Skip to content

Reaktioun vun der CSV Fréiseng op de Koalitiounsprogramm vun der neier Är Equipe-DP Majoritéit

Gemengerot 29. November 2017

Reaktioun CSV Sektioun Gemeng Fréiseng

 

Här Buergermeeschter,
dir Hären aus dem Schäfferot,
dir Damen an Hären, léif Kollegen aus dem Gemengerot,

am Numm vun der CSV wëlle mer Iech vir d’aller éischt gratuléieren. Gratuléieren dat der, no fir iech 6 laange Joer an der Oppositioun, erëm de Wee zréck un d´Spëtz vun der Gemeng fonnt huet. Frou si mir bei der CSV selbstverständlech net doriwwer. Mir wäre gäre weider gefuer, net well mer eng grondsätzlech aner Politik wei dir dat elo vir huet, gemaacht hätten. Et gi keng parteipolitesch Grief an der lokaler Politik, a scho guer keng an sou enger klenger Gemeng wei Fréiseng. Mir wei dir haten an hunn d’Ambitioun, eis an den Déngscht vun eise Matbierger ze stellen.

Dat heescht awer net, dat et tëscht iech an eis net awer Ënnerscheeder gëtt. Och mir hätten eng nei Maison Relais gebaut respektiv déi aktuell vergréissert. Och mir wei dir hätten an eng Kläranlag investéiert. Och mir wei dir hätten eise Recycling Park zou Helleng vergréissert. An och eng CSV hätt sech an enger Koalitioun staark gemaacht, fir d’Käschte vum Offall nach eng Kéier op de Leescht ze huelen.

Mir hunn mat nohalteger Politik an enger Ëmweltkommissioun eng Premiere an der Gemeng gefeiert. An trotzdeem huele mir iech et of, dat dir elo och eng nohalteg Politik entdeckt huet. A wann dir den een och anere Punkt an den nächste Jore sollt  vergiessen, si mer do fir iech un är Versprieche vu virun de Wahlen an natierlech och äre Koalitiounsprogramm ze erënneren. Net
nëmme bei dem Thema vun enger nohalteger Politik, awer speziell och do. Wëll tëscht 2005 an 2011 hat dir do bësse gelappt.

Dir kennt also bei all deenen Iddien, wou an den nächste 6 Joer Projete ginn, op eis Ënnerstëtzung zielen. Mir hëllefe wou mer kennen, proposéiere wou mer mengen et sollt anescht gemaacht ginn. Awer kritiséieren och do, wou mer mengen, dat och en anere Wee op Roum féiert. Awer, an dat ass eis enorm wichteg, an dofir wëlle mer dat haut an elo garantéieren, maache mer dat
ëmmer am Respekt vum Politiker wou och a virun allem e Mënsch ass. Mir wäerten op dëser Platz, an och soss, haart mat iech argumentéieren, souguer wahrscheinlech och mat iech streiden. Awer mir verspriechen, ëmmer de Ball an net de Mann (oder d´Fra) ze spillen. Mir bleiwen eng fair Oppositioun.

Och bei deenen Themen, wou mer awer och guer net mat iech averstane sinn. Och do! Och bei Thema vun der neier Gemeng. A domat verbonnen natierlech den Iddie fir d’Schlass. Mat eis kënnt do keng Museksschoul hin, et gëtt och keng Bibliothéik. A scho guer net wëlle mer e Pop-Up Store. Wat verkafe mer dann do? Teppecher wou fréier zu Preisch versteet gi sinn? Oder soss e Kreemchen. Ma dat Schlass ass dach kee Souk. Oder wëllt dir elo Här Buergermeeschter, e Souk-Här ginn a kee Schlasshär méi bleiwen?

Natierlech wiere mer eis och géint de “Betons-Rosch”. Eis Dierfer si genuch verschampeléiert ginn. Et muss Schluss si mat deem ville Bauen. Erëm mat dem Zoubetonéieren ufänken, ass keng Optioun. Mir bauen do net mat. Just bei Sozialwunnenge kënnt dir op eis zielen. Do baue mer mat, wëll do feelen der souvill am Ländchen, dat engem scho bal Dronkenellen ausginn. An och bei enger Crèche si mer am Boot, oder nach besser, sti mer um Bagger. Awer dee Bagger schafft zou Fréiseng, do wou eis Familljen hir Kanner a Maison Relais a Schoul bréngen. A soss Néierens!

An dann, dir kënnt iech et sécher denken, passe mer op! Bei dem PAG. Ganz gutt op. Mindestens sou gutt wéi dir dat an de leschte Jore gemaacht huet. Awer mir passen op ouni perséinlech Attacken ze reiden. Dofir, a mir erlaben eis hei och am Numm vun der LSAP ze schwätzen, musse verschidden Donnéeën op den Dësch. An deem Sënn wäerte mir an der nächster Sitzung vum Gemengerot, eise Land- an Immobilien-Besëtz offe leeën. An mir erwaarden eis, dat Dir Här Buergermeeschter, äre Leit dat och un d’Häerz leed. Mir haten an hunn absolut näischt ze verstoppen.

Et ass net un der Zäit eis elo detailléiert mat ärem Koalitiounsprogramm ze beschäftegen. Mir waarden elo wei dir am Budget Enn des Joers är éischt Akzenter setzt. An da geet et richteg lass; Ënnerstëtzung do wou se verdéngt ass, Hëllef do wou se néideg ass, an Argumentatioun do wou et och anescht geet.

Här Buergermeeschter, mir freeën eis op déi nächste 6 Joer an enger neier Funktioun. A wënschen iech eng glécklech Hand, vill Nerven an eng gutt Ausdauer. An eise Kollegen am Gemengerot soe mer e grousse Merci, dat se sech ëmmer fir d’Allgemengheet an net fir Partikularintressen asetzen.

Beitrag deelen