Skip to content

CSV-Motioun fir eng “Commune sans tabac” eestëmmeg ugeholl

An de leschte Statistiken zum Tubakkonsum zu Lëtzebuerg vum Gesondheetsministère gouf festgestallt, dass net nëmme weiderhi 27% vun de Leit am Land fëmmen, mee dass virun allem bei de Jonken tëschent 16 a 24 Joer d’Zuelen erëm an d’Luucht ginn (vu 24% am Joer 2022 op 27% am Joer 2023).

Aus dem Gronn gouf de Mouvement “Génération sans tabac” vun der Fondation Cancer, zesumme mat hire Partner, an d’Liewe geruff mam Zil, dass d’Kanner a Jugendlecher vun haut an engem fëmmfräien Ëmfeld opwuesse kënnen a bis 2040 zu Lëtzebuerg déi éischt Generatioun ouni Tubak lieft.

An dem Kontext hat d’CSV Fréiseng am Gemengerot vum 26. Juni 2024 eng Motioun eragereecht, fir dass eis Gemeng eng “Commune sans tabac” soll ginn. Dës Motioun gouf eestëmmeg vum Gemengerot ugeholl.

Mat dem Label weise mir als Gemeng dass mer eis fir d’Rechter vun de Kanner a Jugendlecher asetzen, fir an enger Welt opzewuessen, an där se net mam Tubakkonsum a senge Follge konfrontéiert ginn. Méiglech Moossname sinn z.B. eng besser Signalisatioun an eng Ausweidung vun de Plaze wou Fëmmverbuet ass, Evenementer fir d’Populatioun iwwert den Thema „Génération sans tabac“ ze sensibiliséieren oder och nach d’Abannen vun de lokale Veräiner.

Beitrag deelen