D’Gemeng huet réaffirméiert den CR156 zwëschen Fréiseng an Uespelt (Haffstrooss – Krokelshaffstrooss- Péiter-vun-Uespelt- Strooss ) vum Stat iwwerhuelen ze wëllen. Et muss een sech bewosst sinn, dass dës Entscheedung mat ganz ville Laaschten fir d’Gemeng verbonnen ass: Entretien vun där dach ganz langer Strooss, mat Beem schneiden, Grasschneiden am Summer a Salzen am Wanter! Et stellt sech onweigerlech d’Fro, op eis Gemeng iwwerhaapt équipéiert ass, fir dës Aufgaben ze iwwerhuelen.
Anererseits ass et awer déi eenzegMéiglechkeet, fir déi Stroossen ze berouegen, fir se innerorts an eng Zone 30 ze changéieren oder fir soss Mesuren ze huelen déi gutt si fir eis Leit, awer op enger Statsstrooss net erlabt sinn. CSV begréisst dës Entscheedung aus dëse Grënn, weist awer ausdrécklech op d’Belaaschtung hinn, déi heiduerch op d’Gemeng zoukënnt.
D’CSV begréisst och den Entschloss endlech emol Kloertext a Punkto Schlass geschwat ze hunn. Mir sin eng Gemeng, an dofir ass et eigentlech egal a wéi engem vun eisen Dierfer d’Administratioun oder och soss een Service sech befënnt. Dat soll do sinn, wou et praktesch a wirtschaftlech sënnvoll ass. A wann een engerseits ee Gebäi eidel stoen huet, an dat schonns vill Geld gefloss ass, da mecht et Sënn do Servicer ënner Dag ze bréngen, fir déi anerwärts nët méi genuch Plaz ass. Mir hun de Moyen net méi fir eis alles dreimol ze leeschten a fir eis eng deier nei Gemeng ze bauen, dofir fehlt eis leider och ee Casino!
CSV Gemeng Fréiseng