Am Gemengerot vum 25. Mee 2024 hat de Schäfferot dem Gemengerot e Compromis zur Ofstëmmung virgeluecht, fir d‘Scheier zu Uespelt vis-à-vis vum Schlass fir 7,85 Milliounen € ze kafen.
Op Nofro wat dann domat géif gemaach ginn, konnt de Schäfferot zu dem Zäitpunkt nëmme vague Undeitunge maachen. Sou sollt de Restaurant verlount an z.B. fir d‘Rentnerfeier genotzt ginn. D‘Haus, wat am Moment nach verlount ass, soll iergendwa spéider eng Kéier fir sozial Wunnengen ëmgebaut ginn. Och wousst de Schäfferot net, wéi de genauen Zoustand vun de Gebailechkeete wier, wat déi lafend Käschte wieren a wéi vill Suen an Zukunft nach missten doran investéiert ginn.
De Kaf vum Gebai, den net am Koalitiounsprogramm virgesi war, huet missten des Weidere komplett iwwert e Prêt finanzéiert ginn.
D‘CSV ass a priori net géint de Kaf vun esou engem Gebai, wann een dann d‘Suen huet. Hätte mer als Gemeng déi Suen op der Säit gehat, dann hätt een esou e Projet kéinten ugoen. Sou awer muss elo wärend 30 Joer e Prêt zeréckbezuelt ginn woumat Suen fir aner zukünfteg Projete feelen. Dobäi kënnt, dass u sech eng Kaz am Sak kaf ginn ass an net gewousst ass, wéi vill Suen an Zukunft nach mussen dran investéiert ginn.
Aus deene Grënn huet d‘CSV géint de Kaf vun der Scheier zu Uespelt gestëmmt. Mat deene Suen hätt een duerchaus aner, méi sënnvoll an néideg Projete kéinte finanzéiere, sief et am Beräich vum Logement à coût modéré, bei der energeetescher Sanéierung vun de bestoende Gebailechkeeten oder en Vue vun enger Infrastruktur fir betreit Wunne fir eis eeler Matbierger an der Gemeng.
De finalen Acte de vente an den zousätzleche Vote vun engem Prêt vu 16,5 Milliounen € fir ënnert anerem de Finanzement vun der Transaktioun sinn dunn am Gemengerot vum 26. Juni 2024 zur Ofstëmmung komm. Och hei hu mer als CSV aus de grad genannte Grënn souwuel beim Acte wéi och beim Prêt dogéint gestëmmt.