Skip to content

“Grouss Botz” zu Fréiseng, Helleng an Uespelt

D’Grouss Botz ass eng Aktioun fir d’Ëmwelt ze schützen an d’Natur ze verschéineren, andeem s Offäll opgesammelt ginn, déi an der Landschaft verdeelt sinn. An engems gi Matbierger vu jonk bis al op d’Wichtegkeet vun enger propperer Ëmwelt an engem récksiichtsvolle Verhale sensibiliséiert

D’CSV Fréiseng huet sech mat Freed un der Editioun vun 2023 bedeelegt, déi de 25. Mäerz an eisen dräi Uertschafte Fréiseng, Uespelt an Helleng organiséiert gouf.

No der Botzaktioun gouf e Barbecue fir d’Participanten ugebueden, deen am Gemengenaterlier zu Helleng stattfonnt huet. Dëst war eng flott Geleeënheet fir sech auszetauschen a gemittlech zesummen ze sinn. D’CSV Fréiseng seet jiddwerengem Merci, dee sech un dëser wichteger Aktioun bedeelegt huet a freet sech op déi nächst Grouss Botz.

Beitrag deelen