Falls der eisen Op de Punkt net an der Boîte hat oder falls der wëllt en Artikel nach eng Kéier liesen, da fann der d’Ausgab vum Màerz 2020 hei an elektronescher Form.
Klickt op d’Bild hei ënnen drënner fir den Op de Punkt online ze liesen:
Falls der eisen Op de Punkt net an der Boîte hat oder falls der wëllt en Artikel nach eng Kéier liesen, da fann der d’Ausgab vum Màerz 2020 hei an elektronescher Form.
Klickt op d’Bild hei ënnen drënner fir den Op de Punkt online ze liesen:
Wéinst der aktueller Situatioun mam Coronavirus hu mer decidéiert eis Generalversammlung, déi sollt de 19. Mäerz um 19.30 am Centre Polyvalent zu Helleng stattfannen, ze annuléieren an op engem spéideren Datum nozehuelen.
De Comité vun der Sektioun Gemeng Fréiseng
Liichtverschmotzung, also déi negativ Auswierkunge vu Beliichtung op eis Ëmwelt, hëlt weider zou. Eng Étude, déi de Staat 2016 an Optrag ginn huet, weist kloer aus, dat och mir hei net verschount sinn. Aus dëser Étude ass am Juni 2018 e « Leitfaden für gutes Licht im Aussenraum » ginn, deen de Gemenge virgestallt gouf. Op 93 Säite ginn hei praktesch Beispiller gewisen, fir onnëtzt Liicht ze begrenzen, respektiv aus ze schalten.
D’Gemeng Clierf huet als éischt Gemeng hei am Land reagéiert an sech e Programm ginn, fir géint dës Zort vun Ëmweltschiedegung aktiv ze ginn.
Mir als CSV Fréiseng hunn am Gemengerot vum 23.10.2019 déi aktuell Majoritéit op dës Thematik higewisen, an dem Ëmweltschäffen un d’Häerz geluet, dësen Thema an enger nächster Ëmweltkommissioun ze behandelen.
Den 23.10.2019 huet de Gemengerot de Projet vun engem Bëschkierfecht gestëmmt. Dëse Projet, bei deem och d’Gemengen Duelem, Munneref a Weiler mat maachen, gëtt och vun der CSV gedroen. Hei kënnen déi Leit, deenen hire Wonsch et ass, verstreet ze ginn, hier lëschte Rou fannen. Een Ënnerstand aus Holz soll deen néidege Schutz a würdege Kader bei enger Zeremonie bidden.
An deem Kontext huet CSV drop higewisen, dat zu Uespelt um Kierfecht, am Géigesaz zu Helleng a Fréiseng, nach ëmmer keen Ënnerstand steet. Duerfir gouf gefrot, bei der Opstellung vum Budget 2020 esou eng Depense vir ze gesinn.
Och eis Sektioun war op dësem ausseruerdentlechen Nationalkongress vertrueden. Mir droen den Text vun der Resolutioun, déi ugeholl ginn ass.
Mir begréissen et ganz besonnesch, dat sech d’Idi an eise Reien duerchgesat huet, verstäerkt op Waasserstofftechnologie ze setzen. Elektromobilitéit kann nëmmen eng Etapp duerstellen, bis eng besser, komplett émissiounsfréi Technologie bereet ass. Des Weideren mussen fossil Energiequellen duerch regenerativer ersat ginn. An endlech soll e flächendeckend Netz vu Veloswéer gebaut ginn, dat Bewegungsmëttel, dat guer keng Emissiounen produzéiert.
Der aktuell katastrofaler Situatioun um Wunnengsbau muss resolut begéint ginn. Et ass un der Zéit, endlech Land op ze kafen, op deem och a Form vun dem bail emphytéotique gebaut, an dann laangfristeg verlount gëtt. Der Baulandspekulatioun soll de Krich ugekënnegt ginn. Nei alternativ Formen vu Wunngemeinschaften, z.B. tëschent Studenten a Senioren, sollen ënnerstëtzt ginn.
Dir fannt déi ganz Resolutioun op dësem Link.
| Divers
Esou wéi den Regulus, d’Zäitschrëft fir Natur & an Ëmwelt an hirer Ausgab 5/2019 ugekënnegt huet, sollt och d’Gemeng Fréiseng, laut offiziellem Wuertlaut, » … plantera plusieurs Ulmus laevis à un endroit restant à définir « planzen.
Am Prinzip begréissen mir natierlech net nëmmen dës Aktioun, mir stinn esouguer voll derhannert. Et ass dëst eng Kontinuitéit vun deem, wat schonn virdrun an dëser Gemeng initiéiert ginn ass.
Wann awer elo, aus « …plusieurs Ulmus laevis… » der nach just nëmmen zwou bliwwe sinn, dann fanne mir dat liicht traureg. Et wier bestëmmt méiglech gewiescht, aus « …plusieurs » dat ze maachen, wat am Sproochgebrauch verstanen gëtt, nämlech méi wéi zwee eenzelner.
Reng sproocheméisseg gesinn, ass dat jo net falsch. Et bleift awer de fade Bäigeschmaach vun engem absolute Minimum.
Glécklecherweis sinn awer och, an dat war net ugekënnegt, e puer Hecke geplanzt ginn. Dat fanne mer an der Rei.
Mir als CSV trieden generell fir eng méi konsequent, méi engagéiert a méi couragéiert Ëmweltschutzpolitik an.
Naturschutz als Alibi-Funktioun, nämlech emol séier eppes maachen fir conforme ze sinn, geet eis net duer.
Falls der eisen Op de Punkt net an der Boîte hat oder falls der wëllt en Artikel nach eng Kéier liesen, da fann der d’Ausgab vum Abrëll 2019 hei an elektronescher Form.
Klickt op d’Bild hei ënnen drënner fir den Op de Punkt online ze liesen:
Här Buergermeeschter,
Hutt Dir net geduecht, d‘Gemeng Fréiseng hätt am Lotto gewonnen, wou Dir d‘Circulaire vum Inneministere gelies hutt?
Nach ni an der Geschicht vun der Gemeng Fréiseng, an der Gyberien-Zäit eng vun de Gemengen am Land mat de meeschte Scholden, war eis Finanzsituatioun sou gutt ewéi elo. Net dat mer keng Scholden hätten. Awer déi Schold ass bekanntlech géint Zënse déi klammen ofgeséchert, sou datt et do kee Kappzerbrieches gëtt.
Et ass evident, dat sou en Akommes fir Investitioune muss genotzt ginn. Investitiounen an Qualitéit vun der Déngschtleeschtung, an d’Liewensqualitéit vun eise Bierger an och fir déi kommend Generatiounen.
Dir wëllt an den nächste Joren investéieren. Domat ass CSV averstanen. Dir wëllt nei Leit astellen, souwuel den administrative wei och den technesche Service optiméieren. Do si mir als CSV selbstverständlech mat derbäi, och wa mer et immens schued fannen– a mindestens bei der Madamm Hoffmann Carboni fanne mir fir déi Remark secher en oppent Ouer – datt Dir elo wëllt manner Hëllef fir jonk Aarbechtsloser ubidden. Mir fannen et traureg, datt Zuel vun de CAE-Jonke vun 2 op elo just nach 1 erof gesat gëtt.
Eigentlech misst d’CSV also Äre Budget fir d’Joer 2019 matstëmmen. Eigentlech! Wann do net den extraordinären Deel vum Budget wier. Deen mat den Investissementer… eiser Meenung no op der falscher Platz!
Et geet am dësem Deel net genuch em Effizienz a Nohaltegkeet fir eis Gemeng an et feelt eis u Visiounen a Wäitsiicht!
Hei e puer Beispiller firwat d’CSV dëse Budget net ka matstëmmen.
Éischtens stinn, no 850.000 Euro am Joer 2018, elo 4,4 Milliounen dra, fir de Site vum Uespelter Schlass. Obwuel et bis elo nach ëmmer kee Konzept gëtt, wat soll an dem Schlass gemaach ginn. Et sinn zwar anscheinend Gespréicher fir e Veräinssall mat de Geschichtsfrënn a Schlassfrënn gefouert ginn. An Archive sollen do kennen ugeluecht ginn. An eventuell och eng Bibliothéik. An déi leschte Rumeur schwätzt vun enger Zort Theatersall.
Net ze vergiessen den Hochzäitssall!
Et ass nach ëmmer kee Konzept do, an Dir wëllt per Force dat Schlass fäerdeg stellen.
Obwuel et eng ganz Rëtsch aner Projete ginn, déi vill méi noutwendeg sinn:
Zweetens stellt Dir elo – temporär, afir 700.000 Euro – weider Containeren hei hannen op de Parking. D‘Vergréisserung vun der Maison Relais hat 2017, no de leschte Walen, fir Iech anscheinend absolut Prioritéit.
Wieren déi fäerdeg Pläng fir d’Gemeng zu Uespelt esou emgesat ginn, kéint sech elo op de Bau vun enger Maison Relais konzentréiert ginn.
Drëttens si mer da beim soziale Wunnengsbau. Dir hutt de Plang vun der aler Majoritéit mam Paschtoueschhaus zu Uespelt futtigemaacht. An elo mat der och nach d’Paschtoueschhaus futti. A wat kennt an d’Platz? Ee Kontrakt mat engem Architekt, fir 25.000 Euro, nodeems dee Plang schonn do war.
Véiertens stinn an Ärem Budget just nach 250.000 Euro, mat deene Gemeng, wann eng Opportunitéit sech bitt, Terrainen oder Gebaier wëllt kafen. CSV/LSAP haten do mol mat 2 Milliounen ugefaangen. Och dat sinn Investissementer. Dir wësst dat jo. Schliisslech hutt Dir jo mat dem Kaf vun der Spigarelli-Proprietéit bewisen, dat Dir schnell handele kennt. Awer elo ass kee Sputt méi do. Et ass näischt méi ze héiere vum Här Mousel senger Fro no dem Intressi vun der Gemeng um Gebai vun der Post zu Uespelt. An net méi no der Paschtoueschwunnéng an der Annexe gefrot ginn. Do wou et jo nach en Nëtzungsrecht ze gi schéngt. Dat, wat an Oppositiounszäiten eng „gutt Iddi“ ass, gëtt „um Pouvoir“ séier vergiess. Mir fannen dat net an der Rei.
Fënneftens fanne mer et och guer net an der Rei, dat ënnert dem Posten “Circulation” just 50.000 Euro virgesi goufen. De Verkéier an de Spëtzestonnen duerch eis Dierfer, ass e grousse Problem. Dee mir natierlech net eleng als Gemeng kenne léisen. An awer sollte mer eis als Responsabel mat Nodrock Gedanke maachen, wei mer de Verkéier aus eisen Dierfer eraus kréien.
Déi ganz Thematik schéngt Iech net wierklech ze interesséieren.
An de sechsten a virleschte Punkt vun eiser Begrënnung firwat d‘CSV de Budget net ka matstëmmen, ass d’Thema Nohaltegkeet. Et kommen am Ëmweltberäich vun Iech wéineg Initiativen: weder duerch Aarbechten, datt mer an der Zertifizéierung vum Klimapakt weider kommen, nach konkret Mesurë fir Energie ze spueren. A wou bleiwe Vëlosweeër? Um Enn bleift do just de Projet mat der Photovoltaik um Dag vum Atelier. Do ass CSV frou driwwer. Allerdéngs sollte mer dee Projet fir eis Matbierger op maachen. Erënnert Iech un de grousse Succès, wei d’Photovoltaikanlag op dem Dag vun der Uespelter Hal mutualiséiert gouf.
A schliisslech, als siwente Punkt, wëlle mer Iech un Är Verspriechen an Äre respektive Wahlprogrammen erënneren. Wou ass dat Offallkonzept, wat de Bierger soll manner belaaschten? Wou ass en Ofschafe vun der vill diskutéierter „taxed’équipement collectif“. Budgetéiert fir 2019 sinn elo 180.000 Euro, nodeems der 2017 nach nëmmen 108.000 era komm sinn. A wou ass d’Renovatioun vum Hellenger Waassertuerm am Budget? Am DP-Wahlprogramm war Iech dat Versprieche praktesch eng ganz Säit wäert. Am Budget 2019 ass net mol en Cent dofir virgesinn.
Dat waren also eis 7 Grënn firwat d’CSV de Budget net ka matstëmmen. Obwuel en am ordinären Deel ganz an der Rei ass.
Jo, et ass néideg ee weideren Techniker anzestellen. Et ass richteg d’Organisatioun vun enger Vakanzekolonie finanziell ze ënnerstëtzen. Gutt fanne mer et och, dat d´Kommunikatioun tëscht der Gemeng an hire Bierger soll verbessert ginn. Obwuel et 70.000 Euro kascht. An datt derniewent vill Suen a Receptioune gestach ginn. Mee wann de But ass, den Zesummenhalt an den Dierfer ze stäerken, sinn och déi Gelder gutt ugeluecht.
Dass 10.000 Euro eleng fir déi nei “Péiter vun Uespelt Doudesdag Kommissioun” am Budget stinn, gefällt eis selbstverständlech manner. Datt ëmmer erëm a Material fir eis Beamten an Aarbechter investéiert gëtt, ass duergéint ze begréissen. Dat och d’Jugend eppes vun de ville Recetten huet, ass richteg. Obwuel dee Posten am Budget just vun 30.000 op 35.000 erop geet. Et kann een sech awer froen, wann de Staat da schonn sou léif mat eis war, op een net extra sportlech oder schoulesch Leeschtunge finanziell eppes méi beloune sollt. An och d’Schoulspueren an de Cadeau vun der Gemeng fir déi Kanner, sollten eppes no uewen ugepasst ginn.
Datt och de Pro Actif am Joer 2019 fir eis Bierger ka schaffen, fanne mer gutt. An dann denke mer och un de Frisi-Bus a hoffen, dat den neie Fuerplang, iwwert Hassel an d’Stad an och op Réimech, Uklang bei eise Bierger fënnt. (K) Mir sinn och domat averstanen, wann Dir eis Präzisioune gitt, iwwert de „Outsourcing“ vu verschiddenen Aarbechten op der Container-Platz zu Helleng.
Datt d’Gemeng an Zukunft fir den Entretien vum Uespelter Foussballterrain zoustänneg ass, a sech dat 25.000 Euro kaschte léisst, ass ze begréissen. Eis aner Sportsveräiner botze jo och hir Sportshalen net selwer. Wann mer da scho bei de Sportsveräiner sinn, sollt een drun denken, der Sportskommissioun den Optrag ze ginn, hei d’Subsiden nach e Mol op de Leescht ze huelen. Bei bal 2 Millioune méi an der Kees, kann een do e bësse méi sprange loossen.
Mir sinn also mam „ordinären“ Deel vum Budget 2019 ganz bei Iech, droen deen och mat. Et ass, wei gesot, de „extraordinären“ Deel vun eis Kappzerbrieches mëscht. An dofir musse mir leider dësem Budget eng Datz ginn.
Da soll ech Iech nach zwou Remarke vu menge Kollege Schiltz an Arend mat op de Wee ginn. Den Emprunt vun enger Millioun deen am Budget steet, dee brauch Dir sécher net ze huelen. Firwat? Ma well dat, wat d’Oppositioun der Equipe Aulner ëmmer erëm virgeworf huet, nämlech net genuch ze schaffen, och fir d’Oppositioun elo als Kritik un der Equipe Beissel net kann ewech diskutéiert ginn. 8,2 Millioune sollten 2018 investéiert ginn. Gepackt huet Dir der eppes iwwert d’Hallschent, nämlech 4,5 Milliounen. Dir muss manner wëlle futti maache vu Projete vun der viregter Majoritéit a méi selwer schaffen.
Merci dat Dir mir sou laang nogelauschtert huet. Mir stemmen zwar de Budget net mat, wënschen Iech awer trotzdeem eng glécklech Hand bei der Organisatioun an Ausféierung vun de villen Aarbechten a wënschen Iech an eis alleguerten e schéine Chreschtdag an e glécklecht Neit Joer bei beschter Gesondheet.