Skip to content

80 Milliounen € Schold bis 2028!

Dëst ass d’Zuel déi den aktuelle Schäfferot am Gemengerot vum 29. Mäerz 2023 am 5-Jores-Plang presentéiert huet! Sécherlech ass dës Zuel just eng Schätzung a kann duerch eng ganz Rei Facteuren (Staatlech Subsiden, Retard bei der Realiséierung vun de Projeten, Méikäschten duerch déi aktuell Inflatioun, zousätzlech Projeten déi nach net ageplangt sinn, …) souwuel an déi eng wéi och an déi aner Richtung nach signifikant änneren. Trotzdeem ass déi Schold, déi eis Gemeng an den nächste Joren ophuele muss, keng kleng. Am Verglach mat den anere Gemengen am Land, wier Fréiseng domat, Stand haut, déi Gemeng mat där héchster Schold (aktuell ass dat Wolz mat ronn 66 Milliounen €). An Zäite vu steigenden Zënse wou een nach net weess, wéi d’Entwécklung op de Finanzmäert weidergeet, ass dat sécher keng Finanzpolitik, déi een als „en bon père de famille“ kéint bezeechnen.

Beitrag deelen