Skip to content

Fir eng biergerno Politik mam Bierger zesummen

Déi aktuell Är Equipe-DP Majoritéit hat an hirem Koalitiounsprogramm virgesinn, déi consultativ Kommissioune méi ze respektéieren. Leider muss een no 6 Joer feststellen, dass d’Kommissiounen oft lénks leie gelooss oder nëmme ganz spéit ëm hiren Avis zu wichtegen Dossiere gefrot ginn. Mam Resultat, dass Enn d’lescht Joer praktesch déi ganz Finanzkommissioun hier Demissioun agereecht hat an de Schäfferot nëmme mat ganz vill Fléiwen an Aussicht op e méi konstruktiivt Zesummeschaffen d’Memberen iwwerzeegt krut, hiert Mandat zu Enn ze féieren.

Der CSV Fréiseng läit et besonnesch um Häerz, dass d’Bierger kënne matschwätzen a mat entscheeden, an dëst net nëmmen all 6 Joer wa Wale sinn. Nieft de consultative Kommissiounen, déi vun Ufank un a wichtegen Dossiere sollte consultéiert ginn an op där hir Meenung an Expertise soll gelauschtert ginn, wëlle mer an Zukunft och Raum schafe fir mat de Leit am Gespréich ze sinn iwwert déi wesentlech Orientéierunge bei kommunale Projeten. Dëst e.a. iwwert méi Informatioun, ëffentlech Versammlungen, Biergerforen, Notzung vu Soziale Medien oder och nach d’Aféierung vun engem participative Budget.

Beitrag deelen