Nodeems 2011 fir d’ éischt nom Proporzsystem an der Gemeng Fréiseng gewielt gouf, ass d’ CSV zesumme mat der LSAP eng Koalitioun agaange fir d’ Geschécker vun eiser Gemeng ze leeden, an déi bis dohi fiederféierend Équipe ënnert dem Buergermeeschter Claude Wiltzius ofzeléisen. Déi nei Koalitioun huet dunn ënnert dem Impuls vun der Buergermeeschtesch Malou Aulner an de leschte 6 Joer en ambitiéise Koalitiounsprogramm opgeschafft.
Et ass elo kuerz virun de nächste Gemengewalen Zäit fir e Bilan ze maachen. Och wa villes an der leschter Period ëmgesat ginn ass, sou si mer als CSV Sektioun Gemeng Fréiseng selbstkritesch genuch fir zou ze ginn, dass sécher net alles optimal gelaf ass an dass och verschidde Punkten aus dem Koalitiounsprogramm nach net realiséiert goufen. Zu éischt huet dee neien CSV-LSAP Schäfferot sech missten aschaffen an dunn och eng ganz Rei Versäumnisser vum viregte Schäfferot (z.B. verschidde “Mise en conformité” vu Gemengeninfrastrukturen, Entretien vu Gebaier deen iwwert Joer net gemaach gouf, …) misste korrigéieren oder nohuelen. Et sinn deemno och vill Aarbechten erleedegt ginn, un déi mir bei der Opstellung vum Programm guer net geduecht haten.
Onofhängeg dovu gouf an deene leschte 6 Joer konstruktiv a vill geschafft. Mir wéilten hei dann och just op déi gréisst respektiv wichtegst Projeten an Investissementer agoen.
Ëmwelt
Duerch eng nohalteg Politik, eppes dat et virdrun net ginn ass, gouf an deene leschte 6 Joer d’ Approche an dësem Beräich hei an der Gemeng total geännert. Nom Wiessel op grénge Stroum an der Gemeng, op Drock vun der CSV Oppositioun virun de lëschte Wahlen, gouf an dëser Mandatsperiod mat Biergerbedeelegung eng Fotovoltaikanlag um Daach vum Centre polyvalent zu Uespelt installéiert. Eis Gemeng ass engem Naturschutzsyndikat bäi getrueden an huet säi Bësch FSC zertifiéiert Als nei Klimapaktgemeng, déi mir lo gi sinn, goufen eng ganz Rei Projete realiséiert (z.B. ee Programm fir LED-Stroosseluuchten, energetesch Sanéierung vun de Gemengegebaier, Solarkadaster, nohalteg Bauen, …), fir déi néideg Zertifikatioun vum Klimapakt ze kréien. An Zesummenaarbecht mam Energiepark Réiden gouf en Energiekonzept fir eis Gemeng ausgeschafft. Och huet eis Gemeng an d’Elektro-Mobilitéit investéiert an 2 Ladestatioune fir elektresch Gefierer installéiert. Den technesche Service an den Agent municipal kruten elektresch Gefierer. Net ze vergiessen ass och, dass d’ Awunner aus eiser Gemeng Recht op eng gratis Energieberodung hunn. Vill ass och investéiert ginn am Beräich Ofwaasser, an de Bau vu Rückhaltebecke souwéi an den Ausbau vun der Kläranlag mat engem flotten neie Projet dee lo uleeft a bei deem mer och sëlwer Gas an Elektresch aus dem Klärschlamm produzéieren. Gemeng ass pestizidfräi an d’Onkraut gëtt elo mat Waarmwaasser verbrannt.
Soziales
An der haiteger Zäit ass et fir déi sozial schwaach Leit net ëmmer einfach, fir iwwert d’ Ronnen ze kommen. Dowéinst wor eng vun den éischten Décisioune vun dëser Koalitioun fir de Budget vun der Sozialhëllef massiv ze erhéijen Och huet d’ Gemeng d’ Chancëgläichheetskommissioun reaktivéiert, hir och eng sozial Missioun operluecht a si bei der Grënnung vun der Kleederschaf a.s.b.l. ënnerstëtzt. De Site vum ale Paschtoueschhaus zu Uespelt ass komplett opkaaft ginn an do gëtt elo ee Projet fir “Soziale Wunnengsbau” lancéiert. Ronderëm entsti Gemeinschaftsgäert, wëll och d’Integratioun fir eis wichteg ass. Eng Kommissioun fir ‘chambres meublées’ kontrolléiert d’ Zëmmer déi a Caféen oder Privathaiser verlount ginn, fir dass d’ Sécherheetsstandarden an d’ Minimalnormen agehale ginn.
Ëffentlech Servicer
Eng modern Gemeng ass an éischter Linn en Déngschtleeschter fir seng Awunner. Dobäi ass et wichteg mat der Zäit ze goen an déi richteg a néideg Servicer fir d’ Leit unzebidden. Dowéinst goufe Servicer wéi “Service de proximité”, Late-Night Bus an, an enger éischter Testphase, och de Frisibus agefouert. Bestoend Servicer, déi gutt lafen, wéi z.B. de Nightrider-Bus, goufe weider gefouert. Och goufen d’ Ëffnungszäite vun der Gemeng ugepasst, fir den haitege Besoine vun de Leit Rechnung ze droen an ab September wäert och d’ Containerplaz anescht a méi laang ophunn. An der Administratioun goufen och eng Reih nei Leit agestallt fir deenen neie Servicer awer och den zousätzlechen Ufuerderunge vun uewe gerecht ze ginn. Net ze vergiessen ass och, dass eis Gemeng entretemps eng Apdikt krut.
Technesch Servicer
Fir hir Infrastrukturen an Installatiounen an der Rei ze hale brauch eng Gemeng e performanten technesche Service. Dëse gouf an deene leschte 6 Joer duerch eng Rei nei Leit verstäerkt. Donieft goufe wäit iwwert 500.000€ a neit oder erneiert Équipement (Camionnetten, Désherbeuse, nei Botzmaschinn, …) investéiert.
Taxen
D’ Aféierung an den Ausbau vu Servicer souwéi d’ Realisatioun vun neie Projeten am Déngscht vum Bierger kaschte Geld. Leider ass et an der Vergaangenheet verpasst ginn an eiser Gemeng eng Aktivitéitszone ze schafen, dowéinst si mer haut zu iwwert 80% vu staatleche Gelder ofhängeg. Eis Gemeng gehéiert also éischter zu deene Gemenge mat engem klenge Budget, och wann d’Finanzreform eis an Zukunft wäert e wéineg hëllefen. Eng vun de wéinege Méiglechkeete fir zousätzlech Suen eran ze kréien, ass iwwer Taxen. Aus dem Gronn gouf eng Infrastrukturtax agefouert, wéi aner Gemengen se säit laangem hunn. Verschidden aner Taxe wéi z.B. d’ Grondsteier, goufen ugepasst no lange Joeren oder erhéicht. Donieft hu missten d’ Poubelle-Taxen ugepasst ginn, fir am Aklang mat enger EU-Direktiv (Principe Pollueur-payeur) ze sinn. Och wann dat sécherlech keng populär Moossnam ass, sou huet dës Koalitioun awer hir Responsabilitéit iwwerholl! CSV steet och zu der Infrastrukturtax déi hëlleft eis Infrastrukturen aus ze bauen déi duerch den Zouwuess soss ze kleng ginn. D’ Erhéijung vun der Grondsteier wäerte mer awer musse méi nuancéiert upassen.
Infrastruktur
Am Beräich vun de Gemengeninfrastrukture gouf an deene leschte 6 Joer vill geschafft, dofir gi mer hei och just a Stéchwierder op déi eenzel Projeten an:
- Pompelstatioun an der Zoufftgener Strooss zu Helleng
- Neien Asphalt an LED Luuchten am Parc Lésigny zu Fréiseng
- Erneieren a Mise en conformité vun de Spillplazen an der Skaterpist
- Erneiere vun de Bushaisercher
- Fäerdegstellung vum Cycle 1 Schoulgebai zu Fréiseng
- Ausschaffe vun den Exekutiounspläng a Bau vun der neier Sportshal zu Fréiseng
- 3 zousätzlech Reen-Opfangbecken zu Fréiseng an zu Uespelt
- Renovatioun a mise en sécurité vum Uespelter Schlass
- Nei Vestiairen a Buvette fir den FC Red Boys Uespelt
- Behënnertegerechten Accès an d’ Annexe vun der Gemeng
- Réaménagement, Ausbau a Mise en conformité vun der Crèche zu Helleng
- Spillplaz fir de Cycle 1 a Sportsfeld bei de Schoulen zu Fréiseng
- Ersetzen a Flécke vun Hydranten a Schieber am Waasserberäich
- Brandsécherheet conforme gesat an eise Gebaier
- Mise en état vum Précoce zu Uespelt an en neie Sall an d’ Spillplaz derbäi
- Erneierung Strooss & Kanal “Op Laangert” zu Uespelt
- Ariichte vun 2 “Aires de rencontre” zu Fréiseng an zu Uespelt
- Mise en conformité vun der Maison Relais zu Fréiseng
- Renovatioun vun der Zentralschoul zu Fréiseng
- Renovatioun vun eise Feld- a Trëppelweeër an Ubannung vun Helleng un de Crauthemerbësch
- Ausschaffe vun engem Projet fir d’ Konformitéit vum Gemengenatelier, mat engem neien Dach, Salzsilo, Photovoltaik a Stockage-Raum
- Ausschaffe vun engem Projet fir d’ Konformitéit an d’Vergréisserung vun der Containerplaz zu Helleng
- Ausschaffe vun engem Projet fir d’ Vergréisserung vun der Kläranlag zu Uespelt
- Ausschaffe vun engem Projet fir sozial Wunnengen, e Veräinssall a Gemeinschaftsgäert zu Uespelt
- Ausschaffe vun engem Projet fir eng nei Gemeng um Site vum Schlass zu Uespelt
- Ausschaffen vun engem Projet fir eng staatlech Vëlospist duerch eis Dierfer
Sécherheet
Och am Beräich vun der Sécherheet goufen eng ganz Rei Aarbechte geleescht. Sou gouf den elektreschen Tableau an der Gemeng de Sécherheetsnormen ugepasst an et gouf e Sécherheetsdelegéierte fir eist Gemengepersonal nominéiert (2 Saachen déi vum viregte Schäfferot schleefe gelooss gi waren). Nei Brandmelde-Systemer goufen an der Aler Gemeng, der Aler Schoul, dem Precoce, der Crèche, dem Chalet Jeunes an dem Scoutschalet installéiert. D’ Uespelter Pompjeeë kruten en neie Mannschaftswon an de “First Responder”-Service gouf agefouert. Op zentrale Plazen an eiser Gemeng goufen Defibrillatoren opgehaangen. An den Entréeë vun eisen Dierfer goufe Vitesse-Moossgeräter installéiert fir d’ Chaufferen dorop opmierksam ze maachen, wann se ze séier ënnerwee sinn. Eis Aarbechter krute Sécherheetskleedung a ginn elo regelméisseg a Formatioune geschéckt, a Konformitéit mat de Gesetzer.
Schoul
Nieft dem Bau vun engem neie Schoulgebai fir de Cycle 1 an der Moderniséierung vun de bestoende Schoulinfrastrukture gouf de Pedibus agefouert. Hei kënnen d’ Schoulkanner zesumme mat Begleetpersounen ze Fouss an d’ Schoul respektiv duerno erëm heem goen. Aktuell ginn et 4 Linnen, déi kënnen ausgebaut oder no Bedarf ugepasst ginn. Am Kader vum Schoulsport si mer och frou, dass mer entretemps eng LASEP-Sektioun an eiser Gemeng hunn, déi CSV säit laange Jore gefuerdert huet. D’ Museksschoul ass lo konzentréiert um Schoulcampus an och équipéiert fir de Kanner d’ Freed u Musek a Gesank un ze bidden ouni op der Haaptstrooss ze sinn.
Jugend
D’ Skaterpist zu Fréiseng gouf reaménagéiert. Donieft goufe regelméisseg Jugendfore mat der Jugendkommissioun organiséiert. Fir eis Puppelcher hu mer ee Kannerbësch ugeluecht a si kréien och ee Rauchmelder geschenkt fir si a virun allem och hir Elteren esou ze sensibiliséieren.
Et ass aus Plazgrënn net méiglech op all Punkten am Detail anzegoen, déi an de leschte 6 Joer vun der CSV-LSAP Koalitioun realiséiert goufen. Wéi der liese konnt gouf vill geschafft, mee et bleift awer nach ëmmer vill ze maachen. D’ CSV Sektioun Gemeng Fréiseng ass gewëllt och an deenen nächste 6 Joer weiderhi Verantwortung ze iwwerhuelen an déi ugefaangen Aarbecht weider ze féieren an déi nei Projete wou mer ausgeschafft hunn oder an Ausaarbechtung hunn, am Déngscht vun alle Bierger ze realiséieren. Mir wäerten Iech dowéinst an de nächste Wochen eise Walprogramm mat eisen Iddien a Virstellunge presentéieren. Mir hoffen, dass mer och weiderhin Äert Vertrauen hunn an dass der eis bei de Walen den 8. Oktober duerch Är Stëmmen ënnerstëtzt.
D’ Kandidate vun der CSV Sektioun Gemeng Fréiseng
Claude AREND, Uespelt
Marie-Louise AULNER ép. WAGENER, Fréiseng
Yves BROSIUS, Uespelt
Cathy CAMPOS, Uespelt
Claude COURTOIS, Fréiseng
Michèle HANSEN-HOULLARD, Helleng
Georges HOFFMANN, Uespelt
Marc JACOBY, Fréiseng
Fränk RIPPINGER, Uespelt
Aloyse SCHILTZ, Uespelt
Fränk ZEIMES, Helleng