Skip to content

Liichtverschmotzung, och eis Gemeng kann eppes dogéint ënnerhuelen!

Liichtverschmotzung, also déi negativ Auswierkunge vu Beliichtung op eis Ëmwelt, hëlt weider zou. Eng Étude, déi de Staat 2016 an Optrag ginn huet, weist kloer aus, dat och mir hei net verschount sinn. Aus dëser Étude ass am Juni 2018 e « Leitfaden für gutes Licht im Aussenraum » ginn, deen de Gemenge virgestallt gouf. Op 93 Säite ginn hei praktesch Beispiller gewisen, fir onnëtzt Liicht ze begrenzen, respektiv aus ze schalten.

D’Gemeng Clierf huet als éischt Gemeng hei am Land reagéiert an sech e Programm ginn, fir géint dës Zort vun Ëmweltschiedegung aktiv ze ginn.

Mir als CSV Fréiseng hunn am Gemengerot vum 23.10.2019 déi aktuell Majoritéit op dës Thematik higewisen, an dem Ëmweltschäffen un d’Häerz geluet, dësen Thema an enger nächster Ëmweltkommissioun ze behandelen.

Beitrag deelen