Skip to content

Presentatioun vun den CSV Kandidaten fir d’Gemengewalen vum Juni 2023

De 15. Mäerz goufen am Kader vun enger ausseruerdentlecher Generalversammlung vun der CSV Sektioun Fréiseng déi 11 Kandidaten fir d’Gemengewalen virgestallt.

Nodeem s all Kandidat mat engem kuerzen Profil vum Deputéierten Marc Spautz virgestallt gouf, konnten si jeeweils dunn erklären fir wéi eng Theemen si sech wäerten asetzen.
Esou konnt den Public, dorënner 5 Deputéierten (Nancy Arendt, Felix Eischen, Gilles Roth, Marc Spautz an Michel Wolter), erkennen, datt fir all Aspekter vun dem Liewen an der Gemeng kompetent an engagéiert Kandidaten sech staark maachen wäerten.

D’Lëscht ass mat Begeeschterung an per Acclamatioun ugeholl ginn.

  • Jacques Barthel, 64 Joer, Pensionéiert
  • Claude Courtois, 48 Joer, Gemengerot, Informatiker am Finanzministère
  • Georges Hoffmann, 39 Joer, Gemengerot, Schoulmeeschter
  • Marc Jacoby, 46 Joer, Gemengerot, Ingénieur / Ëmweltberoder
  • Karin Kalmes épouse Thinnes, 62 Joer, Pensionéiert
  • Géraldine Krier, 43 Joer, Léierin
  • Luc Meyer, 42 Joer, Professeur/Ingénieur a der Elektrotechnik
  • Karin Meyer, 61 Joer, Attachée à la direction an conseillère Hotelschoul Dikrech
  • Othello Pescarolo, 65 Joer, Pensionéiert
  • Pascale Schuman épouse Degrott, 63 Joer, Onoofhängesch Formatrice
  • Michel Weimerskirch, 39 Joer, Web-Entwéckler / Digitaliséierungs-Expert

Mir soen alle Kandidatinnen a Kandidaten elo scho M E R C I fir hiert Engagement! 💛💙🤍

Beitrag deelen