Skip to content

CSV Fréiseng ënnerstëtzt d’Resolutioun vum ausseruerdentlechen Nationalkongress vum 9.11.2019

Och eis Sektioun war op dësem ausseruerdentlechen Nationalkongress vertrueden. Mir droen den Text vun der Resolutioun, déi ugeholl ginn ass.

Mir begréissen et ganz besonnesch, dat sech d’Idi an eise Reien duerchgesat huet, verstäerkt op Waasserstofftechnologie ze setzen. Elektromobilitéit kann nëmmen eng Etapp duerstellen, bis eng besser, komplett émissiounsfréi Technologie bereet ass. Des Weideren mussen fossil Energiequellen duerch regenerativer ersat ginn. An endlech soll e flächendeckend Netz vu Veloswéer gebaut ginn, dat Bewegungsmëttel, dat guer keng Emissiounen produzéiert.

Der aktuell katastrofaler Situatioun um Wunnengsbau muss resolut begéint ginn. Et ass un der Zéit, endlech Land op ze kafen, op deem och a Form vun dem bail emphytéotique gebaut, an dann laangfristeg verlount gëtt. Der Baulandspekulatioun soll de Krich ugekënnegt ginn.  Nei alternativ Formen vu Wunngemeinschaften, z.B. tëschent Studenten a Senioren, sollen ënnerstëtzt ginn.

Dir fannt déi ganz Resolutioun op dësem Link.

Beitrag deelen