Skip to content

En neie Centre Culturel et Sportif fir Helleng

Den aktuelle Centre Culturel et Sportif zu Helleng, an den 1980er Jore gebaut, huet seng beschten Zäiten hannert sech. Den Zant vun der Zäit huet seng Spueren hannerlooss, sou dass all Joer erëm Reparaturen ustinn. Och am Budget 2025 huet de Schäfferot, nodeems en 2024 schonns 75.000€ fir d’Renovatioun vum Dach virgesinn hat, weider 125.000€ ageplangt.

Amplaz all Joer deier Reparaturen ze maachen ass d’CSV Fréiseng dofir, en neie Centre Culturel et Sportif zu Helleng ze bauen. Dëse Projet soll am Zesummespill mat de Veräiner an Awunner vun Helleng ëmgesat ginn, fir hire konkrete Besoine Rechnung ze droen. Dëst Gebai soll dann och energeetesch dem aktuelle Stand entspriechen.

Beitrag deelen