Am Gemengerot vum 25. September 2024 hat d’CSV Fréiseng eng Motioun eragereecht, fir e partizipative Budget am globale Budget fir d’Joer 2025 virzegesinn. Hei hunn d’Awunner an d’Associatiounen aus eiser Gemeng d’Méiglechkeet fir hir eege Projeten eranzereechen an déi Projeten, déi se gäre realiséiert kréien, och duerno kënnen ze wielen. Verschidde Gemengen am Land, wéi z.B. Réiser oder Diddeleng, hunn och schonns esou e partizipative Budget agefouert. Zil ass et d’Bierger méi un den Entscheedungen deelhuelen ze loossen an et hinnen ze erméiglechen, hir eegen Iddien, déi fir d’Zesummeliewen an eiser Gemeng sënnvoll sinn, matzedeelen.
Déi vun der CSV virgeschloe Motioun, mat engem Budget vun 100.000€, gouf vun den anere Parteien am Gemengerot begréisst an dowéinst och eestëmmeg ugeholl.
Déi genau Modalitéite mussen nach vum Schäfferot mat den zoustännege Servicer festgehale ginn. Am Budget 2025 sinn dofir op alle Fall schonns 100.000€ ageplangt.