Skip to content

Opwäertung vun de Gemeinschafts­plazen an eiser Gemeng

Am Gemengerot vum 27. Oktober hat d’CSV eng Motioun eragereecht, fir d’Offer u Gemeinschaftsplazen an eiser Gemeng ze verbesseren. Dorënner falen ënner anerem och eis Spillplazen. Eis Propose war fir, zesumme mat den Awunner, eng Analyse vun de bestoende Plazen an de spezifesche Besoinen an de verschiddene Quartiere vun eisen Dierfer ze maachen an e Programm fir déi nächst Joren auszeschaffen, fir nei Plazen ze schafen a bestoender ze erweidere respektiv ze erneieren. Hei déi komplett Motioun fir nozeliesen: CSV Motion conseil 27.10.2021

No Diskussioun am Gemengerot gouf eis Motioun net ugeholl. D’Är Equipe-DP Majoritéit huet dogéint gestëmmt, nëmmen d’LSAP hat sech eis ugeschloss. De Schäfferot huet et als en “Double emploi” ugesinn, well de Programm d’actions local logement (PAL), den am Kader vum Pacte Logement 2.0 soll erstallt ginn, sech och mat der Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun den Awunner beschäftegt. Mär gesinn dat aneschters. D’Haaptprioritéit vum Pacte Logement 2.0 läit op der Schafung vun abordabelem Wunnraum. Den Objektiv vun der Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun den Awunner ëmfaast donieft vill méi wéi nëmme Gemeinschaftsplazen. Och Gemeinschaftsraim, Commerce, Service de proximité, Mobilitéit, asw. falen hei drënner, sou dass dëse Sujet hei nëmmen e klengen Deel vum gesamte PAL ass. D’Ausschaffe vun dem Programm. dee mer an eiser Motioun gefuerdert hunn, wier do eng perfekt Ergänzung gewiescht fir parallel zum PAL eng ganz Rei Projeten auszeschaffen, déi dann am Kader vum Pacte Logement 2.0 kéinte realiséiert ginn.

Beitrag deelen