Skip to content

Motioun fir eng Accueilstruktur fir de Précoce

D’Motioun vun der CSV Fréiseng fir eng Accueilstruktur fir de Précoce ze schafen ass vum Gemengerot eestëmmeg ugeholl ginn.

Am Gemengerot vum 30. Mäerz 2022 hat d’CSV Fréiseng eng Motioun agereecht, fir an Zukunft eng Accueilstruktur fir d’Kanner am Précoce ze schafen. Bis elo gouf et keng esou Struktur, sou dass vill Elteren hir Kanner net konnten an de Précoce aschreiwen, eng Problematik déi och vun der Fréisenger Elterevereenegung APEF an engem Bréif un de Gemengerot op en neits thematiséiert gouf.

Och wann eng kuerzfristeg Léisung fir d’Rentrée 2022/2023 net méiglech wäert sinn, sou huet de Schäfferot ower seng Bereetschaft erkläert, fir am Budget 2023 déi néideg Moyene virzegesinn, fir eng komplett Betreiung moies virun der Schoul, an der Mëttesstonn an och am Nomëtteg no der Schoul fir all concernéiert Kanner an der Gemeng unzebidden, déi dann ab der Rentrée 2023/2024 soll funktionéieren.

Op dëser Basis gouf d’Motioun vun der CSV dunn eestëmmeg vum Gemengerot ugeholl.

Den Detail vun eiser Motioun fann der hei : CSV Motion conseil 30.03.2022

De Video vun der ganzer Diskussioun kënnt dir hei kucken:

Beitrag deelen