Skip to content

Stellungnam zum Budget 2018

Fannt hei ënnendrënner déi offiziell Stellungnam vun der CSV Sektioun Fréiseng, sou wéi se vun eisem Conseiller Claude Arend an der Sëtzung vum Gemengerot den 11. Januar 2011 virgedroe gouf:

Här Buergermeeschter,
Dir Damen an Häre vun der Majoritéit,

Wéi ech virun 2 Wochen, no der Presentatioun vum Budget vun eiser Gemeng fir 2018, doheem déi vill Zuelen nach e mol Revue passéiere gelooss hunn, ass mer de Gedanke komm, menger Partei ze proposéieren, de Budget haut den Owend matzestëmmen.

Matzestëmmen, well dir net sou vill Zäit hat fir en opzestellen, matzestëmmen och well jo awer nach Projeten, wou vu CSV a LSAP geplangt goufen, elo exekutéiert ginn. Dunn awer hunn ech mer dat Dokument am Detail analyséiert, mir hunn eis an der CSV mat eisem Comité ausgetosch, a sinn alleguerten unisono zu der Iwwerzeegung komm, haut den Owend mat eng kloren an däitlechen NEE ze stëmmen.

Firwat dat? Well d’Akommes vun der Gemeng an ärem Budget an am Verglach zum rektifizéierte Budget 2017 ëm 3.61% klëmmt, dir awer bal 15% méi wëllt ausgi wéi 2017. Mir schwätzen hei selbstverständlech vu „recettes et dépenses ordinaires“. Ech hat virun 12 Méint op dëser Platz schonn e mol bemierkt, dat et schued ass, dat méi un Suen aus der Stad zum Deel auszeginn ,anstatt et vir Investissementer ze huelen. Dir maacht et genau d’selwecht, just nach vill méi däitlech an domat och nohalteg wéi virdrun. Well elo gesi mer ganz klor, wou och nach liwwert 1 Millioun Paie vun de Schoulmeeschter vum Staat iwwerholl ginn, dat Gemeng Fréiseng ganz däitlech zu de Gewënner vun der Reform vun de Gemengefinanze gehéiert. Och wa mer wahrscheinlech an den nächste Joren erëm en Deel fir d’Finanzéierung vum Rettungswiese geholl kréien.

Wann elo nach deen enorme Plus op den Depensen enger nohalteger Politik ze gutt kéimen, misst een eis Kritik eventuell bëssen nuancéieren. Awer at dem nohaltegen Ophale vun der Gemeng a sougenannter grénger Politik, si mer erëm genau sou weit wéi 2011. Et ass näischt do, ausser engem Subside fir Frigo’en, dee vun der aler Ëmweltkommissioun sou net ënnerstëtzt gi wier. Net nëmme gitt der ze vill Suen aus, dir gitt se och nach falsch aus.

Well dir d’Fonctionnementskäschte vun der Gemeng net am Grëff huet! Well ze vill Léit agestallt ginn. Well et schéngt ëm Quantitéit ze goen an net ëm Effizienz. Hai e Büro méi, do eng „Contrat de maintenance“ vu 40.000 Euro, nach eng Persoun an der Administratioun fest agestallt a wahrscheinlech fanne mer dann och nach e Grond, dee CAE, wou dann ausleeft, nei ze argumentéieren. Wann een eleng scho bedenkt, dat de Fonctionnement vun eise Sportshale mëttlerweil 750.000 Euro kascht! Dir setzt är Recetten net effizient genuch an.

Mir halen iech awer ze gutt, dat eng Ausgab am „ordinären“ Deel net konnt vun iech beaflosst ginn. Dat sinn déi 600.000 Euro wou de Sifridawe, eis Kläranlag, kascht. Bon, de „Delta“ par Rapport zum „rectifié“ 2017 sinn net 600.000, mais nëmme 418.000 Euro. Wa mer iech déi gutt halen, dann ass et awer nach eng Progressioun vun 11% op den Depense géint 3.61% op der Gemeng hirem Akommes. 11% eraus, 3.61% eran. An dat soll 6 Joer laang opgoen? Wat soll een do soen?

Mir gesinn natierlech, elo vu Verschëldung vun der Gemeng zum groussen Deel kengem Zensrisiko méi ausgesat ass, am Budget trotzdeem nach Spillraum bléift fir Investitiounen. Dir wëllt dëst Joer 1.5 Millioune léine goen. A wahrscheinlech nach méi an den nächste Joren. Mir mengen dat do nach e Spillraum fir weider Emprunte vu bis zu 5 Millioune bleift. Mir hoffen, dat der mat äre Projeten sou séier weider kommt, dat den Emprunt muss geholl ginn. Speziell muss e geholl gi wann dir dem Staat wëllt 1 Millioun fir e Gebai zu Uespelt bezuelen. Dat ass vill ze deier, och wann et am Budget steet. Méi wëlle mer zu den Investissementer mol guer net soen. Mir waarden op d’Projeten. Do wäerte mer en Deel matdroen, en Deel probéiere positiv ze beaflossen a selbstverständlech, sou bal et ëm Schlass oder soziale Wunnengsbau geet, wahrscheinlech net mat der Majoritéit averstane sinn.

Am Resumé bleift festzehalen, dat dir vill méi Suen aus gitt wéi et gutt ass. An dobäi huet dir net vill Sputt. Well d’Eropsetze vum Waasserpräis huet dir nach net op de Recettë weider ginn, dofir awer och iwwerhaapt kee vun äre Walversprieche – manner Grondsteier a manner fir den Offall – ëmgesat. Mir als CSV hätte mindestens Grondsteier anescht gerechent an och direkt fir 2018 domat ugefaangen. Speziell DP-Wieler däerften enttäuscht sinn. Oder muss een eppes affere fir eppes anescht ze kréien?

Op déi Fro erwaarde mer eis natierlech keng Äntwert. Mais där Froen huet d’CSV Fraktioun der nach genuch. An dat iwwerhuelen elo meng Kollegen.

Beitrag deelen