Skip to content

Zum Hellenger Waassertuerm

Fir et direkt kloer ze stellen, d’CSV Fréiseng ass net géint d’Renovéierung vum Hellenger Waassertuerm. Natierlech gëtt et bei eis an der Sektioun net nëmmen eng Meenung. Fir déi eng ass et e „Stéck Bëtong“, fir anerer steet de Waassertuerm als Erkennungszeechen oder als Zäitzeie vun der Uertschaft Helleng. An der CSV ass et also wéi bei de Leit. Wéi mer d’Awunner 2017 ëm hir Meenung gefrot hunn, war och do keng kloer Tendenz ze erkennen.

Dofir hu sech eis Vertrieder 2020 och am Gemengerot beim Vott vum Budget fir d’Renovatioun vum Waassertuerm enthalen. A se hunn och e Referendum an d’Spill bruecht. D’Léit hätte sollen däerfe soen, op et wënschenswäert wier, de Waassertuerm ze erhalen. Well am Endeffekt ginn hei Steiersue verbaut. Déi vun eis all kommen. A well mer net alleguerten de selwechten Notzen an dëser Klasséierung a Renovatioun gesinn, sollt d’Populatioun agebonne ginn.

Am Virfeld hätt een dann och kontrovers iwwert de Pro a Kontra kéinten diskutéieren. Am Fall vum Hellenger Waassertuerm wieren dat zum Beispill den architektonesche Wäert vum Tuerm géint d’Käschte vu senger Renovatioun. 2020 waren dës mat 700.000€ budgetiséiert. 3 Joer méi spéit ass nach ëmmer weider näischt geschitt, sou dass een dovun ausgoe muss, dass d’Renovatioun wesentlech méi deier wäert ginn an 1 Millioun wuel depasséiere wäert.

Beitrag deelen