---
title: 'Fir eng reegelméisseg Verdeelung vum Gemengebuet'
url: 'https://freiseng.csv.lu/lb/fir-eng-reegelmeisseg-verdeelung-vum-gemengebuet'
markdown: 'https://freiseng.csv.lu/lb/news/2023/05/fir-eng-reegelmeisseg-verdeelung-vum-gemengebuet.md'
lang: lb
date: '2023-05-08'
description: 'Och wann haut vill Leit sech iwwer Internet informéieren, sou bleift de Gemengebuet a Papeierform e wichtegt Kommunikatiounsmëttel fir d’Awunner ze informéieren. Leider gëtt dësen an eiser Gemeng a leschter Zäit net méi reegelméisseg verdeelt. Sou kënnt et, dass säit bal engem Joer kee Gemengebuet …'
---

Op de Punkt

8\. Mee 2023

# Fir eng reegelméisseg Verdeelung vum Gemengebuet

 [← Aktualitéit](https://freiseng.csv.lu/lb/news) 

 ![Fir eng reegelméisseg Verdeelung vum Gemengebuet](https://freiseng.csv.lu/user/pages/02.news/2023/05/02.fir-eng-reegelmeisseg-verdeelung-vum-gemengebuet/cover.jpeg) 

Och wann haut vill Leit sech iwwer Internet informéieren, sou bleift de Gemengebuet a Papeierform e wichtegt Kommunikatiounsmëttel fir d’Awunner ze informéieren. Leider gëtt dësen an eiser Gemeng a leschter Zäit net méi reegelméisseg verdeelt. Sou kënnt et, dass säit bal engem Joer kee Gemengebuet méi eraus komm ass! Generell Informatioune gi per eenzel Flyer verdeelt, wat e grousse Verdeelungs- a Materialopwand bedeit.

Als CSV bedauere mer et, dass déi aktuell Majoritéit dem Gemengebuet sou wéineg Interessi schenkt. An Zukunft soll de Buet zu fixen Datumen 3-4 mol am Joer erauskommen, fir dass d‘Leit méiglechst zäitno a komplett informéiert ginn. Da kéint een z.B. och eng Agenda mat geplangten Evenementer vun der Gemeng a vun eise Veräiner, oder interessant Artikelen iwwert eis Gemeng an hir Geschicht, mat dra virgesinn.

---

## Navigation

- Previous: [Energiespueren – Keng Prioritéit fir eis Gemeng](https://freiseng.csv.lu/lb/news/2023/05/energiespueren-keng-prioriteit-fir-eis-gemeng.md)
- Next: [Fir eng biergerno Politik mam Bierger zesummen](https://freiseng.csv.lu/lb/news/2023/05/fir-eng-biergerno-politik-mam-bierger-zesummen.md)
