Skip to content

Fir eng reegelméisseg Verdeelung vum Gemengebuet

Och wann haut vill Leit sech iwwer Internet informéieren, sou bleift de Gemengebuet a Papeierform e wichtegt Kommunikatiounsmëttel fir d’Awunner ze informéieren. Leider gëtt dësen an eiser Gemeng a leschter Zäit net méi reegelméisseg verdeelt. Sou kënnt et, dass säit bal engem Joer kee Gemengebuet méi eraus komm ass! Generell Informatioune gi per eenzel Flyer verdeelt, wat e grousse Verdeelungs- a Materialopwand bedeit.

Als CSV bedauere mer et, dass déi aktuell Majoritéit dem Gemengebuet sou wéineg Interessi schenkt. An Zukunft soll de Buet zu fixen Datumen 3-4 mol am Joer erauskommen, fir dass d‘Leit méiglechst zäitno a komplett informéiert ginn. Da kéint een z.B. och eng Agenda mat geplangten Evenementer vun der Gemeng a vun eise Veräiner, oder interessant Artikelen iwwert eis Gemeng an hir Geschicht, mat dra virgesinn.

Beitrag deelen