Skip to content

Eis Mobilitéit ass festgefuer oder “Es fährt ein Bus nach niergendwo”

De Schäfferot setzt sech weeder fir en adequaten Ausbau vun de Vëlospisten nach fir eng uerdentlech Ubannung un den ëffentleche Verkéier an. Zwee Punkten déi d’CSV um Walprogramm hat.

Sou feelen nach ëmmer komplett vum Stroossennetz getrennte Vëlospisten tëschent eisen dräi Dierfer. Och feelt eng komplett Ubannung Richtung Westen un d’Vëlospistenetz Diddeleng – Krokelshaff – Beetebuerg wou ee kéint d’Gare zu Beetebuerg an Esch/Uelzecht erreechen. Richtung Norde feelt och eng komplett Infrastruktur a Richtung Réiserbann an Hesper. Domat wieren dann déi national Ballungsgebidder erreechbar.

Wat den ëffentleche Verkéier ugeet do sinn Uespelt a Fréiseng relativ gutt ugebonne mat den RGTR Linne vun der Achs Réimech – Munneref – Lëtzebuerg, mee Helleng ass déi eenzeg Uertschaft ausser Obeler (< 200 Awunner) am Ëmkrees vun 20km ouni direkt Buslinn an d’Stad. Ass dat nach zäitgeméiss? Kritt een esou d’Leit op den ëffentlechen Transport? Déi Hellenger mussen zu Beetebuerg oder Fréiseng ëmsteigen. Falls den Zuch/Bus aus der Staat Verspéidung huet, wat leider reegelméisseg de Fall ass, sou verpasst een dann den Anschluss Bus vun der Linn 550 fir op Helleng. Dëst bedeit dann 1 Stonn waarden op den nächste Bus an den “heures creuses” tëschent 9:00 a 16:00! Do war virun der Reform vum RGTR (2016-2022) ëmmerhin een 30 Minuttentakt tëschent Uespelt a Beetebuerg.

Ëmmerhi ginn déi Hellenger net méi komplett am Ree stoe gelooss vu dass zanter puer Méint ee Bushaischen um Arrêt “Bei der Kirch” Richtung Beetebuerg opgeriicht gouf. Flott wier och esou en Haischen op der Säit Richtung Fréiseng gewiescht.

Eng digital Annonce op den Haaptarrêten mat den nächsten Departen a Verspéidungen “en temps réel” esou wéi een dat an anere Gemenge fënnt wier eng flott Opwäertung fir eis Mobilitéit.

Bei Interventioune vun der CSV am Gemengerot verstoppt sech de Schäfferot ëmmer hannert der Ausso dass d’Gemeng do näischt ze soen hätt, an déi komplett Responsabilitéit géif beim Ministère de la Mobilité et des Travaux publics leien.

Der CSV no huet de Schäfferot do awer divers Méiglechkeete fir beim Ministère ze intervenéieren a konstruktiv matzeschaffen. Wou e Wëllen ass, do ass och e Wee.

Beitrag deelen