Am Gemengerot vum 24. Abrëll 2024 gouf e Projet fir eng nei Spillplaz zu Helleng um Bourbierg iwwert 350.000€ gestëmmt.
Och wann dat vill Geld ass huet d‘CSV de Projet mat gestëmmt, well et eis wichteg ass, dass an de Wunnquartieren an eiser Gemeng esou Gemeinschaftsplaze geschaf ginn. Mir hunn awer bedauert, dass hei erëm e Projet realiséiert soll ginn, ouni am Virfeld mat de concernéierte Leit aus dem Quartier ze schwätzen. Zwar huet eis Gemeng an hirem Aktiounsplang vum neie Pacte Logement 2.0 d’Biergerbedeelegung als ee vun de 7 Haaptpunkte virgesinn an als Beispill och de Reamenagement vun ëffentleche Plaze genannt. An der Praxis wollt de Schäfferot elo awer bei dësem Projet näischt méi dovu wëssen. Sou huet de Buergermeeschter ënnert anerem gemengt, dass bei esou ëffentleche Versammlungen oft den Interêt net ganz grouss wier an en ëmmer e bëssen enttäuscht wier vun der Participatioun vun de Leit.
Mir fannen dat schuet. Am initiale Plang sinn op där Plaz e grousst Spill vir Kanner ënner 6 Joer an eent fir Kanner iwwer 6 Joer virgesinn. Dobäi sollen nach e puer Bänken an e Picknick-Dësch kommen. Déi, déi dat wëssen, sinn d’Leit déi do wunnen. Mir hätten d’Awunner mat agebonne fir gemeinsam eppes auszeschaffen. Leider ass de Schäfferot do anerer Meenung. Oder toleréiert e vläicht keng aner Meenung wéi seng eegen?