Skip to content

(Kaum) Kultur am Uespelter Schlass

Iwwer 10 Milliounen € huet d’Renovatioun vum Uespelter Schlass mat sengen Annexë bis elo kascht. Dat ass vill Geld, mee den exzeptionelle Site soll erhalen an och genotzt ginn.

Dowéinst huet d’CSV dës Ausgabe bis elo och mat gestëmmt. Mee wat d’Notzung ugeet, do leeft am Moment net vill zesummen. Nodeems d’Iddi vum viregte Schäfferot fir d’Gemengenadministratioun op dëser Plaz ënnerzebréngen, vum aktuelle Schäfferot fale gelooss gi war, soll de Site elo zwar virun allem fir kulturell Zwecker genotzt ginn. Mee bis elo steet en déi meeschten Zäit eidel.

D’CSV hat am Gemengerot proposéiert fir e Kulturbeoptraagten ze engagéieren, dee sollt, zesumme mat de Veräiner an der Kulturkommissioun, e kulturelle Programm ausschaffen, sou dass de Site géif de Gros vun der Zäit genotzt ginn. Dës Propose ass vum aktuelle Schäfferot awer net zeréck behale ginn.

Beitrag deelen