréckte Gléckwënsch op eng gutt Zesummenaarbecht am Gemengerot.

Bedauerlech fanne mer, dass de Schäffe vun der DP dës Astellung mat dréit, enger Partei déi stolz dat Wuert « Demokratesch » an hirem Numm dréit an déi an hirem Grondsazprogramm ënner anerem stoen huet: „Politik darf nicht ausschließen, sie muss einschließen. Unterschiedliche Meinungen, Vorstellungen und Lebensprojekte verdienen Respekt und Schutz durch die Gesellschaft.“.

Dës Astellung entsprécht op alle Fall net dem Verständnis vun Demokratie an Zesummenaarbecht vun den CSV Vertrieder am Gemengerot. Mir waren a sinn och weiderhi gewëllt konstruktiv am Dialog un de Projete matzeschaffen an eis Iddien anzebréngen a wäerten eis sécher net de Mond verbidden oder e Maulkuerf uleeë loossen.

Firwat d’CSV d’Renovatioun vum Hellenger Waassertuerm net matgestëmmt huet

Nee, CSV ass net géint d’Renovéierung vum Hellenger Waassertuerm.

Natierlech gëtt et bei eis net nëmmen eng Meenung. Fir déi eng ass et e “Stéck Bëton”, fir anerer steet de Waassertuerm als Erkennungszeeche vun Helleng. An der CSV ass et also wéi bei de Leit. Wéi mer déi 2017 ëm hir Meenung gefrot hunn, war och do keng kloer Tendenz ze erkennen.

Dofir hu sech eis Vertrieder am Gemengerot enthalen. An och e Referendum an d’Spill bruecht. D’Léit sollen däerfe soen, op et wënschenswäert ass, de Waassertuerm ze erhalen. Well am Endeffekt ginn hei Steiersue verbaut. Dêi vun eis all kommen. A well mer net alleguerten de selwechten Notzen an dëser Klasséierung a Renovatioun gesinn, muss d’Populatioun agebonne ginn.

Am Virfeld kann dann och kontrovers iwwert de Pro a Kontra zu engem Projet geschwat ginn. Am Fall vum Hellenger Waassertuerm wieren dat zum Beispill den architektonesche Wäert vum Tuerm géint d’Käschte vu senger Renovatioun. Déi sinn nämlech an de leschte Joren ëmmer méi bëlleg ginn. Vun däitlech 7-stellegen Zuelen op elo nach “just” 585.000 Euro.

Op de Punkt – November 2020

Eisen neien Op de Punkt fir de Mount November 2020 ass eraus. Falls Dir en nach net an der Boîte hat, kënn Dir en hei och an elektronescher Form liesen.

Claude Courtois réckelt fir d’Michèle Hansen-Houllard am Gemengerot no

Nodeems d’Michèle Hansen-Houllard aus perséinleche Grënn leider huet missten hirt Mandat als Gemengerot opginn an de Fränk Zeimes vun Helleng, Nächstgewieltenen op der CSV-Lëscht vun de leschte Gemengewalen, säi Mandat aus beruffleche Grënn net konnt unhuelen, huet d’CSV Sektioun Fréiseng de Claude Courtois vu Fréiseng als Nächstgewieltenen bestëmmt fir d’Mandat ze iwwerhuelen.

De Comité vun der CSV Sektioun Fréiseng seet dem Michèle villmools Merci fir säin Engagement an Dévouement an deene leschten 3 Joer a wënscht dem Claude alles Guddes.

Coronavirus – Verspéit Verdeelung vun de Masken an der Gemeng Fréiseng

Leschte Mëttwoch, de 15. Abrëll kruten d’Gemengen am Land e Circulaire vum Inneministère, dass se géife mat Maske beliwwert gi fir un hir Awunner ze verdeelen. Dës Maske goufen och Enn leschter Woch an eiser Gemeng ugeliwwert.

Et wier also genuch Zäit gewiescht fir sech ze organiséieren a mat Hëllef vum Personal (Gemeng, Maison Relais, …) respektiv vu Fräiwëllegen (Veräiner, CGDIS, Gemengerot, Gemengekommissiounen, …) eng schnellstméiglech Verdeelung vun de Masken op den 20. Abrëll an d’Wee ze leeden, sou wéi dat vill aner Gemenge gemaach hunn.

Och d’CSV hat dem Schäfferot schonns den 29. Mäerz seng Ënnerstëtzung zougesot fir an der Kris zesummen ze schaffen a gemeinsam no Léisunge fir d’Sécherheet an d’Gesondheet vun eisen Awunner ze sichen. Leider ass ons ausgestreckten Hand hei net ugeholl ginn …

Et ass enttäuschend an traureg zugläich dass elo den 20. Abrëll just e Flyer vun der Gemeng an der Boîte ze fannen ass, dass d’Maske géifen an de nächsten Deeg ausgeliwwert ginn. Amplaz Zäit domat ze verléieren, dëse Flyer ze preparéieren, ze drécken an duerch d’ganz Duerf auszedeelen hätt ee besser gehat dës Zäit schonns dofir ze benotze fir d’Verdeelung vun de Masken ze preparéieren.

Mir als CSV rappelléieren nach eng Kéier, dass mir gewëllt sinn der aktueller Majoritéit ze hëllefen, well et an dëser Situatioun net ëm Parteikaart a politesch Iwwerzeegunge geet, mee ëm d’Wuel an d’Sécherheet vun eisen Awunner. Et wier schéi wann de Schäfferot kéint iwwer säi Schiet sprangen an dës Hëllef an Zukunft unhuelen.

Coronavirus – Gemeinsam fir eng beschtméiglech Ënnerstëtzung vun eisen Awunner

Eis Gesellschaft erlieft eng Situatioun wéi vill vun eis se bis elo nach net matgemaach hunn. Momentan kann nach kee genau viraussoe wéi dat Ganzt ausgeet a wéi déi Welt ausgesäit an där mer nom Ausgang vun dëser Pandemie liewe wäerten.

Och eng Gemeng ass gefuerdert fir an dëser ongewinnter Situatioun hir Servicer sou wäit wéi nëmme méiglech ze garantéiere an d’Awunner beschtméiglech ze ënnerstëtzen.

Fir eis als CSV ass et wichteg, dass mer an dëser Phas gemeinsam no Léisunge sichen, onofhängeg vu Parteikaart a politeschen Iwwerzeegungen. Dowéinst hunn eis 3 Conseillere Claude Arend, Michèle Hansen-Houllard a Marc Jacoby dem Schäfferot d‘Ënnerstëtzung vun der CSV zougeséchert an hinnen eng Rei Proposen ënnerbreet, wat d’Gemeng kéint an deenen nächste Wochen ënnerhuelen.

Konkret Virschléi sinn ënner anerem:

  • Déi modern Medien (Internet, Facebook, Frisange-App fir mobil Apparater, sms2Citizen) verstäerkt a virun allem nach besser notze fir d’Leit mat wichtegen Informatioune ronderëm déi aktuell Situatioun ze informéieren.
  • Parallel dozou eng reegelméisseg Verdeelung vu Flyere mat alle wichtegen Informatioune virgesi fir déi Leit, déi net esou gutt mat de neie Medien eens ginn.
  • Well de Recycling-Zenter momentan zou ass, stapelen sech a ville Stéit Kartong, Gréngschnëtt, Glas a Plastik. Fir ze evitéieren dass Leit dës Saachen an déi schwaarz Dreckskëscht geheien, sollt mam Prestataire gekuckt ginn, op se d’Méiglechkeet hunn fir wärend dëser exzeptioneller Phas ausnamsweis op mannst Glas a Kartong matzehuelen, wa se nieft der Dreckskëscht stinn, well dës voll ass. Donieft sollt versicht gi fir mam Gemengepersonal reegelméisseg Tournéeën duerch eis Dierfer ze organiséiere fir Plastik an eventuell och Gréngschnëtt mat de Gemengen-Camionnettë bei de Privatleit ewech ze huelen.
  • De Frisibus promouvéieren fir Leit, déi kee Gaart hunn, d’Méiglechkeet ze ginn, an eis Bëscher ze kommen a frësch Loft ze schnapen. Wärend dëser Zäit sollt den Transport och gratis sinn.

Donieft sollten och d’Betriber aus eiser Gemeng net vergiess ginn. Dës hu momentan mat deels enorme finanziellen Aboussen ze kämpfen. Och wann de Staat hei schonns vill ënnerhëlt fir ze hëllefen, sou sollt och eis Gemeng e Fong virgesinn fir iwwer een nach festzeleeënden Verdeelerschlëssel de Commerce aus eiser Gemeng ze ënnerstëtzen. Et wier fatal wann duerch dës Kris Betriber an eiser Gemeng missten hir Diere fir ëmmer zou spären.

Eng weider Méiglechkeet wier fir ze kucken wéi eng Opträg kéinte kuerzfristeg ausgeschriwwe ginn fir Entreprisen no der Kris méiglechst séier Aarbecht ze verschafen.

Verschidde vun dësen Iddien si vläicht och schonns vum Schäfferot ugeduecht ginn, wat ëmsou besser wier.Mir als CSV Sektioun Gemeng Fréiseng sinn op alle Fall bereet fir matzeschaffen an dofir ze suergen, dass eis Awunner an eis Betriber beschtméiglechst vun hirer Gemeng encadréiert ginn a jiddereen ënnerstëtzt gëtt, do wou et méiglech ass.

14 Grënn firwat d’CSV de Budget 2020 net mat gestëmmt huet

D’CSV huet géint de Budget 2020 gestëmmt:

  • Well näischt am soziale Wunnengsbau geschitt;
  • Well näischt wéinst dem ville Verkéier an eisen Uertschafte passéiert;
  • Well et keen neie Scoutschalet gëtt;
  • Well d’Maison Relais net misst aus Containere bestoe, mee scho laang en definitive Projet fir den Ausbau kéint do sinn;
  • Well d’Mobilité douce an d’Vernetze vun eisen Dierfer mat Vëlosweeër keng Roll spillt;
  • Well net dru geduecht gëtt a Gebaier ze investéiere fir Wunnengen „en réserve“ ze hunn wann eppes passéiert;
  • Well sech keng Gedanken iwwert e CIPA (Centre intégré pour personnes agées) an eiser Gemeng gemaach ginn;
  • Well eise Fuerpark net konsequent op Elektromobilitéit ëmgestallt gëtt;
  • Well nach ëmmer nëmmen am Summer richteg no de Gréngfläche gekuckt gëtt;
  • Well kee politesche Wëllen do ass fir d’Veräiner ze responsabiliséieren a fir déi horrent Fonctionnementskäschte vun der neier Sportshal an de Grëff ze kréien;
  • Well bis ewell weder bei der Ënnerstëtzung fir eis Veräiner nach bei de verschiddene Subside fir Privatleit eppes gemaach gouf obwuel d’Gemengefinanzen et erlaben;
  • Well de Klimapakt an Nohaltegkeet keng grouss Roll spillt;
  • Well nach ëmmer keen Ënnerstand beim Kierfecht zu Uespelt geplangt ass;
  • Well d’Käschte fir d’Feierlechkeeten vum “700ten Doudesdag vum Péiter vun Uespelt” net transparent sinn mee op verschiddene Posten am Budget verstoppt ginn.