Skip to content

Eis Kandidate fir d’Gemengewalen

Barthel Jacques

65 Joer, Pensionéiert, Helleng

Member vun der Finanzkommissioun Fréiseng

Tresorier vum Lions Club Mameranus (LCM)

President vun der Sozialkommissioun vum LCM

Éiere-Member vun der LFMA (Luxembourg Financial Markets Association)

  • Ech setze mech a fir:
    eng gesond an kreativ
    Finanzpolitik
  • eng ugepassten Infrastruktur – a – Mobilitéitspolitik
  • Digitaliséierungsinitiativen fir all Generatioun

Courtois Claude

49 Joer, Gemengerot, Informatiker am Finanzministère, Fréiseng

Member vum Gemengerot Fréiseng

Member vun der Chancëgläichheetskommissioun

Sekretär vun der CSV Sektioun Fréiseng

Comitésmember vun der APEF (Elterevereenegung Fréiseng)

  • Ech setze mech a fir:
    eng biergerno Politik mat de Bierger zesummen
  • eng besser Liewensqualitéit an eiser Gemeng
  • eng dynamesch an digitaliséiert Verwaltung

Hoffmann Georges

39 Joer, Gemengerot, Schoulmeeschter, Uespelt

Member vum Gemengerot

Member vun der Bauten- a Schoulkommissioun

President CSV Sektioun Fréiseng

Member vum CSV Nationalrot

Member vum CSV Südbezierkscomité

  • Ech setze mech a fir:
    eng gerecht Jugend – a Schoulpolitik
  • d’ Wichtegkeet vum Sport op Gemengeniveau ze fërderen
  • d’Kultur an d’Geschicht an eiser Gemeng ze promouvéieren

Jacoby Marc

46 Joer, Gemengerot, Ingénieur / Ëmweltberoder, Fréiseng

Member vum Gemengerot Fréiseng

Chef vum Service Écologique vun der Gemeng Käl/Téiteng

Member vum Klimateam

Member vun der Ëmweltkommissioun Fréiseng

Ech setze mech a fir:

  • Nohaltegkeet, Ëmweltthemen an Naturschutz
  • Logement a Mobilitéit
  • Energiespueren a Gemengeinfrastrukturen

 

Kalmes ép. Thinnes Karin

62 Joer, Pensionéiert, Fréiseng

Fréier administrativ Persoun bei engem Veterinär

Matarbechterin op der Réiser Gemeng

Ech setze mech a fir:

  • eng gerecht an sozial Jugendpolitik
  • eng ugepassten Verkéierspolitik
  • eng interessant an ofwiesslungsräich Fräizäit Offer fir d’Awunner

Krier Géraldine

43 Joer, Léierin, Fréiseng

Sekretär vum Schëfflenger Schoulcomité

Member an verschiddenen Aarbechtsgruppen an der Schoul

Member vum Projet “Sécher Schoul”

Ech setze mech a fir:

  • eng sécher a gerecht Schoul
  • Chancëgläichheet fir jiddereen
  • interessant kulturell Aktivitéiten fir all Generatioun

Meyer Luc

42 Joer, Professeur-Ingénieur an der Elektrotechnik, Helleng

Member an der Sportskommissioun

President vum Dëschtennis Helleng

Ech setze mech a fir:

  • Verbesserung vum ëffentlechen Transport a Reduzéierung vum Trafic
  • eng zukunftssécher Energie
  • eng ugepassten Infrastruktur un d’Duerf- a Veräinsliewen

Meyer Karin

61 Joer, Attachée à la direction a Conseillère Hotelschoul Dikrech, Uespelt

Conseil d‘Administration Femmes en Détresse

Conseil d‘Administration Arcus

Conseil d’Administration Fondatioun Fir ons Kanner

Trésorière vun der CSV Stad

Ech setze mech a fir:

  • méi Fraen och an der Gemengepolitik
  • gutt Versuergungsstrukturen fir d’Kanner nieft der Schoulzäit
  • eng liewenswäert Gemeng

Pescarolo Othello

65 Joer, Pensionéiert, Uespelt

Tresorier CSV Sektioun Fréiseng

Member an der Sportskommissioun Fréiseng

Member an der Kommissioun 3 ème Ages Fréiseng

Ech setze mech a fir:

  • d’Sportsvereiner an der Gemeng
  • en sozialt Emfeld an betreites Wunnen
  • e Fleegeheem an eng Wunngemeinschaft mat al a jonk

Schuman ép. Degrott Pascale

63 Joer, Onofhängeg Formatrice, Fréiseng

Kommiteesmember CSV Sektioun Fréiseng

Generalsekretär vun InterFormation

Vizepräsidentin vun VC L’Endurance Leudelange

Ech setze mech a fir:

  • d’Bierger méi an d’Geschéien vun der Gemeng anzebannen
  • kreativ Initiativen fir d’Soziaalt – a- Veräinsliewen
  • eng gerecht an aktiv Integratiounspolitik

Weimerskirch Michel

39 Joer, Web-Entwéckler, Digitaliséierungs-Expert, Uespelt

Grënner vu Spellchecker.lu

Member vun der Jugendkommissioun vun der Gemeng

Ech setze mech a fir:

  • méi familljefrëndlech Infrastrukturen an anere Offeren an der Gemeng
  • eng attraktiv douce Mobilitéit an a ronderëm d’Dierfer
  • den Ausbau vun den digitale Servicer vun der Gemeng

Kandidaten

Walprogramm

Prioritéiten