Skip to content

Keen abordable Wunnraum am Lotissement „In der décker Oicht“ zu Uespelt

Den 18. Mee 2022 huet de Gemengerot de Projet vum Lotissement „In der décker Oicht“ zu Uespelt zum Vott virgeluecht kritt. Leider ass an dësem Projet keng eenzeg Unitéit virgesinn, déi no de Krittäre vum abordabele Wunnraum realiséiert gëtt.

24 Haiser si vum Promoteur virgesinn, genau souvill dass den Artikel 29 vum Gesetz betreffend den Aménagement communal net gräift. Dëst gesäit nämlech eréischt ab 25 Unitéite vir, dass ee 10% vun der Fläch fir abordabele Wunnraum muss virgesinn. De Schäfferot huet dat net gestéiert a sou gouf de Projet mat de Stëmme vun Är Equipe, DP an och erstaunlecherweis der LSAP duerchgewonk. D’CSV huet dogéint gestëmmt.

Beitrag deelen