Skip to content

Energiespueren – Keng Prioritéit fir eis Gemeng

Am Kontext vun der Energiekris hat d‘CSV an der Gemengerotssitzung vum 28. September 2022 dem Schäfferot d’Fro gestallt wéi eng Mesuren d’Gemeng Fréiseng wéilt huele fir Energie ze spueren. Do krute mir erkläert, dass dat keng Prioritéit wier.

Dës Aussoe konnte mir net esou stoe loossen an hunn dowéinst den 26. Oktober 2022 eng Motioun am Gemengerot deposéiert. Hei goufe konkret Moossname proposéiert fir Energie ze spueren, wéi z.B.:

  • Gemengen-Infrastrukturen nach just ob maximal 20°C hëtzen an d’Heizzäiten upassen;
  • Beliichtung vun ëffentleche Gebaier a Stroossebeliichtung reduzéieren;
  • Eng Sensibiliséierungscampagne fir d’Gemengepersonal, d’Veräiner an d’Schoule lancéiere wéi ee
    kann Energie spueren.

Eis Motioun gouf awer net ugeholl mat der Argumentatioun, dass Gemeng scho villes ënnerholl hätt an dowéinst keng zousätzlech Mesure géif ergräifen. Energiespueren a mam gudde Beispill virgoen si keng Prioritéite vun der aktueller Majoritéit, och wann et nach ëmmer genuch Méiglechkeete gëtt fir Energie an eiser Gemeng ze spueren.

Op déi Punkten hu mir drop higewisen, mee leider ouni Erfolleg.

Beitrag deelen