Skip to content

Den neie Schäfferot – keng Récksiicht op gemengnëtzeg Aarbecht

Déi nei Majoritéit huet d’Sitzunge vum Gemengerot op dee leschte Mëttwoch am Mount um 17 Auer festgeluecht. Dëse fixen Datum gëtt och vun der CSV begréisst. Well ower eise Gemengerot Michèle Hansen-Houllard während der Schoulzäit all Mëttwoch tëschent 16 a 17 Auer eng LASEP-Grupp zu Fréiseng betreit, hate mer gefrot fir de Gemengerot richt um 17.15 Auer unzefänken, well d’Madamm Hansen-Houllard déi kleng Däbbessen net kann eleng do stoe loossen. Dës Ufro ass leider op daf Ouere beim neie Schäfferot gestouss an de Refus gouf mat dem plompe Gronn, dass d’Reunioune soss ze spéit fäerdeg ginn (mir schwätze wuel gemierkt vu 15 Minutten!) begrënnt. Dëst ass de gemengnëtzegen Engagement mat Féiss getrëppelt a léisst sech eigentlech nëmmen duerch klatzkäppege politesche Calcul erklären.

D’CSV Fraktioun am Gemengerot wäert aus Solidaritéit mat der Madamm Hansen-Houllard an hirem Engagement an der LASEP dowéinst an Zukunft richt um 17.15 Auer an de Gemengerot kommen, och wann dëse sollt offiziell um 17 Auer ugoen. Mir hoffen ower weiderhin op en Alenke beim neie Schäfferot an dësem Punkt.

Et ass ze hoffen, dass esou Kierchtuermspolitik-Decisiounen net zur Normalitéit mat där neier Majoritéit ginn.

Beitrag deelen