---
title: 'Kandidatinnen a Kandidaten'
url: 'https://freiseng.csv.lu/lb/elections-2023/candidats'
markdown: 'https://freiseng.csv.lu/lb/elections-2023/candidats.md'
lang: lb
date: '2026-04-24'
---

# Kandidatinnen a Kandidaten

 ![Barthel Jacques](https://freiseng.csv.lu/user/pages/04.elections-2023/03.candidats/barthel-jacques.jpg) 

Barthel Jacques

65 Joer — Pensionéiert — Helleng

- Member vun der Finanzkommissioun Fréiseng
- Tresorier vum Lions Club Mameranus (LCM)
- President vun der Sozialkommissioun vum LCM
- Éiere-Member vun der LFMA (Luxembourg Financial Markets Association)

Ech setze mech a fir:

- eng gesond an kreativ Finanzpolitik
- eng ugepassten Infrastruktur- a Mobilitéitspolitik
- Digitaliséierungsinitiativen fir all Generatioun

 ![Courtois Claude](https://freiseng.csv.lu/user/pages/04.elections-2023/03.candidats/courtois-claude.jpg) 

Courtois Claude

49 Joer — Gemengerot, Informatiker am Finanzministère — Fréiseng

- Member vum Gemengerot Fréiseng
- Member vun der Chancëgläichheetskommissioun
- Sekretär vun der CSV Sektioun Fréiseng
- Comitésmember vun der APEF (Elterevereenegung Fréiseng)

Ech setze mech a fir:

- eng biergerno Politik mat de Bierger zesummen
- eng besser Liewensqualitéit an eiser Gemeng
- eng dynamesch an digitaliséiert Verwaltung

 ![Hoffmann Georges](https://freiseng.csv.lu/user/pages/04.elections-2023/03.candidats/hoffmann-georges.jpg) 

Hoffmann Georges

39 Joer — Gemengerot, Schoulmeeschter — Uespelt

- Member vum Gemengerot
- Member vun der Bauten- a Schoulkommissioun
- President CSV Sektioun Fréiseng
- Member vum CSV Nationalrot
- Member vum CSV Südbezierkscomité

Ech setze mech a fir:

- eng gerecht Jugend- a Schoulpolitik
- d'Wichtegkeet vum Sport op Gemengeniveau ze fërderen
- d'Kultur an d'Geschicht an eiser Gemeng ze promouvéieren

 ![Jacoby Marc](https://freiseng.csv.lu/user/pages/04.elections-2023/03.candidats/jacoby-marc.jpg) 

Jacoby Marc

46 Joer — Gemengerot, Ingénieur / Ëmweltberoder — Fréiseng

- Member vum Gemengerot Fréiseng
- Chef vum Service Écologique vun der Gemeng Käl/Téiteng
- Member vum Klimateam
- Member vun der Ëmweltkommissioun Fréiseng

Ech setze mech a fir:

- Nohaltegkeet, Ëmweltthemen an Naturschutz
- Logement a Mobilitéit
- Energiespueren a Gemengeinfrastrukturen

 ![Kalmes ép. Thinnes Karin](https://freiseng.csv.lu/user/pages/04.elections-2023/03.candidats/kalmes-karin.jpg) 

Kalmes ép. Thinnes Karin

62 Joer — Pensionéiert — Fréiseng

- Fréier administrativ Persoun bei engem Veterinär
- Matarbechterin op der Réiser Gemeng

Ech setze mech a fir:

- eng gerecht an sozial Jugendpolitik
- eng ugepassten Verkéierspolitik
- eng interessant an ofwiesslungsräich Fräizäit Offer fir d'Awunner

 ![Krier Géraldine](https://freiseng.csv.lu/user/pages/04.elections-2023/03.candidats/krier-geraldine.jpg) 

Krier Géraldine

43 Joer — Léierin — Fréiseng

- Sekretär vum Schëfflenger Schoulcomité
- Member an verschiddenen Aarbechtsgruppen an der Schoul
- Member vum Projet "Sécher Schoul"

Ech setze mech a fir:

- eng sécher a gerecht Schoul
- Chancëgläichheet fir jiddereen
- interessant kulturell Aktivitéiten fir all Generatioun

 ![Meyer Luc](https://freiseng.csv.lu/user/pages/04.elections-2023/03.candidats/meyer-luc.jpg) 

Meyer Luc

42 Joer — Professeur-Ingénieur an der Elektrotechnik — Helleng

- Member an der Sportskommissioun
- President vum Dëschtennis Helleng

Ech setze mech a fir:

- Verbesserung vum ëffentlechen Transport a Reduzéierung vum Trafic
- eng zukunftssécher Energie
- eng ugepassten Infrastruktur un d'Duerf- a Veräinsliewen

 ![Meyer Karin](https://freiseng.csv.lu/user/pages/04.elections-2023/03.candidats/meyer-karin.jpg) 

Meyer Karin

61 Joer — Attachée à la direction a Conseillère Hotelschoul Dikrech — Uespelt

- Conseil d'Administration Femmes en Détresse
- Conseil d'Administration Arcus
- Conseil d'Administration Fondatioun Fir ons Kanner
- Trésorière vun der CSV Stad

Ech setze mech a fir:

- méi Fraen och an der Gemengepolitik
- gutt Versuergungsstrukturen fir d'Kanner nieft der Schoulzäit
- eng liewenswäert Gemeng

 ![Pescarolo Othello](https://freiseng.csv.lu/user/pages/04.elections-2023/03.candidats/pescarolo-othello.jpg) 

Pescarolo Othello

65 Joer — Pensionéiert — Uespelt

- Tresorier CSV Sektioun Fréiseng
- Member an der Sportskommissioun Fréiseng
- Member an der Kommissioun 3ème Ages Fréiseng

Ech setze mech a fir:

- d'Sportsvereiner an der Gemeng
- en sozialt Emfeld an betreites Wunnen
- e Fleegeheem an eng Wunngemeinschaft mat al a jonk

 ![Schuman ép. Degrott Pascale](https://freiseng.csv.lu/user/pages/04.elections-2023/03.candidats/schuman-pascale.jpg) 

Schuman ép. Degrott Pascale

63 Joer — Onofhängeg Formatrice — Fréiseng

- Kommiteesmember CSV Sektioun Fréiseng
- Generalsekretär vun InterFormation
- Vizepräsidentin vun VC L'Endurance Leudelange

Ech setze mech a fir:

- d'Bierger méi an d'Geschéien vun der Gemeng anzebannen
- kreativ Initiativen fir d'Soziaalt- a Veräinsliewen
- eng gerecht an aktiv Integratiounspolitik

 ![Weimerskirch Michel](https://freiseng.csv.lu/user/pages/04.elections-2023/03.candidats/weimerskirch-michel.jpg) 

Weimerskirch Michel

39 Joer — Web-Entwéckler, Digitaliséierungs-Expert — Uespelt

- Grënner vu Spellchecker.lu
- Member vun der Jugendkommissioun vun der Gemeng

Ech setze mech a fir:

- méi familljefrëndlech Infrastrukturen an anere Offeren an der Gemeng
- eng attraktiv douce Mobilitéit an a ronderëm d'Dierfer
- den Ausbau vun den digitale Servicer vun der Gemeng

---

## Navigation

- Parent: [Gemengewalen 2023](https://freiseng.csv.lu/lb/elections-2023.md)
- Previous: [Eis Prioritéiten](https://freiseng.csv.lu/lb/elections-2023/priorites.md)
- Next: [Presentatiounsvideo](https://freiseng.csv.lu/lb/elections-2023/video.md)
