Skip to content

Coronavirus – Verspéit Verdeelung vun de Masken an der Gemeng Fréiseng

Leschte Mëttwoch, de 15. Abrëll kruten d’Gemengen am Land e Circulaire vum Inneministère, dass se géife mat Maske beliwwert gi fir un hir Awunner ze verdeelen. Dës Maske goufen och Enn leschter Woch an eiser Gemeng ugeliwwert.

Et wier also genuch Zäit gewiescht fir sech ze organiséieren a mat Hëllef vum Personal (Gemeng, Maison Relais, …) respektiv vu Fräiwëllegen (Veräiner, CGDIS, Gemengerot, Gemengekommissiounen, …) eng schnellstméiglech Verdeelung vun de Masken op den 20. Abrëll an d’Wee ze leeden, sou wéi dat vill aner Gemenge gemaach hunn.

Och d’CSV hat dem Schäfferot schonns den 29. Mäerz seng Ënnerstëtzung zougesot fir an der Kris zesummen ze schaffen a gemeinsam no Léisunge fir d’Sécherheet an d’Gesondheet vun eisen Awunner ze sichen. Leider ass ons ausgestreckten Hand hei net ugeholl ginn …

Et ass enttäuschend an traureg zugläich dass elo den 20. Abrëll just e Flyer vun der Gemeng an der Boîte ze fannen ass, dass d’Maske géifen an de nächsten Deeg ausgeliwwert ginn. Amplaz Zäit domat ze verléieren, dëse Flyer ze preparéieren, ze drécken an duerch d’ganz Duerf auszedeelen hätt ee besser gehat dës Zäit schonns dofir ze benotze fir d’Verdeelung vun de Masken ze preparéieren.

Mir als CSV rappelléieren nach eng Kéier, dass mir gewëllt sinn der aktueller Majoritéit ze hëllefen, well et an dëser Situatioun net ëm Parteikaart a politesch Iwwerzeegunge geet, mee ëm d’Wuel an d’Sécherheet vun eisen Awunner. Et wier schéi wann de Schäfferot kéint iwwer säi Schiet sprangen an dës Hëllef an Zukunft unhuelen.

Beitrag deelen