Skip to content

Coronavirus – Gemeinsam fir eng beschtméiglech Ënnerstëtzung vun eisen Awunner

Eis Gesellschaft erlieft eng Situatioun wéi vill vun eis se bis elo nach net matgemaach hunn. Momentan kann nach kee genau viraussoe wéi dat Ganzt ausgeet a wéi déi Welt ausgesäit an där mer nom Ausgang vun dëser Pandemie liewe wäerten.

Och eng Gemeng ass gefuerdert fir an dëser ongewinnter Situatioun hir Servicer sou wäit wéi nëmme méiglech ze garantéiere an d’Awunner beschtméiglech ze ënnerstëtzen.

Fir eis als CSV ass et wichteg, dass mer an dëser Phas gemeinsam no Léisunge sichen, onofhängeg vu Parteikaart a politeschen Iwwerzeegungen. Dowéinst hunn eis 3 Conseillere Claude Arend, Michèle Hansen-Houllard a Marc Jacoby dem Schäfferot d‘Ënnerstëtzung vun der CSV zougeséchert an hinnen eng Rei Proposen ënnerbreet, wat d’Gemeng kéint an deenen nächste Wochen ënnerhuelen.

Konkret Virschléi sinn ënner anerem:

  • Déi modern Medien (Internet, Facebook, Frisange-App fir mobil Apparater, sms2Citizen) verstäerkt a virun allem nach besser notze fir d’Leit mat wichtegen Informatioune ronderëm déi aktuell Situatioun ze informéieren.
  • Parallel dozou eng reegelméisseg Verdeelung vu Flyere mat alle wichtegen Informatioune virgesi fir déi Leit, déi net esou gutt mat de neie Medien eens ginn.
  • Well de Recycling-Zenter momentan zou ass, stapelen sech a ville Stéit Kartong, Gréngschnëtt, Glas a Plastik. Fir ze evitéieren dass Leit dës Saachen an déi schwaarz Dreckskëscht geheien, sollt mam Prestataire gekuckt ginn, op se d’Méiglechkeet hunn fir wärend dëser exzeptioneller Phas ausnamsweis op mannst Glas a Kartong matzehuelen, wa se nieft der Dreckskëscht stinn, well dës voll ass. Donieft sollt versicht gi fir mam Gemengepersonal reegelméisseg Tournéeën duerch eis Dierfer ze organiséiere fir Plastik an eventuell och Gréngschnëtt mat de Gemengen-Camionnettë bei de Privatleit ewech ze huelen.
  • De Frisibus promouvéieren fir Leit, déi kee Gaart hunn, d’Méiglechkeet ze ginn, an eis Bëscher ze kommen a frësch Loft ze schnapen. Wärend dëser Zäit sollt den Transport och gratis sinn.

Donieft sollten och d’Betriber aus eiser Gemeng net vergiess ginn. Dës hu momentan mat deels enorme finanziellen Aboussen ze kämpfen. Och wann de Staat hei schonns vill ënnerhëlt fir ze hëllefen, sou sollt och eis Gemeng e Fong virgesinn fir iwwer een nach festzeleeënden Verdeelerschlëssel de Commerce aus eiser Gemeng ze ënnerstëtzen. Et wier fatal wann duerch dës Kris Betriber an eiser Gemeng missten hir Diere fir ëmmer zou spären.

Eng weider Méiglechkeet wier fir ze kucken wéi eng Opträg kéinte kuerzfristeg ausgeschriwwe ginn fir Entreprisen no der Kris méiglechst séier Aarbecht ze verschafen.

Verschidde vun dësen Iddien si vläicht och schonns vum Schäfferot ugeduecht ginn, wat ëmsou besser wier.Mir als CSV Sektioun Gemeng Fréiseng sinn op alle Fall bereet fir matzeschaffen an dofir ze suergen, dass eis Awunner an eis Betriber beschtméiglechst vun hirer Gemeng encadréiert ginn a jiddereen ënnerstëtzt gëtt, do wou et méiglech ass.

Beitrag deelen