Aus dem Gemengerot

Motioun vun der CSV fir d’Ausschaffe vun engem Programm fir d’Erweiderung respektiv d’Erneierung vun de Gemeinschaftsplazen an eiser Gemeng vun der Är Equipe-DP Majoritéit refuséiert

Am Gemengerot vum 27. Oktober hat d’CSV eng Motioun eragereecht, fir d’Offer u Gemeinschaftsplazen an eiser Gemeng ze verbesseren. Dorënner falen ënner anerem och eis Spillplazen. Eis Propose war fir, zesumme mat den Awunner, eng Analyse vun de bestoende Plazen an de spezifesche Besoinen an de verschiddene Quartiere vun eisen Dierfer ze maachen an e Programm fir déi nächst Joren auszeschaffen, fir nei Plazen ze ...

Weider liesen

Georges Hoffmann ersetzt Claude Arend am Gemengerot

Nodeems de Claude Arend säi Mandat als Gemengerot opginn huet well hien aus der CSV ausgetrueden ass, huet d’CSV Sektioun Fréiseng de Georges Hoffmann vun Uespelt als Nächstgewieltene bestëmmt fir d’Mandat ze iwwerhuelen. De Georges gouf dowéinst elo an der Sitzung vum 27. Januar 2021 als neie Gemengerot vereedegt. De Comité vun der CSV Sektioun Fréiseng seet dem Claude Arend villmools Merci fir säin Engagement ...

Weider liesen

Eise Buergermeeschter a säi bedenklecht Verständnis vun Demokratie

„… déi di de Budget ënnerstëtzt hunn, déi schaffen drun, an déi en net ënnerstëtzt hunn, mussen dann hei och net mat diskutéieren …“, sou de Buergermeeschter seng lakonesch Ausso am Gemengerot vum 6. Januar 2021 op eng Motioun vun der LSAP fir en Aarbechtsgrupp fir d’Erweiderung vun der Schoul a Maison Relais ze grënnen, an dem ënner anerem och all Fraktioun aus dem Gemengerot sollt vertruede ...

Weider liesen

Firwat d’CSV d’Renovatioun vum Hellenger Waassertuerm net matgestëmmt huet

Nee, CSV ass net géint d’Renovéierung vum Hellenger Waassertuerm. Natierlech gëtt et bei eis net nëmmen eng Meenung. Fir déi eng ass et e “Stéck Bëton”, fir anerer steet de Waassertuerm als Erkennungszeeche vun Helleng. An der CSV ass et also wéi bei de Leit. Wéi mer déi 2017 ëm hir Meenung gefrot hunn, war och do keng kloer Tendenz ze erkennen. Dofir hu sech eis Vertrieder am Gemengerot ...

Weider liesen

Claude Courtois réckelt fir d’Michèle Hansen-Houllard am Gemengerot no

Nodeems d’Michèle Hansen-Houllard aus perséinleche Grënn leider huet missten hirt Mandat als Gemengerot opginn an de Fränk Zeimes vun Helleng, Nächstgewieltenen op der CSV-Lëscht vun de leschte Gemengewalen, säi Mandat aus beruffleche Grënn net konnt unhuelen, huet d’CSV Sektioun Fréiseng de Claude Courtois vu Fréiseng als Nächstgewieltenen bestëmmt fir d’Mandat ze iwwerhuelen. De ...

Weider liesen

14 Grënn firwat d’CSV de Budget 2020 net mat gestëmmt huet

D’CSV huet géint de Budget 2020 gestëmmt: Well näischt am soziale Wunnengsbau geschitt; Well näischt wéinst dem ville Verkéier an eisen Uertschafte passéiert; Well et keen neie Scoutschalet gëtt; Well d’Maison Relais net misst aus Containere bestoe, mee scho laang en definitive Projet fir den Ausbau kéint do sinn; Well d’Mobilité douce an d’Vernetze vun eisen Dierfer mat Vëlosweeër keng Roll spillt; Well net ...

Weider liesen

Liichtverschmotzung, och eis Gemeng kann eppes dogéint ënnerhuelen!

Liichtverschmotzung, also déi negativ Auswierkunge vu Beliichtung op eis Ëmwelt, hëlt weider zou. Eng Étude, déi de Staat 2016 an Optrag ginn huet, weist kloer aus, dat och mir hei net verschount sinn. Aus dëser Étude ass am Juni 2018 e « Leitfaden für gutes Licht im Aussenraum » ginn, deen de Gemenge virgestallt gouf. Op 93 Säite ginn hei praktesch Beispiller gewisen, fir onnëtzt Liicht ze begrenzen, respektiv ...

Weider liesen

Stellungnam zum Budget 2018

Fannt hei ënnendrënner déi offiziell Stellungnam vun der CSV Sektioun Fréiseng, sou wéi se vun eisem Conseiller Claude Arend an der Sëtzung vum Gemengerot den 11. Januar 2011 virgedroe gouf: Här Buergermeeschter, Dir Damen an Häre vun der Majoritéit, Wéi ech virun 2 Wochen, no der Presentatioun vum Budget vun eiser Gemeng fir 2018, doheem déi vill Zuelen nach e mol Revue passéiere gelooss hunn, ass mer de ...

Weider liesen

Den neie Schäfferot – keng Récksiicht op gemengnëtzeg Aarbecht

Déi nei Majoritéit huet d’Sitzunge vum Gemengerot op dee leschte Mëttwoch am Mount um 17 Auer festgeluecht. Dëse fixen Datum gëtt och vun der CSV begréisst. Well ower eise Gemengerot Michèle Hansen-Houllard während der Schoulzäit all Mëttwoch tëschent 16 a 17 Auer eng LASEP-Grupp zu Fréiseng betreit, hate mer gefrot fir de Gemengerot richt um 17.15 Auer unzefänken, well d’Madamm Hansen-Houllard déi kleng ...

Weider liesen

Reaktioun vun der CSV Fréiseng op de Koalitiounsprogramm vun der neier Är Equipe-DP Majoritéit

Gemengerot 29. November 2017 Reaktioun CSV Sektioun Gemeng Fréiseng   Här Buergermeeschter, dir Hären aus dem Schäfferot, dir Damen an Hären, léif Kollegen aus dem Gemengerot, am Numm vun der CSV wëlle mer Iech vir d’aller éischt gratuléieren. Gratuléieren dat der, no fir iech 6 laange Joer an der Oppositioun, erëm de Wee zréck un d´Spëtz vun der Gemeng fonnt huet. Frou si mir bei der CSV selbstverständlech ...

Weider liesen