Skip to content

Projet Crèche, Club Senior a sozial Wunnengen zu Uespelt

Kuerz virun de Gemengewalen huet de Schäfferot dem Gemengerot säi geplangte Projet um Terrain vum ale Paschtoueschhaus zu Uespelt presentéiert. Fir ronn 14 Milliounen € sollen hei eng Crèche fir bis zu 68 Kanner, e Club Senior fir ronn 25 Leit an 3 Appartementer, déi ënnert d’Krittäre vum abordabele Wunnraum falen, opgeriicht ginn. En duerchaus interessante Projet, den awer an eisen Aen op där falscher Plaz realiséiert gëtt. Duerch dëse Projet gëtt am Duerfkär vun Uespelt en net onbeträchtlecht Verkéiersopkommes geschaf, op enger Plaz, wou mer eigentlech de Verkéier eraus wollten hunn a wou d’Parkméiglechkeete limitéiert sinn. Dowéinst dierft d’Personal vu Crèche a Club Senior mol net um Site parken, mee misst sech soss iergendwou an Uespelt eng Plaz sichen.

Als CSV hätte mer et begréisst, wann d’Crèche zu Fréiseng an der Géigend vun der Schoul realiséiert gi wier (z.B. integréiert am neie Gebai wou de Scoutshome an e Gemeinschaftssall hikënnt oder am Projet vun der neier Schoul a Maison Relais). Dëst hätt och déi Elteren, déi méi Kanner hunn, sécherlech besser arrangéiert. Leider gouf eis Meenung am Virfeld vun der aktueller Är Equipe-DP Majoritéit net gefrot, dat selwecht gëlt fir déi berodend Gemengekommissiounen, déi och keen Avis gefrot gi sinn.

Och ass dëst no der neier Schoul/Maison Relais den zweete käschtespillege Projet, den nach kuerz virun de Walen duerchgeboxt gëtt. Laut den aktuelle Berechnungen, déi de Schäfferot eis presentéiert huet, geet eis Gemeng dovun aus, dass se bis 2028 eng Schold vu ronn 80 Milliounen € wäert hunn. An der aktueller Zäit mat enger ongewësser Zënsentwécklung ass dat an eisen Aen keng gesond a verantwortungsvoll Finanzpolitik.

Aus dëse Grënn hu mir als CSV dëse Projet net matgestëmmt, och wa mer grondsätzlech net géint eng Crèche, e Club Senior oder abordabele Wunnraum sinn.

Beitrag deelen