Skip to content

Gemengerot vum 19.12.2018 : Stellungnahm vun der CSV Fréiseng zum Budget 2019

Här Buergermeeschter,

Hutt Dir net geduecht, d‘Gemeng Fréiseng hätt am Lotto gewonnen, wou Dir d‘Circulaire vum Inneministere gelies hutt?

Nach ni an der Geschicht vun der Gemeng Fréiseng, an der Gyberien-Zäit eng vun de Gemengen am Land mat de meeschte Scholden, war eis Finanzsituatioun sou gutt ewéi elo. Net dat mer keng Scholden hätten. Awer déi Schold ass bekanntlech géint Zënse déi klammen ofgeséchert, sou datt et do kee Kappzerbrieches gëtt.

Et ass evident, dat sou en Akommes fir Investitioune muss genotzt ginn. Investitiounen an Qualitéit vun der Déngschtleeschtung, an d’Liewensqualitéit vun eise Bierger an och fir déi kommend Generatiounen.

Dir wëllt an den nächste Joren investéieren. Domat ass CSV averstanen. Dir wëllt nei Leit astellen, souwuel den administrative wei och den technesche Service optiméieren. Do si mir als CSV selbstverständlech mat derbäi, och wa mer et immens schued fannen– a mindestens bei der Madamm Hoffmann Carboni fanne mir fir déi Remark secher en oppent Ouer – datt Dir elo wëllt manner Hëllef fir jonk Aarbechtsloser ubidden. Mir fannen et traureg, datt Zuel vun de CAE-Jonke vun 2 op elo just nach 1 erof gesat gëtt.

Eigentlech misst d’CSV also Äre Budget fir d’Joer 2019 matstëmmen. Eigentlech! Wann do net den extraordinären Deel vum Budget wier. Deen mat den Investissementer… eiser Meenung no op der falscher Platz!

Et geet am dësem Deel net genuch em Effizienz a Nohaltegkeet fir eis Gemeng an et feelt eis u Visiounen a Wäitsiicht!

Hei e puer Beispiller firwat d’CSV dëse Budget net ka matstëmmen.

Éischtens stinn, no 850.000 Euro am Joer 2018, elo 4,4 Milliounen dra, fir de Site vum Uespelter Schlass. Obwuel et bis elo nach ëmmer kee Konzept gëtt, wat soll an dem Schlass gemaach ginn. Et sinn zwar anscheinend Gespréicher fir e Veräinssall mat de Geschichtsfrënn a Schlassfrënn gefouert ginn. An Archive sollen do kennen ugeluecht ginn. An eventuell och eng Bibliothéik. An déi leschte Rumeur schwätzt vun enger Zort Theatersall.

Net ze vergiessen den Hochzäitssall!

Et ass nach ëmmer kee Konzept do, an Dir wëllt per Force dat Schlass fäerdeg stellen.

Obwuel et eng ganz Rëtsch aner Projete ginn, déi vill méi noutwendeg sinn:

  • Mir brauchen en neit Gemengenhaus,
  • eng Reserve fir den Ausbau vun der Schwemm fir eis Schoulkanner zu Réiser,
  • eng nei Crèche,
  • en Ausbau vun eiser Kläranlag
  • a sollten eis prioritär em Verkéiersberouegung an eiser Dierfer këmmeren
  • Wou ass de soziale Wunnengsbau drun?
  • Wou gëtt eppes fir déi Leit gemaach déi aus hierem Doheem hu misse fortlafen grad ewei vill vun eise Matbierger virun iwwert 70 Joer.

Zweetens stellt Dir elo – temporär, afir 700.000 Euro – weider Containeren hei hannen op de Parking. D‘Vergréisserung vun der Maison Relais hat 2017, no de leschte Walen, fir Iech anscheinend absolut Prioritéit.

Wieren déi fäerdeg Pläng fir d’Gemeng zu Uespelt esou emgesat ginn, kéint sech elo op de Bau vun enger Maison Relais konzentréiert ginn.

Drëttens si mer da beim soziale Wunnengsbau. Dir hutt de Plang vun der aler Majoritéit mam Paschtoueschhaus zu Uespelt futtigemaacht. An elo mat der och nach d’Paschtoueschhaus futti. A wat kennt an d’Platz? Ee Kontrakt mat engem Architekt, fir 25.000 Euro, nodeems dee Plang schonn do war.

Véiertens stinn an Ärem Budget just nach 250.000 Euro, mat deene Gemeng, wann eng Opportunitéit sech bitt, Terrainen oder Gebaier wëllt kafen. CSV/LSAP haten do mol mat 2 Milliounen ugefaangen. Och dat sinn Investissementer. Dir wësst dat jo. Schliisslech hutt Dir jo mat dem Kaf vun der Spigarelli-Proprietéit bewisen, dat Dir schnell handele kennt. Awer elo ass kee Sputt méi do. Et ass näischt méi ze héiere vum Här Mousel senger Fro no dem Intressi vun der Gemeng um Gebai vun der Post zu Uespelt. An net méi no der Paschtoueschwunnéng an der Annexe gefrot ginn. Do wou et jo nach en Nëtzungsrecht ze gi schéngt. Dat, wat an Oppositiounszäiten eng „gutt Iddi“ ass, gëtt „um Pouvoir“ séier vergiess. Mir fannen dat net an der Rei.

Fënneftens fanne mer et och guer net an der Rei, dat ënnert dem Posten “Circulation” just 50.000 Euro virgesi goufen. De Verkéier an de Spëtzestonnen duerch eis Dierfer, ass e grousse Problem. Dee mir natierlech net eleng als Gemeng kenne léisen. An awer sollte mer eis als Responsabel mat Nodrock Gedanke maachen, wei mer de Verkéier aus eisen Dierfer eraus kréien.

  • Musse mer Stroossen fir de Duerchgangsverkéier zou maachen?
  • Musse mer Stroossen vum Staat iwwerhuele, fir eis kenne besser ze organiséieren?
  • Musse mer vereenzelt Stroossen zréck bauen, an se manner interessant fir den Duerchgangsverkéier maachen?
  • Wei kréie mer dee selwechten Duerchgangsverkéier vun eisen Feld- anSpadséierwee fort?

Déi ganz Thematik schéngt Iech net wierklech ze interesséieren.

An de sechsten a virleschte Punkt vun eiser Begrënnung firwat d‘CSV de Budget net ka matstëmmen, ass d’Thema Nohaltegkeet. Et kommen am Ëmweltberäich vun Iech wéineg Initiativen: weder duerch Aarbechten, datt mer an der Zertifizéierung vum Klimapakt weider kommen, nach konkret Mesurë fir Energie ze spueren. A wou bleiwe Vëlosweeër? Um Enn bleift do just de Projet mat der Photovoltaik um Dag vum Atelier. Do ass CSV frou driwwer. Allerdéngs sollte mer dee Projet fir eis Matbierger op maachen. Erënnert Iech un de grousse Succès, wei d’Photovoltaikanlag op dem Dag vun der Uespelter Hal mutualiséiert gouf.

A schliisslech, als siwente Punkt, wëlle mer Iech un Är Verspriechen an Äre respektive Wahlprogrammen erënneren. Wou ass dat Offallkonzept, wat de Bierger soll manner belaaschten? Wou ass en Ofschafe vun der vill diskutéierter „taxed’équipement collectif“. Budgetéiert fir 2019 sinn elo 180.000 Euro, nodeems der 2017 nach nëmmen 108.000 era komm sinn. A wou ass d’Renovatioun vum Hellenger Waassertuerm am Budget? Am DP-Wahlprogramm war Iech dat Versprieche praktesch eng ganz Säit wäert. Am Budget 2019 ass net mol en Cent dofir virgesinn.

Dat waren also eis 7 Grënn firwat d’CSV de Budget net ka matstëmmen. Obwuel en am ordinären Deel ganz an der Rei ass.

Jo, et ass néideg ee weideren Techniker anzestellen. Et ass richteg d’Organisatioun vun enger Vakanzekolonie finanziell ze ënnerstëtzen. Gutt fanne mer et och, dat d´Kommunikatioun tëscht der Gemeng an hire Bierger soll verbessert ginn. Obwuel et 70.000 Euro kascht. An datt derniewent vill Suen a Receptioune gestach ginn. Mee wann de But ass, den Zesummenhalt an den Dierfer ze stäerken, sinn och déi Gelder gutt ugeluecht.

Dass 10.000 Euro eleng fir déi nei “Péiter vun Uespelt Doudesdag Kommissioun” am Budget stinn, gefällt eis selbstverständlech manner. Datt ëmmer erëm a Material fir eis Beamten an Aarbechter investéiert gëtt, ass duergéint ze begréissen. Dat och d’Jugend eppes vun de ville Recetten huet, ass richteg. Obwuel dee Posten am Budget just vun 30.000 op 35.000 erop geet. Et kann een sech awer froen, wann de Staat da schonn sou léif mat eis war, op een net extra sportlech oder schoulesch Leeschtunge finanziell eppes méi beloune sollt. An och d’Schoulspueren an de Cadeau vun der Gemeng fir déi Kanner, sollten eppes no uewen ugepasst ginn.

Datt och de Pro Actif am Joer 2019 fir eis Bierger ka schaffen, fanne mer gutt. An dann denke mer och un de Frisi-Bus a hoffen, dat den neie Fuerplang, iwwert Hassel an d’Stad an och op Réimech, Uklang bei eise Bierger fënnt. (K) Mir sinn och domat averstanen, wann Dir eis Präzisioune gitt, iwwert de „Outsourcing“ vu verschiddenen Aarbechten op der Container-Platz zu Helleng.

Datt d’Gemeng an Zukunft fir den Entretien vum Uespelter Foussballterrain zoustänneg ass, a sech dat 25.000 Euro kaschte léisst, ass ze begréissen. Eis aner Sportsveräiner botze jo och hir Sportshalen net selwer. Wann mer da scho bei de Sportsveräiner sinn, sollt een drun denken, der Sportskommissioun den Optrag ze ginn, hei d’Subsiden nach e Mol op de Leescht ze huelen. Bei bal 2 Millioune méi an der Kees, kann een do e bësse méi sprange loossen.

Mir sinn also mam „ordinären“ Deel vum Budget 2019 ganz bei Iech, droen deen och mat. Et ass, wei gesot, de „extraordinären“ Deel vun eis Kappzerbrieches mëscht. An dofir musse mir leider dësem Budget eng Datz ginn.

Da soll ech Iech nach zwou Remarke vu menge Kollege Schiltz an Arend mat op de Wee ginn. Den Emprunt vun enger Millioun deen am Budget steet, dee brauch Dir sécher net ze huelen. Firwat? Ma well dat, wat d’Oppositioun der Equipe Aulner ëmmer erëm virgeworf huet, nämlech net genuch ze schaffen, och fir d’Oppositioun elo  als Kritik un der Equipe Beissel net kann ewech diskutéiert ginn. 8,2 Millioune sollten 2018 investéiert ginn. Gepackt huet Dir der eppes iwwert d’Hallschent, nämlech 4,5 Milliounen. Dir muss manner wëlle futti maache vu Projete vun der viregter Majoritéit a méi selwer schaffen.

Merci dat Dir mir sou laang nogelauschtert huet. Mir stemmen zwar de Budget net mat, wënschen Iech awer trotzdeem eng glécklech Hand bei der Organisatioun an Ausféierung vun de villen Aarbechten a wënschen Iech an eis alleguerten e schéine Chreschtdag an e glécklecht Neit Joer bei beschter Gesondheet.

Beitrag deelen