Skip to content

Generalversammlung an uschléissend Konferenz iwwer d’Steierreform

Den 11. Mäerz huet d’CSV Gemeng Fréiseng am Uespelter Schlass hir Generalversammlung ofgehalen. Nieft dem Réckbléck op d’Aktivitéite vun der Sektioun an dem Austausch iwwert déi kommend Aufgaben an Erausfuerderunge stoung och d’Liewe vun eiser lokaler Sektioun am Mëttelpunkt.

Am Uschloss un d’Generalversammlung gouf eng Konferenz mam neien CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet organiséiert. Virun de Membere vun der Sektioun, awer och virun externe Gäscht, huet hien déi nei Steierreform presentéiert an déi wichtegst Ännerungen erkläert. Dobäi ass hien op déi zentral Mesuren agaangen an huet och d’Méiglechkeet ginn, Froen ze stellen an ze diskutéieren.

Souwuel d’Generalversammlung wéi och d’Konferenz ware gutt besicht, wat den Interessi un der Aarbecht vun der CSV Gemeng Fréiseng an un de politeschen Aktualitéiten ënnersträicht. Mir freeën eis iwwert déi positiv Resonanz a soen all de Participanten häerzlech Merci fir hir Präsenz an hiren Interessi.

Beitrag teilen