Skip to content

Eise Buergermeeschter a säi bedenklecht Verständnis vun Demokratie

„… déi di de Budget ënnerstëtzt hunn, déi schaffen drun, an déi en net ënnerstëtzt hunn, mussen dann hei och net mat diskutéieren …“, sou de Buergermeeschter seng lakonesch Ausso am Gemengerot vum 6. Januar 2021 op eng Motioun vun der LSAP fir en Aarbechtsgrupp fir d’Erweiderung vun der Schoul a Maison Relais ze grënnen, an dem ënner anerem och all Fraktioun aus dem Gemengerot sollt vertruede sinn.

Dës politesch Iwwerzeegung, wéi de Buergermeeschter et och nach nennt, ass skandaléis a bedenklech zugläich, weist se dach wéi wéineg hien anscheinend vun Demokratie, Inclusioun a Meenungsfräiheet hält. Nëmmen déi, déi senger Meenung sinn, dierfen och matschwätzen. Riichteraus sarkastesch erschéngt dobäi dann seng um Ufank vun der Sitzung ausgedréckte Gléckwënsch op eng gutt Zesummenaarbecht am Gemengerot.

Bedauerlech fanne mer, dass de Schäffe vun der DP dës Astellung mat dréit, enger Partei déi stolz dat Wuert « Demokratesch » an hirem Numm dréit an déi an hirem Grondsazprogramm ënner anerem stoen huet: „Politik darf nicht ausschließen, sie muss einschließen. Unterschiedliche Meinungen, Vorstellungen und Lebensprojekte verdienen Respekt und Schutz durch die Gesellschaft.“.

Dës Astellung entsprécht op alle Fall net dem Verständnis vun Demokratie an Zesummenaarbecht vun den CSV Vertrieder am Gemengerot. Mir waren a sinn och weiderhi gewëllt konstruktiv am Dialog un de Projete matzeschaffen an eis Iddien anzebréngen a wäerten eis sécher net de Mond verbidden oder e Maulkuerf uleeë loossen.

Beitrag deelen