Skip to content

Eise Walprogramm

Aleedung

Wärend de leschte 6 Joer Är Equipe-DP Majoritéit goufe virun allem grouss an deier Projete lancéiert, woubäi déi meescht awer nach net realiséiert sinn. Och wa mer als Oppositioun leider net an d’Planung vun dëse Projete mat agebonne goufen (wéi d’ailleurs och vill Gemengekommissiounen) hu mer eng ganz Rei dovu matgedroen – wéi z. B. nei Schoul, Scoutschalet, Kierch zu Uespelt – well se néideg oder sënnvoll fir eis Gemeng sinn. Anerer – wéi z. B. Projet Crèche-Club Senior-sozial Wunnengen zu Uespelt, Waassertuerm Helleng, Uespelter Schlass an Annexen – hu mer net matgestëmmt, well se schlecht oder op der falscher Plaz geplangt waren.

Dës Politik vun Är Equipe an DP wäert den Handlungsspillraum vun eiser Gemeng an der nächster Period staark aschränken, well d‘Realiséierung vun de Projeten eis Gemeng wäert staark verschëlden (de 5-Jores-Plang gesäit aktuell bis 2028 eng Verschëldung vun iwwer 80 Milliounen Euro viraus!). Eng gesond Finanzpolitik gesäit aneschters aus!

Gemengepolitik besteet zudeem net nëmmen aus Prestigeprojeten. A villen anere Beräicher sinn d‘Gemengen hautdesdaags gefuerdert, sief et beim Ëmweltschutz, der Mobilitéit dem Urbanismus, der Digitaliséierung oder och nach dem Logement. Dobäi kënnt d‘Zesummenaarbecht mat den nationalen Instanzen oder d‘Abannung vun den Awunner an d‘Entscheedungsprozesser. An all dëse Punkten ass déi lescht 6 Joer net vill geschitt!

Och goufe mir als Oppositioun déi lescht 6 Joer kaum mat agebonnen. An de Kommissiounen konnt z. B. all Kéiers just ee Member vun enger Oppositiounspartei dobäi sinn, sou dass mir net iwwerall vertruede waren. Eis Motioun fir eng Logements-Kommissioun ze schafe gouf zwar am November 2021 ugeholl, d‘Ëmsetzung gouf awer ëmmer erëm an d‘Längt gezunn, sou dass et se nach ëmmer net gëtt. Zumindest eis Motioun fir d‘Schafe vun enger Accueil-Struktur fir d‘Kanner aus dem Precoce gouf ugeholl a soll bis Ufank 2024 realiséiert sinn.

Als CSV triede mir a fir eng proaktiv a solidaresch Kommunalpolitik, no bei de Leit an hire Froen, Uleies a Suergen, a virun allem zesumme mat de Leit. Eise Walprogramm skizzéiert wéi mir eis d’Entwécklung vun eiser Gemeng an den nächste Jore virstellen. Eis Gemeng brauch op politeschem Plang e kompetent an dynamescht Team mat enger staarker an zukunftsorientéierter Visioun. Eis 11 Kandidate ginn dësen Ufuerderunge gerecht!

Schoul

Den Enseignement zu Lëtzebuerg muss an engem ëmmer méi komplexen an dynameschen Ëmfeld funktionéieren. Duerch déi zouhuelend Méisproochegkeet vun eise jonke Matbierger sinn d’Inclusioun esou wéi eng Betreiung a klenge Gruppe wichteg Elementer.

Hei brauch een eng adaptéiert Infrastruktur mat gëeegentem Equipement wou d’Digitaliséierung e Schlësselelement ass. Dofir setze mir eis an dass:

  • dat neit Schoulgebai esou séier ewéi méiglech realiséiert gëtt,
  • all Kand an eiser Gemeng d’Méiglechkeet kritt, fir an de Precoce ze goen,
  • d’Schoulpersonal an d’Eltere bei der inklusiver Aarbecht déi néideg Ënnerstëtzung kréien,
  • d’Schoulbusbegleeder eng spezifesch Formatioun ugebuede kréien.

Kannerbetreiung a Maison Relais

Ons Gesellschaft huet sech an deene leschte Jore schnell verännert. Vill Eltere ginn zu zwee schaffen well se et aus finanzielle Grënn mussen oder et esou wëllen. Dowéinst mussen d’Kanner och adequat ausserhalb vun der Schoul kënne betreit ginn. Hei wier et an eisen Ae wichteg, dass:

  • eis bestoend Gemengecrèche zu Helleng bäibehalen a renovéiert gëtt, wann déi nei Crèche zu Uespelt bis opgaangen ass,
  • zu Fréiseng um Schoulcampus eng weider Crèche geplangt gëtt,
  • all Kand, dat eng Plaz an der Maison Relais (Service d’Education et d’Accueil) brauch, och eng kritt,
  • d’Zesummenaarbecht tëschent Schoul a Maison Relais verbessert gëtt,
  • d’Maison Relais déi néideg Mëttele kritt fir eng qualitativ gutt Hausaufgabenhëllef unzebidden (sou wéi den Educatiounsministère dat versprach huet).

Benevolat a Veräinsliewen

Eng Gemeng lieft duerch hir Veräiner an hir aktiv Memberen. Ouni den Asaz vu benevole Membere kann e liewegt Veräinsliewen net stattfannen, an ouni dat fënnt och kee gesellschaftlecht Liewen an de Gemengen statt. Fir eis Veräiner esou gutt et geet ze ënnerstëtzen, gesi mir vir:

  • de Veräiner an eisen 3 Dierfer déi néideg Raimlechkeeten a Plazen zur Verfügung ze stellen, fir hir Versammlungen a Manifestatiounen ofzehalen,
  • den Hellenger Centre Culturel ze renovéieren,
  • d’Vergab vun de Sport- a Kulturinfrastrukture méi transparent an effizient ze gestalten an de Gemengeveräiner Prioritéit ze ginn,
  • de Gemeinschaftsraum am neie Scouts-Home zu Fréiseng sämtleche Veräiner zur Verfügung ze stellen,
  • en Online-Portal ze schafen, fir d’Gemengesäll direkt online kënnen ze reservéieren a fir ze gesi wat/wou reservéiert ass,
  • de Veräiner méi logistesch Ënnerstëtzung bei hire Manifestatiounen zoukommen ze loossen (z. B. Spullwon, ëmweltfrëndlech Material, …)
  • de Benevolat ze promouvéieren an d’Veräiner dobäi ze ënnerstëtze fir Memberen ze fannen, zemools bei de Jonken (z. B. duerch Informatiounsmaterial oder en „Dag vun de Veräiner“, wou d‘Veräiner an hir Aktivitéite virgestallt ginn).

Kultur

D’Kultur féiert Mënschen zesummen an ass e wesentleche Bestanddeel vun der sozialer Kohesioun. Si ass och e wichtegen Aspekt vum mënschleche Wuelbefannen. Dofir ass et ons wichteg fir:

  • e Kulturbeoptragten ze engagéieren, deen, zesumme mat de Veräiner an der Kulturkommissioun, e Konzept an e Programm ausschafft, fir d’Uespelter Schlass zu engem richtege Kulturzentrum ze maachen,
  • d’Schlass zu Uespelt fir de Public op ze maachen (z. B. fir Receptiounen), sou dass méiglechst vill Leit kënne vum Site profitéieren.

Sport

Grad ewéi d’Kultur ass de Sport eppes wat Mënschen zesumme bréngt an dat soziaalt Liewen an de Gemenge fërdert. Doriwwer eraus leescht d’sportlech Aktivitéit e wesentleche Bäitrag fir d’Gesondheet vun ons all. Dofir gesi mir vir:

  • d’Sportinfrastrukturen auszebauen (z. B. Multi-Sportsterrain bei der Schoul, Beach-Volleyball-Terrain a Petanque-Pist),
  • e syntheetesche Fussballterrain, deen den neisten Ufuerderungen entsprécht, zu Uespelt ze amenagéieren,
  • dat vum gemeinsam mat eisen Nopeschgemengen engagéierten Coordinateur sportif ausgeschaffte sportlecht Konzept, méiglechst séier ëmzesetzen,
  • Mountainbike-Weeër duerch eis Gemeng unzeleeën a se u bestoend aner Weeër unzebannen.

Jugend

Ons Jugend huet ganz besonnesch ënnert de Restriktiounen vun de leschte Joere gelidden. Mir sinn ons bewosst, datt de Passage vun der onbeschwéierter Kandheet an d’Contraintë vum Erwuessenenalter net einfach sinn, an datt een deene jonke Leit muss en Espace ginn, an deem si kënnen hir Erfarunge maachen a sech dozou austauschen. Aus dem Gronn setze mir eis dofir an, dass:

  • e Jugendhaus amenagéiert gëtt,
  • e Jugendbeoptragten agestallt gëtt, dee sech ëm d’Betreiung vun der Jugend këmmert, sief et am Jugendhaus oder aktiv um Terrain,
  • Initiativen ënnerholl gi fir déi jonk Generatiounen an d’Politik an an de Fonctionnement vun der Gemeng anzebannen.

Senioren

Eeler Matbierger hu spezifesch Besoinen an Uleies. Si wëlle sou laang wéi méiglech an hirem vertrauten Environnement wunnen a liewe kënnen, sech fir anerer an der Gesellschaft engagéieren, sech weiderbilden, kulturellen a sportlechen Aktivitéiten nogoen. Dofir gesi mir vir, dass:

  • de Proximitéitsservice bäibehalen a, bedéngt duerch déi grouss Nofro, ausgebaut an duerch z. B. Conciergerie-Servicer (Schousteraarbechten, Botzerei, …) ergänzt gëtt,
  • e Projet fir eng CIPA Struktur fir betreit Wunnen an der Gemeng lancéiert gëtt,
  • bei neie Lotissementer, ab enger bestëmmter Gréisst, Seniorewunnenge mat virgesi ginn,
  • e Plan communal senior zesumme mat den eelere Matbierger ausgeschafft gëtt, an deem weider Bedierfnisser ermëttelt a konkret Mesure virgesi ginn.

Soziaalt Mateneen, Integratioun an Inclusioun

Gemeng, dat bedeit fir ons och Gemeinschaft. Eng Gemeng ass lieweg, wann et e Mateneen a kee Niewenteneen ass. Integratioun an Inclusioun si fir ons prioritär Theme vu kommunalem Zesummeliewen. Mir wëllen e Kontext schafen, an deem kee Mënsch ausgeschloss ass oder vergiess gëtt a setzen eis dofir an, dass:

  • d’Offer u Coursen fir Jonk an Al weider ausgebaut ginn (Schwammcoursen, Turncoursen, Kachcoursen, asw.)
  • Nohëllefscoursen an de Beräicher vun der Digitaliséierung (z. B. Webbanking, Smartphone, …) ugebuede ginn, fir virun allem de Senioren ze hëllefen, mat den neien Technologië Schrëtt ze halen,
  • Initiative gestart gi fir eisen auslännesche Matbierger déi Lëtzebuerger Kultur an Traditioune méi no ze bréngen,
  • e Plan communal handicap mat de Bierger ausgeschafft gëtt, wou d’Schwaachpunkten an eisen Uertschaften ausgemaach a Léisungen ausgeschafft ginn, fir se ze behiewen,
  • den ëffentlechen Transport behënnertegerecht gestalt gëtt,
  • d’Babysittercoursen erëm ofgehale ginn an d’Lëscht vun de Babysitter um Site vun der Gemeng reegelméisseg aktualiséiert gëtt,
  • Gemengesubsiden an déi sozial Ënnerstëtzungen de reelle Besoinen ugepasst ginn an e soziale Verdeelungsschlëssel agefouert gëtt,
  • Awunner, déi an der aktuell schwiereger Zäit op Hëllef ugewise sinn, en adequate Suivi vum Office Social kréien.

Participatioun

An der haiteger Gesellschaft geet eng reng formal demokratesch Representatioun net méi duer. D’Leit wëllen net just all sechs Joer wiele goen, si wëlle gefrot a mat an Entscheedungsprozesser agebonne ginn. Dofir wëlle mir, dass:

  • d’Bierger bei groussen a wichtege Projetë vun Ufank u mat agebonne ginn (z. B. duerch Biergerforen, ëffentlech Versammlungen, …),
  • eis consultativ Kommissiounen bei Dossieren a Projeten, déi hire Beräich betreffen, och ëm hiren Avis gefrot ginn,
  • e participative Budget agefouert gëtt, wou Matbierger eege Projeten an Iddie kënnen erareechen, déi mat dem Budget duerno géife realiséiert ginn, nodeems se ugeholl goufen.

Logement

D’Gemenge sinn ëmmer méi gefuerdert, wann et ëm bezuelbare Wunnraum geet. A wa si sonner Zweiwel eng wichteg Roll spille kënnen, besonnesch wann et ëm d’Mobiliséierung vu bebaubarem Land geet, sou däerfe mir net vergiessen, datt hir Moyene beschränkt sinn an datt d’Léisung um Terrain nëmmen aus dem Zesummespill vun allen Acteure ka kommen. Dowéinst gesi mer am Beräich vum Logement vir, dass:

  • de Pacte Logement endlech richteg ugepaakt an eng Logements-Kommissioun op d‘Been gestallt gëtt,
  • all méiglech Ustrengungen ënnerholl ginn fir abordabele Wunnraum an eiser Gemeng ze schafen an Terrainen dofir opkaf ginn,
  • e Kader geschaf gëtt fir Wunngemeinschaften, Méigeneratiounenhaiser oder Tiny Houses an eiser Gemeng ze erméiglechen.

Urbanismus

Fir d‘Liewensqualitéit an onse Stied an Dierfer ze verbesseren ass et wichteg, datt mir den ëffentleche Raum esou gestalten, datt d’Mënschen sech do wuel fillen an sech gären do ophalen. Dofir setze mer eis an, dass:

  • méi Spillplazen a méi modern Gemeinschaftsplaze (fir all Generatiounen an och fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit) an eisen 3 Dierfer geschaf ginn,
  • Gemeinschaftsgäert a Muppewisen amenagéiert ginn,
  • de Commerce de proximité (z. B. Epicerie, Epicerie op Rieder, Café, Popup-Store, asw.) an eiser Gemeng gefërdert an ausgebaut gëtt,
  • erëm eng Kiermes an eiser Gemeng organiséiert gëtt,
  • e lokale Floumaart mat eise Veräiner an Awunner zesummen an d‘Liewe geruff gëtt,
  • e Maart mat lokalen a saisonale Produiten an der Gemeng organiséiert gëtt,
  • d‘Verkéiersinselen a Gemeinschaftsplaze propper gehalen a méi schéi gestalt ginn,
  • eist Bautereglement op de Leescht geholl gëtt a gemeinsam mat de Bierger iwwerschafft gëtt.

Mobilitéit

D’Lag vun der Fréisenger Gemeng no un der Grenz zu Frankräich huet ouni Zweiwel am leschte Joerzéngt fir eng däitlech Zounam vum Trafic gesuergt. Fir eng positiv Entwécklung am Beräich vun der Mobilitéit ze erreeche geet eng Berouegung vum Trafic net duer. Et muss vill méi an eng attraktiv a sécher „Mobilité douce“ investéiert an den ëffentlechen Transport weider ausgebaut ginn. Eng Reduktioun vun de lokalen Emissiounen kann z. B. duerch eng Fërderung vu der Elektromobilitéit erreecht ginn. Fir eis ass et dofir onëmgänglech, dass:

  • eng benotzerfrëndlech Vëlospist tëschent den 3 Uertschaften endlech Realitéit gëtt,
  • nei Elektrobornë fir d’Opluede vun Elektroautoe bei ëffentleche Gebaier a Plaze realiséiert ginn,
  • den Duerfkär zu Uespelt an Helleng verkéiersberouegt gëtt, z. B. duerch e „Shared Space“,
  • d‘Schoulstrooss an den Hoenerwee zu Helleng erneiert a verkéiersberouegt ugeluecht ginn, idealerweis als Zone de rencontre,
  • verkéiersberouegend Entréeën an eis Dierfer fir méi Sécherheet suergen,
  • de Fuerpark vun der Gemeng weider op Elektromobilitéit ëmgestallt gëtt an domat endlech den nationalen Ufuerderungen nokënnt,
  • de Service vum Frisibus mat Hëllef vun eisen Nopeschgemenge weider ausgebaut a verbessert gëtt (z. B. mat engem Online-Reservatiounssystem oder mat engem gratis Transport ë.a. fir Kanner a Jugendlecher),
  • Ustrengungen ënnerholl gi, fir méi eng benotzerfrëndlech Taktung vum ëffentlechen Transport, mat ënner anerem enger besserer Ubannung vun Helleng mat der Stad,
  • op all Arrêt e Bushaische mat enger elektronescher Informatiounsanzeig kënnt,
  • d’Sécherheet vun de Foussgänger garantéiert gëtt, z. B. duerch en Ausbau vun der Unzuel u Foussgängersträifen an duerch eng zäitgeméiss Beliichtung a Signaliséierung,
  • de Réckbau vun der N13 weider geet fir esou eis 3 Uertschaften erëm e flotten Duerfcharakter ze ginn, an dem Foussgänger a Vëlosfuerer méi – a virun allem ee méi séchere – Raum ze bidden
  • de Parking résidentiel iwwerduecht an e flächendeckend Konzept ausgeschafft gëtt, bei deem eis Matbierger Prioritéit beim ëffentleche Parkraum an der Gemeng kréien,
  • de P&R Parking zu Fréiseng vergréissert gëtt.

Nohaltegkeet

Eng nohalteg Liewensweis wéi och Natur- an Ëmweltschutz gewannen an eisem Alldag ëmmer méi u Bedeitung. Och dës Aspekter sinn eis wichteg, dofir gesi mir fir, dass:

  • de Klimapakt an den Naturpakt endlech konsequent an zilorientéiert ëmgesat ginn,
  • en „Ëmweltpräis“ agefouert gëtt, fir d’Awunner an d’Veräiner, déi eppes Besonnesches fir eis Ëmwelt geleescht hunn, ze belounen,
  • Kreeslafwirtschaft bei neien Infrastrukturprojeten eng prioritär Roll spille soll an de Ressourcëverbrauch reduzéiert gëtt,
  • d’Gemeng de Veräiner hëlleft, fir de Label „Green events“ fir hir Manifestatiounen ze erreechen an doduerch méi klimaneutral ze ginn.

Offallvermeidung a Recycling

Reduce, reuse, recycle! Offallvermeidung, Kreeslafwirtschaft an zum Schluss soll de Recycling stoen. Dëst muss de Motto ginn vun der Gemeng am Beräich Offall. Dofir sti mir fir:

  • den Ëmbau vum Recyclingcenter zu Helleng an e Ressourcen-Center,
  • eng Analys vun den Ëffnungszäite vum Recyclingcenter fir se gegeebenefalls un déi aktuell Besoine vun der Populatioun unzepassen,
  • d’Aféierung vun engem Second-Hand-Eck a vun der SuperDrecksKëscht am Recyclingcenter,
  • d’Lancéiere vun engem Repair-Café, fir d‘Leit zum Theema Nohaltegkeet ze sensibiliséieren,
  • d’Realiséierung vun enger Sensibiliséierungscampagne iwwert „Offallvermeidung, Recycling an Upcycling“.

Energie

Eis Gesellschaft gëtt ëmmer méi mat de Folge vum Klimawandel an der Energiekris konfrontéiert. D’CSV Fréiseng steet fir e responsabelen Ëmgang mat der Energie an de Ressourcen esouwéi den Ausbau vun erneierbaren Energien. Dofir setze mir eis a fir:

  • erneierbar Energien als zentrale Facteur bei all neie Projet an der Gemeng,
  • eng ambitiéis energeetesch Sanéierung vun de bestoende Gemengegebaier, wei z. B. der Hal zu Helleng an zu Uespelt oder nach der bestoender Schoul zu Fréiseng.
  • d’Installatioun vu Photovoltaik-Anlage op sämtleche Gemengeninfrastrukturen, mat enger Biergerbedeelegung do wou et Sënn mécht,
  • eng Analys vum Potential an der Realiséierbarkeet vu Wandmillen an eiser Gemeng,
  • eng konsequent Ëmsetzung vun den Energiespuermoossname fir der Energiekris entgéint ze wierken a Suen ze spueren (z. B. andeems ëffentlech Gebaier an der Nuecht net méi beliicht ginn),
  • eng zäitno Ëmstellung vun der kompletter Stroossebeliichtung op LED an d’Aféierung vun intelligente Beliichtungssystemer,
  • d’Upassung vun de Gemengesubsidë fir Privatpersounen an de Beräicher energeetesch Sanéierung, erneierbar Energien, Mobilitéit, Vëloen, Haushalts-Apparater an Elektrobornen.

Gemengeservicer

Eisen Alldag gëtt ëmmer méi stresseg, dofir wëlle mer – do wou et méiglech ass – déi administrativ Prozedure vereinfachen, fir dass de Bierger méi Zäit fir déi wichteg Momenter huet. Dofir gesi mir vir:

  • souwuel fir den eenzele Bierger wéi och fir d’Veräiner sou vill wéi méiglech Demarchen an Demanden un d’Gemeng an digitaler Form méiglech ze maachen (z. B. Demandë vu Subsiden, Autorisatiounen oder Reservatioune vun de Säll),
  • den Internet-Site www.frisange.lu an déi mobil App ze iwwerschaffen, mat enger méi iwwersiichtlecher a vereinfachter Gestaltung, wou een dat, wat ee sicht, méiglechst séier fënnt,
  • déi kommunal Administratioun personell, materiell an organisatoresch sou opstellen, datt de Bierger kann op kompetent a reaktiv Servicer vertrauen.

Sécherheet

D’Sécherheet ass ganz kloer en Theema wat d’Leit an de leschte Joren ëmmer méi beschäftegt. Hei ass virun allem d’Landespolitik gefrot, mee och op Gemengenniveau kann een do matwierken. Fir eis ass et dofir wichteg, dass:

  • de CGDIS optimal vun der Gemeng ënnerstëtzt an déi national Virgab fir en zentrale „Centre d’intervention“ zesumme mat den Nopeschgemengen ëmgesat gëtt,
  • den Austausch mat de Responsabele vun der Police intensivéiert gëtt, fir dass méi Patrullen an eiser Gemeng gefuer ginn,
  • sensibel Plazen optimal beliicht a Video-iwwerwaacht ginn,
  • Efforten ënnerholl gi fir e Centre médical respektiv e Gesondheetshaus an eiser Gemeng ze realiséieren,
  • am Hibléck op déi ëmmer méi heefeg Periode vun Hëtzt e lokale „Plan canicule“ preparéiert gëtt.

Economie a Finanzen

Gesond Finanze waren ëmmer schonns d‘Basis, déi et engem erméiglecht, de Bierger déi néideg Déngschtleeschtungen unzebidden an d‘Liewensqualitéit ze verbesseren. Mir als CSV setzen eis dofir an, dass

  • d‘Verschëldung vun der Gemeng op engem vertrietbare Niveau bleift, sou dass ee Spillraum huet fir kuerzfristeg oder urgent Depensë kënnen ze stemmen,
  • souwuel déi ordinär Recettë gestäerkt a méi breet opgestallt ginn, wéi och déi ordinär Depensen „en bon père de famille“ geréiert ginn,
  • d‘Iddi vun enger „Zone d‘activité économique et commerciale“ weider verfollegt gëtt fir z. B. Co-working-Spaces ze schafen,
  • déi interkommunal Zesummenaarbecht bei Infrastrukturen, mee och bei techneschem Material (z. B. Maschinnen, Gefierer, asw.), weider ausgebaut gëtt,
  • de kommunalen Energieverbrauch konsequent reduzéiert gëtt,
  • Outsourcing do gemaach gëtt wou et sënnvoll ass a wierklech Käschte reduzéiert,
  • all Joer am Budget e feste Montant ageplangt gëtt fir de Kaf vun Terrainen an eiser Gemeng.

Kandidaten

Walprogramm

Prioritéiten