Skip to content

En Ënnerstand fir de Kierfecht zu Uespelt

Den 23.10.2019 huet de Gemengerot de Projet vun engem Bëschkierfecht gestëmmt. Dëse Projet, bei deem och d’Gemengen Duelem, Munneref a Weiler mat maachen, gëtt och vun der CSV gedroen. Hei kënnen déi Leit, deenen hire Wonsch et ass, verstreet ze ginn, hier lëschte Rou fannen. Een Ënnerstand aus Holz soll deen néidege Schutz a würdege Kader bei enger Zeremonie bidden.

An deem Kontext huet CSV drop higewisen, dat zu Uespelt um Kierfecht, am Géigesaz zu Helleng a Fréiseng, nach ëmmer keen Ënnerstand steet. Duerfir gouf gefrot, bei der Opstellung vum Budget 2020 esou eng Depense vir ze gesinn.

Beitrag deelen